Laangzäitmodeller: Esou soll den Dezember 2023 ausfalen

Nodeems de November erëm en Tick ze waarm ausgefall ass, kucke mir eis elo un, wéi et elo fir de Rescht vum Dezember virugeet.

Advertisement

Advertisement

Baséierend op den europäeschen & amerikanesche Laangzäitmodeller

Mir kucken eis an dësem Artikel Laangzäitmodeller un. Dat heescht, dass et sech heibäi net ëmt eng Prognos handelt, mee ëmt eng Estimatioun. An awer hunn esou Berechnungen an der Vergaangenheet eng gutt Iddi doriwwer ginn, wéi et an de nächste Wochen a Méint virugoe kann. Een, deen gäre spekuléiert, fënnt also Gefalen un dëse Kaarten.

Dezember 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Zu Lëtzebuerg läit déi duerchschnëttlech Temperatur an engem Dezember bei 2,3 Grad, dobäi reent et 89,4 l/m² – baséierend op den Donnéeë vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. Mir vergläichen elo, wat d’Laangzäitkaarten an de nächste Wochen op eis duerkomme gesinn an huelen den Dezember 2023 ënner d’Lupp.

Dem amerikanesche Laangzäitmodell CFS no soll den Dezember ouni gréisser Temperaturanomlie iwwert d’Bühn goen. Zur selwechter Zäit ass a Saache Reen just mat engem geréngen Iwwerschoss ze rechnen.

Wat soen déi europäesch Berechnungen? Wat d’Temperature betrëfft sollen d’Temperaturen am Dezember 2023 ëm 1 bis 1,5 Grad ze héich ausfalen. Et gëtt also en däitlechen Ënnerscheed am Verglach mam amerikanesche Laangzäitmodell. Nidderschlagstechnesch sinn se awer änlech, ëm -10 l/m² sollen Enn Dezember ze vill erofkomm sinn, wat awer och net weider dramatesch wier.

D’Opdeelung

Wann een d’Berechnunge vum europäesche Modell auserneepléckt da mierke mir, dass mir fir de Rescht vun der momentaner Woch mol nach ënnert enger vun den Temperaturen hier ënnerduerchschnëttlecher Phas leien. Deels leien se am Duerchschnëtt 2 Grad ze niddereg. Vun der nächster Woch un, also dem Méinden, solle mir dësem Modell no bis den 31. Dezember normal Temperaturen ze erwaarden hunn.

Wat de Nidderschlag ugeet, gëtt vum selwechte Modell fir d’Woch vum 18. Dezember eng liicht Anomalie vu +5 Liter berechent, wat awer och net besonnesch signifikant ass.

De Fazit

Aus momentaner Siicht gesinn steet eis wuel warscheinlech e minimal ze waarmen Dezember bevir, iwwerdeems de Nidderschlag no un de Normalwäert soll kommen.

Och wann de Mount am Duerchschnëtt ze waarm ausfällt, heescht dat net, dass et eriwwer ass mam Wanter. Dotëscht kënne sech ëmmer erëm kuerz méi wanterlech Phasen etabléieren, déi fläit och Schnéi bréngen. Vum Muster hier ass et änlech wéi an de leschte Joren, esou den aktuelle Stand.