Laangzäitmodeller: Esou soll d’Fréijoer 2024 ginn!

An de leschte Méint louchen d’Laangzäitmodeller zimmlech gutt an hunn als gudden Indikator gedéngt. Elo kucke mir eis d’Fréijoer 2024 mol méi genee un.

Advertisement

Baséierend op den europäeschen & amerikanesche Laangzäitmodeller

Mir kucken eis an dësem Artikel Laangzäitmodeller un. Dat heescht, dass et sech heibäi net ëmt eng Prognos handelt, mee ëmt eng Estimatioun. An awer hunn esou Berechnungen an der Vergaangenheet eng gutt Iddi doriwwer ginn, wéi et an de nächste Wochen a Méint virugoe kann. Een, deen gäre spekuléiert, kënnt an dësem Artikel also op seng Käschten.

Mäerz 2024

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Am meteorologesche Mäerz gëtt zu Lëtzebuerg, baséierend op der Referenzstatioun um Findel, eng duerchschnëttlech Temperatur vu 5,7°C gemooss, iwwerdeems et 56,6 l/m² reent. Statistesch gesinn ass et domat also den zweetdréchenste Mount vum Joer.

Den amerikanesche Laangzäitmodeller CFS berechent, dass mir et dëse Mount mat enger positiver Temperaturanomalie vun tëscht 0,5 an 1°C ze di kréien – wat also heescht, dass eis Laangzäitmoyenne ëm dës Wäerter kann iwwertraff ginn. Den europäesche Laangzäitmodeller ass net vill ënnerschiddlech, dëse berechent eng +0,5°C fir eist Ländchen. Heescht also, dass de Mount zimmlech sécher erëm en ze mëlle gëtt.

Reenméisseg gesäit den amerikanesche CFS kommen, dass de Mount liicht ze dréchen ausfale kéint. Op den Dag gëtt en Defizit vu -0,2 l/m² berechent, wat op de Mount gekuckt bei 6,2 l/m² géif resultéieren – also nach net esou wëll. Dëst ënnersträicht och den europäesche Modell, wel dëse gesäit keng wierklech nennenswäert Anomalien op eis duerkommen.

Abrëll 2024

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Mir si beim meteorologeschen Abrëll ukomm, an dem eis Temperaturmoyenne op 9,6°C eropklëmmt. Vum Reen hier ass et mat 49,4 l/m² statistesch gesinn den dréchste Mount vum Joer.

Den amerikanesche Laangzäitmodell berechent fir d’Period vum Abrëll eng positiv Temperaturanomalie vu +0,5°C, där den europäesche Modell mat och +0,5°C zoustëmmt.

Wat de Reen betrëfft ass den amerikanesche Modell mat enger Anomalie vu quasi näischt bis hin zu +0,2 l/m² den Dag ënnerwee, wat op de Mount gekuckt also ëm +6 l/m² wieren. Och den europäesche Modell wëll net ausschléissen, dass den Abrëll ganz liicht ze naass kéint ginn, dat mat enger Anomalie vun ëm +10 l/m².

Mee 2024

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

An da komme mir schonn bei de leschten a wäermste Fréijoersmount, de Mee. An der Moyenne läit d’Temperatur un der Referenzstatioun um Findel bei 13,5°C, iwwerdeems et de Mount iwwer 73,3 l/m² reent.

Wann et dem amerikanesche Modell nogeet, kriite mir et mat enger positiver Temperaturanomalie vun tëscht +0,5 a +1°C ze dinn. Den europäesche Modell gesäit kommen, dass de Mount mat +0,5°C och erëm e liicht ze waarme soll ginn.

Keng gréisser Anomalie weise sech weiderhin a Saache Reen. Den amerikanesche Modell rechent mat neutrale Wäerter, genee wéi och den europäesche Modell. Dat heescht also, dass d’Laangzäitmodeller fir de Mee momentan der Meenung sinn, dass eis déi uewe genannt +/- 73,3 l/m² sollten erwaarden.

De Fazit

Dës Berechnunge wäerten an de nächste Woche nach e puer mol änneren. Mee wa mir vum momentane Stand ausginn, da gesäit et no engem quasi normal-naassem Fréijoer aus, iwwerdeems eis Temperaturen erëm am iwwerduerchschnëttleche Beräich wäerten ënnerwee sinn.

Wichteg ze verstoen ass, dass et och trotz enger duerchschnëttlech ze héijer Temperatur, déi op e ganze Mount bezunn ass, ëmmer nach kann zu méi killen Ofschnëtter kommen. Dat selwecht gëllt och fir de Reen. Et sinn also definitiv Moyenne mat deene mir eis beschäftegen – also méi mam Klima, wéi mam Wieder – wat sech just op de momentanen Zäitpunkt oder héchstens déi nächst puer Deeg bezitt.