Laangzäitmodeller: Esou soll de Mäerz 2024 ausfalen

E Bléck op d’Laangzäitmodeller verréit, dass den éischte meteorologesche Fréijoersmount iwwer keng all ze grouss Anomalie sollten optrieden – dat esouwuel fir d’Temperaturen esouwéi awer och fir de Reen.

Advertisement

De Mount kéint bal duerchschnëttlech ausfalen

An dësem Artikel bezéie mir eis op déi momentan Berechnunge vun de Laangzäitmodeller. Natierlech sinn dës just als Iddi oder Estimatioun opzefaassen – an awer déngen se ëmmer als e klengen Trendweiser.

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Ier mir eis déi eenzel Berechnungen ukucken, geheie mir mol kuerz e Bléck op déi duerchschnëttlech Wäerter fir e Mount Mäerz – bezunn op d’Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. D’Duerchschnëttstemperatur läit bei 5,7 Grad, iwwerdeems et genee 57 l/m² reent.

Der Berechnung vum amerikanesche Laangzäitmodell CFS no soll de Mount ëm 0,5 Grad ze mëll ausfalen, iwwerdeems et tëscht duerchschnëttlechen 0,2 a 0,4 l/m² manner den Dag soll reenen – dat wieren also 6,2 bis 12,4 l/m² op de Mount gekuckt.

Den europäesche Laangzäitmodell rechent, genee wéi den amerikaneschen, och erëm mat enger Anomalie vu 0,5 Grad. Wat de Nidderschlag betrëfft, soll de Mount tatsächlech duerchschnëttlech ausfalen – mir kéimen also ongeféier bei de 57 l/m² eraus, déi mir virdru genannt hunn.

De Fazit

Dem aktuelle Stand no gesäit et no engem méi oder manner normale Mäerz aus. Wann een d’Berechnunge nach e bësse méi auserneenhëlt, da gesäit een och, dass haaptsächlech den Ufank vum Mount den iwwerduerchschnëttlechen Deel soll sinn – a Richtung Enn Mäerz gi nämlech och temperaturméisseg keng gréisser Anomalie berechent.