Laangzäitmodeller Update: Bléck op de Rescht vum Wanter

De meteorologesche Wanter ass elo geschwënn e Mount aal a war bis ewell en zimmlech variable Mount, ouni nohaltegt Wanterwieder. Wéi ka sech de Rescht vum Wanter entwécklen?

Virwuert

Mir haten den 13. Oktober 2021 eng éischt Kéier op spekulativer Basis op d’Wanterméint gekuckt, dat mat Basis op de Laangzäitmodell vun der NOAA, den CFS (Climate Forecast System). Dëse Modell rechent bis zu 6 Méint an d’Zukunft wat heescht, dass et sech natierlech ëm Spekulatiouns- a Schätzungswäerter handelt. Well dës Virgoensweis an de leschte Méint a Joren awer guer net esou falsch Resultater bruecht huet, kucke mir eis elo déi neist Kaarten un. Et ass also en Update vum leschten Artikel aus dem Oktober.

Well den Dezember als éischte Wantermount schonn duerch ass, bleiwen eis nach de Januar an de Februar. Den 1. Mäerz geet schonn d’meteorologescht Fréijoer un.

Januar 2022

Kaarten: NOAA

De Januar ass den zweete Wantermount an zu Lëtzebuerg och deen Zäitraum, an deem et am heefegsten zu wierklech wanterlechen Zenarie kënnt. Wat soen d’Anomaliekaarten dozou? Baséiert op der Referenzperiod vu 1991 bis 2020, läit d’Duerchschnëttstemperatur an engem Januar op der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht vum Findel bei 1,4 Grad. Dem Climate Forecast System (CFS) no soll eng geréng Temperaturanomalie vun tëscht 0,5 an 1 Grad optrieden. Dëst heescht, dass d’Duerchschnëttstemperatur zum Schluss vum Mount iergendwou bei tëscht 1,9 an 2,4 Grad erauskomme kéint.

Wat de Nidderschlag betrëfft kommen an engem normale Januar 71,5 l/m² erof. Wa mir op d’Anomalie-Kaarte kucke gesi mir, dass mir dem CFS-Modell no och net all ze wäit fort vun dësem Wäert lande sollten.

Februar 2022

Kaarten: NOAA

An da wiere mir schonn beim Februar ukomm, deen den aktuelle Kaarte no awer eng gréisser Anomalie kéint opzeweisen hunn. Schonn am Artikel vum Oktober hunn d’Kaarten änlech ausgesinn. D’Duerchschnëttstemperatur an engem Februar läit um Findel bei 2,2 Grad. Vum Laangzäitmodell simuléiert gëtt eng Anomalie vun tëscht 1 an 2 Grad. E weidere Mount also, deen e Stéck ze waarm ausfale kéint.

Och wat de Reen betrëfft leie mir um Rand u liicht ze nidderëge Wäerter. Sou sollen am Duerchschnëtt bis zu 0,4 l/m² den Dag feelen, wat op 28 Deeg berechent ongeféier 11,2 l/m² sinn. Amplaz 59,5 l/m², déi normalerweis an engem Februar erofkomme, kéinten et also nëmme ronderëm 48,3 l/m² ginn.

Iwwerduerchschnëttlech Temperaturen: Also kee Schnéi méi?

Natierlech héiert sech dat fir d’Wanterfrënn ënnert eis net besonnesch gutt un, wann ee vun ze héijen Temperaturen a roudelzeche Kaarte schwätzt. Et däerf een dobäi awer net vergiessen, dass et sech allkéiers just ëm Moyennen handelt. Dat bedeit, dass trotz engem potenziell ze waarme Mount dotëscht méi wanterlech Phasen antriede kënnen. An dëse kann et dann natierlech zu Schnéifäll a glate Stroosse kommen, mee méiglecherweis a warscheinlech net fir eng laang Zäit. Schnéi ass also ëmmer nach méiglech, mee nohaltege Wanter mat Schnéi iwwer Wochen ass schonn erëm eng däitlech méi schwéier Aufgab.

Bonus: D’Berechnunge vum europäesche Laangzäitmodell

Januar 2022

Kaarten: EFFIS / ECMWF Seasonal Forecast System

Fir d’Zenarien e bësse mateneen ze vergläiche, sinn hei als Bonus nach d’Donnéeë vum europäesche Laangzäitmodell. Anescht wéi den CFS rechent dëse Modell mat liicht ze nidderëgen Temperature fir de Januar. Et gëtt eng Anomalie vu -0,5 Grad berechent. Parellel dozou rechent en mat enger Nidderschlagsanomalie vu -10 l/m². Wann een dat elo direkt mam CFS vergläicht, da mierkt een nawell en Ënnerscheed, deen awer trotzdeem net all ze grouss ausfält.

Februar 2022

Kaarten: EFFIS / ECMWF Seasonal Forecast System

Fir de Februar passen d’Modeller schonn besser iwwerteneen. Iwwerdeems den CFS mat enger Anomalie vun tëscht +1 a +2 Grad rechent, ass den europäesche Modell mat +1 Grad dobäi. Den CFS rechent a Saache Reen mat engem liichten Defizit, deen een och an den europäesche Kaarten erëmfënnt – just e klengt Stéckche manner ausgepräägt.