Laangzäitmodeller: Update vum Wanterausbléck 2022/2023

An enger Woch ass de meteorologesche Wanterufank. An ier et esouwäit ass, geheie mir elo nach e leschte Bléck op déi neist Kaarten fir déi wanterlech Méint. Et huet sech verschiddenes geännert.

Virwuert

Wéi ëmmer heescht et, dass et sech bei Laangzäitberechnunge net ëm Wiederprognosen handelt. Et ass einfach eng Schätzung vun de Modeller, wéi d’Wieder fir den ausgesichten Zäitpunkt vum Duerchschnëtt hier ausfale kéint. Et geet drëm, en allgemengen Trend ausfanneg ze maachen.

Dësen Artikel ass d’Fortsetzung vum éischte Laangzäitbléck op de Wanter, deen mir de 4. Oktober schonn gemaach haten. Zanterdeems huet sech virun allem a Saachen Duerchschnëttstemperaturen eppes gedoen.

Dezember 2022

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Den éischten offizielle Wantermount Dezember weist sech bei eis mat enger duerchschnëttlecher Temperatur vun 2,3 Grad, iwwerdeems et 89,5 l/m² reent. Ëm wéi vill kéinten dës Normalwäerter ënner-, resp. iwwerbuede ginn?

Am leschten Update war vum amerikanesche Laangzäitmodell CFS eng Temperaturanomalie vu 0,5 – 1 Grad virausgesot ginn, vum Europäeschen 0,25 Grad. De neiste Kaarte no bleift eis beim amerikanesche Laangzäitmodell eng änlech Anomalie erhalen, déi vum europäesche Modell ass vu 0,25 op 0,50 °C geklommen.

Wat de Reen betrëfft ass den amerikaneschen CFS elo mat engem liichte Nidderschlagsdefizit ënnerwee, deen och vum europäesche Modell ënnerstëtzt gëtt. Bis ëm 10 l/m² manner Nidderschlag kënnen optrieden. Am Oktober hat den amerikanesche Laangzäitmodell nach eng liicht positiv Nidderschlagsanomalie an de Berechnungen, iwwerdeems den europäesche Modell schonn eng minimal negativ Anomalie ugedeit hat.

Januar 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Am Januar bedréit d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg 1,4 Grad, woubäi et an der Moyenne och 71,5 l/m² reent.

Am Oktober si fir de Januar 2023 nach normal Temperature gerechent ginn, dat vum amerikaneschen CFS esouwéi och vum europäesche Modell. Nidderschlagstechnesch war den amerikanesche Modell mat enger positiver Anomalie ënnerwee, iwwerdeems den europäesche Modell weiderhi normal Wäerter berechent hat.

An Tëschenzäit hunn déi zwee Modeller hir Berechnunge jeeweils eropgeschrauft. Dem amerikanesche Modell no soll eng liicht Anomalie vu +0,5 Grad optrieden, den europäesche Modell ass mat +0,25 Grad dobäi. Reenméisseg gesäit den amerikanesche Modell normal grouss Quantitéiten, iwwerdeems den europäesche Modell en Defizit vun ëm -10 l/m² gesäit.

Februar 2023

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Am leschte Wantermount, dem Februar, läit déi duerchschnëttlech Temperatur bei 2,2 Grad. Reenen deet et duerchschnëttlech 59,5 l/m².

D’Berechnungen aus dem Oktober hate fir den amerikaneschen esouwéi och den europäesche Modell eng minimal positiv Temperaturanomalie berechent. Wat d’Nidderschléi ugeet, war den amerikaneschen CFS mat normale Wäerter ënnerwee an den europäesche Modell mat engem minimalen Defizit vu -5 l/m².

Stand elo huet sech awer e bëssen eppes geännert. D’Berechnunge vum CFS erhéije sech vun enger minimaler positiver Temperaturanomalie op gutt 1 Grad iwwert dem Duerchschnëtt. Den europäesche Modell zitt mat an orientéiert sech bei ongeféier +0,5 Grad. Nidderschlagsméisseg ass den CFS mat enger positiver Temperaturanomalie ënnerwee, dogéint gesäit den europäesche Modell éischter duerchschnëttlech Nidderschlagswäerter op eis duerkommen.

Fazit

Zanter eisem leschten Update am Oktober huet sech folgendes gedoen:

De Mount Dezember gëtt méi waarm wéi deemools berechent, mat dobäi kënnt dass et manner reene soll. Och fir de Januar gesinn déi zwee Modeller, dass et tendenziell méi waarm a manner naass soll ginn.

Den eenzege Mount, deen eventuell e bësse méi naass wéi uersprénglech berechent kéint ginn, ass de Februar. Op den Temperaturtrend hätt dat awer keng grouss Auswierkung, well och de Februar méi waarm wéi nach am Oktober berechent gëtt.

Wat bedeit dat elo fir de Schnéi? Folgend Sätz heeschen elo net, dass guer keng wanterlech Phase mat Schnéi optriede wäerten. Et bedeit awer, dass et duerch déi elo nach méi héich & méi dréchen Aussiichte natierlech ka sinn, dass et am Allgemengen en ze dréchenen an ze waarme Wanter gëtt, wat fir laang schnéiräich Perioden keng besonnesch gutt Aussiichte sinn.

Mam Fazit vun der leschter Kéier verglach kann et also nach en Tick méi waarm ausfale wéi deemools geduecht. Wat de Nidderschlag betrëfft, kënne mir vun insgesamt normale Wäerter deemools elo mat engem gewëssen Defizit rechnen.