Laangzäitmodeller: Esou soll de Rescht vum Februar 2023 ginn

Deemno wéi kéint et dat mam Schnéi gewiescht sinn, sollte sech dës Berechnungen duerchsetzen.

Advertisement

Baséierend um europäeschen & amerikanesche Laangzäitmodeller

Mir kucken eis an dësem Artikel Laangzäitmodeller un. Dat heescht, dass et sech heibäi net ëmt eng Prognos handelt, mee ëmt eng Estimatioun. An awer hunn esou Berechnungen an der Vergaangenheet eng gutt Iddi doriwwer ginn, wéi et an de nächste Wochen a Méint virugoe kann. Een, deen gäre spekuléiert, fënnt also Gefalen un dëse Kaarten.

Februar 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS / ECMWF

Déi duerchschnëttlech Temperatur an engem Februar läit zu Lëtzebuerg (fir genee ze sinn beim staatleche Wiederdéngscht um Findel) bei 2,2 Grad, dat baséierend op der Referenzperiod vu 1991-2020. Wat de Reen betrëfft si mir mat 59,5 l/m² Reen ënnerwee. Wat déi zwee Parameter ugeet gesinn d’Modeller fir de Rescht vun dësem Mount awer gréisser Anomalien op eis duerkommen.

Den amerikanesche Laangzäitmodell CFS ass der Meenung, dass de Februar 2023 am grousse Ganzen 2 Grad ze waarm ausfale soll, wat also dann eng ongeféier Moyenne vu 4,2 Grad bedeite géif. Wat de Reen betrëfft gëtt virun allem fir de Südweste vun Europa en immens groussen Defizit simuléiert, deelweis sollen do ënnen bis zu 80 l/m² manner wéi soss vum Himmel kommen. A Richtung Lëtzebuerg si mir zwar net grad esou dramatesch ënnerwee, an awer kéint mat engem duerchschnëttleche Minus vu gutt 1 l/m² den Dag am Endeffekt gutt eppes feelen.

Den europäesche Laangzäitmodell weist sech net ganz vill anescht. Och dësem no soll de Februar 2023 am Endeffekt 2 Grad ze waarm ausfalen, iwwerdeems e Reendefizit vun tëscht -30 a -45 l/m² optriede soll. Verrechent een dat mat der Berechnung vum amerikaneschen CFS, da kënnt een méi oder manner op de selwechte Nenner.

Opdeelung iwwert de Mount

Wa mir erausfanne wëllen, wéini am Laf vum Mount déi gréisst Anomalien optrieden, da kënne mir dës Berechnungen och e bëssen auserneeplécken. A Saachen Temperatur a Nidderschlag sollen déi gréisst Negativanomalien an Zäit vun den éischten zwou Wochen optrieden. An der zweeter Hallschent vum Mount wier et mat tëscht +0,5 bis +1 Grad zwar ëmmer nach liicht ze mëll, mee däitlech manner markant wéi virdrun. Vum 13. Februar un gëtt dann och erëm mat normale Nidderschlagswäerter bis Enn Februar gerechent.

D’Vermuddung läit natierlech no, dass sech d’Héichdrockgebitt, wat sech de Moment iwwer Europa breetmécht, de Modeller no iwwert eng méi laang Zäit hale kann. Dat géif nämlech den immens grousse Reendefizit am Südwesten & déi iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen erkläeren.

De Fazit

Déi momentan Siicht seet, dass de Februar wuel en ze dréchenen an och ze mëlle Mount gëtt. Natierlech sinn am Wee a Richtung Mäerz nach Ännerunge méiglech, mee dat wiere mol déi Zenarien, op déi mir eis der momentaner Welt vun de Laangzäitmodeller astelle mussen.