Laangzäitmodeller: Esou soll den Abrëll 2024 ausfalen

Net méi laang, dann ass de Mäerz schonn erëm ëm! Zäit also, e Bléck op eis Laangzäitmodeller ze geheien. Wéi kéint sech den Abrëll 2024 entwéckelen?

Advertisement

Undeitungen op en däitlech ze waarmen Abrëll

Fir de Mäerz waren d’Modeller der Meenung, dass haaptsächlech déi éischt Hallschent ze waarm soll ginn, ier et sech dann erëm normaliséiert. Dorënner hunn se méiglecherweis de markanten Temperaturréckgang ugedeit, deen sech jo elo vum Weekend un wäert iwwert eis breetmaachen. Vum Méinden u soll et dann a Richtung Abrëll erëm ëmmer méi mëll ginn. Dëst schéngt dann och bei déi nofolgend Zeilen ze passen.

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Wéi ëmmer kucke mir eis, ier mir an d’Zukunft kucken un, wat dann déi duerchschnëttlech Wäerter fir e Mount Abrëll zu Lëtzebuerg sinn. Un der Referenzstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel läit d’Temperaturmoyenne bei 9,6°C, iwwerdeems et 49,4 l/m² reent. Den Abrëll ass domat also, statistesch gesinn, den dréchenste Mount vum Joer. Ob dat och dëst Joer esou wäert sinn?

D’Berechnung vum amerikanesche Laangzäitmodell CFS gesäit op alle Fall en däitlech iwwerduerchschnëttlech waarmen Abrëll op eis duerkommen. Simuléiert gëtt eng positiv Anomalie vu gutt 1 Grad, iwwerdeems mir nidderschlagstechnesch bei de laangjärege Mëttelwäerter sollten erauskommen. Et wier also just d’Temperatur, déi alt erëm aus der Rei danzt.

Den europäesche Laangzäitmodell geet Hand an Hand mam CFS a gesäit och eng positiv Temperaturanomalie vu gutt 1 Grad op eis duerkommen, wat de Reen betrëfft schéngen och dësem Modell no normal Wäerter unzestoen.

De Fazit

D’Tendenz schéngt also eng ganz kloer ze sinn. Den Abrëll 2024 soll dëse Modellrechnunge no haaptsächlech erëm e Stéck ze mëll ausfalen, iwwerdeems et méi oder manner normal vill sollt reenen.

Als klenge Bonus kann een dann och betounen, dass déi héchst Temperaturanomalie viraussiichtlech schonn an der éischter Abrëllwoch soll optrieden. Duerno wiere mir laut europäeschem Modell an engem normale bis hin zu liicht iwwerduerchschnëttleche Beräich ënnerwee, dat mat enger Anomalie vu +0,5 Grad.