Laangzäitmodeller: Februar 2022 kéint ze waarm, mee normal naass ausfalen

De Februar steet virun der Dier. Zäit, fir e spekulativt Aen op de neie meteorologesche Mount ze geheien.

An dësem Artikel ginn d’Laangzäitmodeller CFS (Climate Forecast System) an och den europäeschen ECMWF Seasonal Forecast System ausgewäert. D’Resultat ass net als Prognos ze interpretéieren, mee jeeweils als Estimatioun. Trotzdeem kënne se als Unhaltspunkt déngen, sou wéi et ëmmer erëm de Fall ass.

E puer Randnotizen

Bezunn op déi meteorologesch Referenzperiod vun 1991-2020, läit d’Duerchschnëttstemperatur vum Mount Februar um Findel bei 2,2 Grad an et reent an der Moyenne 59,5 l/m².

Vergläich: an der Referenzperiod vun tëscht 1981-2010 louch d’Duerchschnëttstemperatur nach bei 1,6 Grad an et huet an der Moyenne 62,5 l/m² gereent. Aktuell Tendenz also: däitlech méi waarm & och liicht manner naass.

CFS (Climate Forecast System)

Kaarten: NOAA

Fir de Februar rechent den amerikanesche Laangzäitmodell CFS mat enger positiver Temperaturanomalie. Dem aktuelle Stand no kéint de Mount tëscht 0,5 an 1 Grad ze waarm ausfalen. Wier dëst de Fall, da kéime mir mat der méintlecher Moyenne iergendwou bei tëscht 2,7 an 3,2 Grad un.

A Punkto Reen rechent den amerikanesche Modell mat normale Wäerter bis hin zu enger minimal positiver Anomalie vun +0,2 l/m²/Dag. Dëst géif dann am Endeffekt den 59,5 l/m² bis hin zu 65,1 l/m² entspriechen.

ECMF Seasonal Forecast System

Kaarten: EFFIS / ECMWF Seasonal Forecast System

Och den europäesche Laangzäitmodell gesäit een ze waarme Mount Februar 2022 op eis duerkommen. Gerechent gëtt mat enger positiver Anomalie vun tëscht 1,5 an 2 Grad. Dëst géifen am Endeffekt also 3,7 bis hin zu 4,2 Grad entspriechen, wat schonn net ouni wier – an op alle Fall däitlech méi markant wéi dat, wat vum CFS berechent gëtt.

Reenméisseg gläichen d’Berechnungen deene vum CFS. Et gëtt mat neutrale Quantitéite gerechent bis hin zu enger minimal negativer Anomalie vu punktuell mol -5 l/m² op de ganze Mount gekuckt, wat 54,5 l/m² entsprieche géif.

Fazit

Den allgemenge Fazit ass also deen, dass déi zwee Laangzäitmodeller en ze waarme Februar op eis duerkomme gesinn. Wat d’Nidderschléi betrëfft, solle mir an engem normale Beräich ukommen.