Kalendaresch esouwéi och meteorologesch si mir elo am Fréijoer ukomm. Wéi sech d’Wieder bis den 1. Juni duerchschnëttlech verhale soll, verréit eis de Bléck op d’Laangzäitmodeller.
Baséierend op den europäeschen & amerikanesche Laangzäitmodeller
Mir kucken eis an dësem Artikel Laangzäitmodeller un. Dat heescht, dass et sech heibäi net ëmt eng Prognos handelt, mee ëmt eng Estimatioun. An awer hunn esou Berechnungen an der Vergaangenheet eng gutt Iddi doriwwer ginn, wéi et an de nächste Wochen a Méint virugoe kann. Een, deen gäre spekuléiert, fënnt also Gefalen un dëse Kaarten.
Abrëll 2023
Am meteorologeschen Abrëll gëtt zu Lëtzebuerg eng Duerchschnëttstemperatur vu 9,6 Grad gemooss, dat baséierend op de Laangzäitdonnéeë vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. Wat de Reen betrëfft kommen an der Moyenne 49,4 l/m² Reen erof. Domat ass et statistesch gesinn den dréchenste Mount.
Den amerikanesche Laangzäitmodell CFS gesäit elo fir den Abrëll 2023 eng positiv Temperaturanomalie vu 0,5 Grad op eis duerkommen, et kéint also liicht ze waarm ginn. Reenméisseg gëtt mat kenger wierklech signifikanter Anomalie berechent, wat heescht, dass mir ongeféier beim Normalwäert sollen erauskommen.
Den europäesche Laangzäitmodell stëmmt dem amerikaneschen CFS zou a gesäit och eng Temperaturanomalie vu +0,5 Grad fir de Mount Abrëll. Beim Reen ass et d’selwecht, et soll méi oder manner beim normale Wäert erauskommen.
Mee 2023
Am Mee geet et séier erop mat eiser Duerchschnëttstemperatur. Um Findel gëtt baséierend op der Referenzperiod vu 1991-2020 eng Moyenne vum 13,5 Grad gemooss, woubäi et 73,3 l/m² reent.
Dem amerikanesche Laangzäitmodell CFS no ass mat enger positiver Temperaturanomalie vun tëscht +0,5 an +1 Grad ze rechnen. Nidderschlagsméisseg soll et minimal ze naass ginn, dat mat engem Iwwerschoss vun duerchschnëttlechen 0,2 l/m²/Dag.
Den europäesche Laangzäitmodell gesäit a Saachen Temperature kee gréisseren Ënnerscheed zum Abrëll. De Normalwäert soll ëm 0,5 Grad iwwertraff ginn, iwwerdeems de Reen dësem Modell no sech ëmmer nach méi oder manner un den Duerchschnëttswäert vu 73,3 l/m² hale soll. Et ass also den eenzegen Ënnerscheed, deen mir beim Verglach tëscht dem amerikaneschen an dem europäesche Modell bis elo an dësem Artikel gemierkt hunn.
De Fazit
Dem aktuelle Stand vun de Laangzäitmodeller no soll eis e liicht ze waarmt bis ze waarmt Fréijoer erwaarden, iwwerdeems de Reen méi oder manner bei sengem laangjäregen Duerchschnëttswäert soll bleiwen. D’Optioun op liicht ze naass steet awer och nach op. Sollte sech d’Aussiichte méi staark veränneren, da kënnt en Update zu dësem Artikel.