Laangzäitmodeller: Esou soll de Januar 2023 ausfalen

Am Dezember war d'Keelt nawell séier do. Dowéinst kucke mir mol wat d'Laangzäitmodeller am Januar op eis duerkomme gesinn.

Baséierend um europäeschen & amerikanesche Laangzäitmodeller

Mir kucken eis an dësem Artikel Laangzäitmodeller un. Dat heescht, dass et sech heibäi net ëmt eng Prognos handelt, mee ëmt eng Estimatioun. An awer hunn esou Berechnungen an der Vergaangenheet eng gutt Iddi doriwwer ginn, wéi et an de nächste Wochen a Méint virugoe kann. Een, deen gäre spekuléiert, fënnt also Gefalen un dëse Kaarten.

Januar 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Zu Lëtzebuerg läit déi duerchschnëttlech Temperatur an engem Januar bei 1,4 Grad, dobäi reent et 71,5 l/m² – baséierend op den Donnéeë vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. Mir vergläichen elo, wat d’Laangzäitkaarten an de nächste Wochen op eis duerkomme gesinn an huelen de Januar 2023 ënner d’Lupp.

Dem amerikanesche Laangzäitmodell CFS no soll de Januar nëmme minimal ze waarm ausfalen, dat mat grad emol ëm 0,5 Grad. Zur selwechter Zäit ass mat normal ville Nidderschléi bis hin zu engem geréngen Iwwerschoss ze rechnen. Am Verglach zu verschiddene Méint virdrun, wou richteg markant Anomalie berechent goufe, gesäit de Januar also guer net mol esou aussergewéinlech aus.

Wat soen déi europäesch Berechnungen? Wat d’Temperature betrëfft ginn och dës an d’Richtung vun engem minimal ze mëlle Januar 2023, et gëtt eng positiv Anomalie vu grad emol 0,25 bis 0,5 Grad berechent. En ass sech also eenz mam amerikanesche Laangzäitmodell. Nidderschlagstechnesch ass e mat normale Wäerter bis hin zu engem gerénge, kaum spierbaren Defizit ënnerwee. Ëm -10 l/m² sollen Enn Januar feelen, wat och net weider dramatesch ass.

D’Opdeelung

Wann een d’Berechnunge vum europäesche Modell auserneepléckt ass d’Iddi wuel déi, dass virun allem déi éischt Hallschent vum Mount ze waarm ausfale kann. Déi “gréisst” Anomalie gëtt an der zweeter Woch berechent, dat mat groussflächegen +0,5°C iwwert dem europäesche Kontinent. Reen-méisseg ginn et keng Opfällegkeeten, de Modell weist neutral Wäerter. An der drëtter Woch ginn d’Temperaturen op de normale Beräich zréck, fir dann an der leschter Januarwoch ënnert den Duerchschnëtt ze falen. Et soll 0,5 bis 1 Grad ënnert den Duerchschnëtt goen, de Reen ass weiderhi normal ënnerwee.

De Fazit

Aus momentaner Siicht gesinn soll eis e méi oder manner normale Januar 2023 an d’Haus stoen. Et si keng gréisser alarméierend Anomalien ze gesinn. Wat e Wanter mat (guddem) Schnéi betrëfft sinn d’Chancen also nach laang net vum Wand ewechgeblosen.