Laangzäitmodeller: Mäerz 2022 kéint ze waarm an ze dréchen ausfalen

No engem Februar 2022 deen ze waarm an ze naass ausgefall ass, geheie mir elo e Bléck op de Rescht vum Mäerz.

An dësem Artikel ginn d’Laangzäitmodeller CFS (Climate Forecast System) an och den europäeschen ECMWF Seasonal Forecast System ausgewäert. D’Resultat ass net als Prognos ze interpretéieren, mee jeeweils als Estimatioun. Trotzdeem kënne se als Unhaltspunkt déngen, sou wéi et ëmmer erëm de Fall ass.

E puer Randnotizen

An engem meteorologesche Mount Mäerz läit d’Duerchschnëttstemperatur bei 5,7 Grad, dat bezunn op d’Referenzperiod vun 1991 bis 2020. Duerch de Verglach mat der Referenzperiod vun 1981-2010, an där d’Duerchschnëttstemperatur nach bei 5,2 Grad louch, ass ze erkennen, dass en däitlechen Opwäertstrend amgaangen ass.

A Saache Nidderschléi zeechent sech en änlechen Trend of. Iwwerdeems et tëscht 1981 an 2010 nach duerchschnëttlech 69,1 l/m² an engem Mäerz gereent huet, sinn et an der der neier Period vun 1991 bis 2020 nach duerchschnëttlech 56,6 l/m² – e Minus also.

CFS (Climate Forecast System)

Kaarten: NOAA

Fir de Februar rechent den amerikanesche Laangzäitmodell CFS mat enger positiver Temperaturanomalie. Dem aktuelle Stand no kéint de Mount 1 Grad ze waarm ausfalen. Wier dëst de Fall, da kéime mir mat der méintlecher Moyenne iergendwou am Beräich vun de 6,7 Grad un.

A Punkto Reen rechent den amerikanesche Modell mat engem däitlechen Defizit. Bis zu -0,8 l/m²/Dag solle feelen, wat op de ganze Mount gekuckt e Minus vu 24,8 l/m² bedeite géif. Dat ofgerechent vun der Laangzäitmoyenne, da géife mir bei ronderëm 31,8 l/m² ukommen.

ECMF Seasonal Forecast System

Kaarten: EFFIS / ECMWF Seasonal Forecast System

Och den europäesche Laangzäitmodell gesäit een ze waarme Mount Mäerz 2022 op eis duerkommen. Gerechent gëtt mat enger positiver Anomalie vun tëscht 1,5 an 2 Grad. Dëst géifen am Endeffekt also 7,2 bis hin zu 7,7 Grad entspriechen, wat schonn net ouni wier – an op alle Fall däitlech méi markant wéi dat, wat vum CFS berechent gëtt.

Reenméisseg gi mir an déi selwecht Richtung wéi den CFS. Et gëtt mat ze nidderege Quantitéite gerechent, um Enn vum Mount kéinte bis zu 20 l/m² feelen – wat heescht, dass mir iergendwou bei 36,6 l/m² erauskomme kéinten.

Fazit

Déi zwee Modeller sinn der Meenung, dass de Mäerz 2022 en ze waarmen an och ze dréchene Mount kéint ginn. Den Haaptgrond fir de Nidderschlagsdefizit ass elo schonn ze mierken: de laang unhalenden Héichdrockafloss.