Laf vum Dag: Kalfront dréckt Donnerwiederrisk erëm liicht an d’Luucht

Fir haut steet eng Kalfrontpassage um Programm, mat klengem Extra: enger virlafender Konvergenzzon. Dohier sinn an der Groussregioun lokal Donnerwieder net ausgeschloss. Treffen deet et awer nach laang NET jiddereen.

Eng kniffleg Situatioun

Fir d’éischt mol: eng richteg Onwiederlag steet eis haut net un. Et gëtt just ee Beräich an eiser direkter Noperschaft, an deem et punktuell net kann ausgeschloss ginn, dass duerch lokale Staarkreen, Knëppelsteng an och mol stiermesch Wandstéiss duerch Donnerwieder muss mat Wiederwarnungen hantéiert ginn. Dëse Beräich erstreckt sech engersäits bis an de Norde vu Nordrhein-Westfalen eran an anerersäits bis an den déiwe Nordoste vu Frankräich.

Lëtzebuerg läit op der Kipp: entweder et forméiere sech am Laf vum Dag e puer eenzel Schauer- an Donnerwiederzelle quasi iwwert eise Käpp, oder et geschitt eréischt wann d’Fronte schonn méi wäit a Richtung Oste gezu sinn, also iwwer Däitschland. TIMING ass haut also e ganz grousst Stéchwuert – e Stéchwuert, wat driwwer entscheed, ob mir et just mat engem normale Kalfrontduerchgang ze di kréien oder awer mat eppes méi turbulentem.

Do, wou eppes méi Turbulentes optriede kann, ass méiglech: Staarkreen mat 15 bis 30 l/m² a kuerzer Zäit, schwéier Stuermstéiss bis 100 km/h a Knëppelsteng bis 2 cm am Duerchmiesser, deemno wéi och mol 3 cm. Dat mat de Knëppelsteng ass esouguer éischter a Richtung Nordostfrankräich méi warscheinlech, well do Phänomener wéi Superzelle generell duerch d’Iwwerlappung vu Scherung, Fiichtegkeet & CAPE besser ass.

Heescht? Et gëtt eng gréisstendeels NET WARNRELEVANT Situatioun. Nëmme PUNKTUELL wäerte Warnunge néideg sinn. Ob dat zu Lëtzebuerg ass, léisst sech einfach net richteg soen – mir si leider zimmlech kleng a leien zousätzlech genee um Rand vun der Geschicht, wat et net besser mécht.