Leit melle Meteor iwwer Lëtzebuerger Oweshimmel

Um Donnëschdenowend koum et wuel zu engem rare Phänomen um Lëtzebuerger Himmel.

Meteor um Lëtzebuerger Oweshimmel wahrscheinlech

Um Donnëschdenowend kuerz no 19:20 Auer gouf direkt e puer mol en Objet um Himmel eragemellt, deen eng séier Vitesse drophaat an uschléissend an zwee Stécker zersprong ass. Dëst schéngt wäit uewen an der Atmosphär stattfonnt ze hunn, soss hätt een och nach eng Explosioun héieren.

Et ass wahrscheinlech, dass et sëch bei dësem Phänomen emt e Meteor gehandelt huet. E Meteor ass en Objet aus dem Weltall, deen an d’Ärdatmosphär antrëtt, mee de Buedem net ereecht. Sollten Iwwerrechter dovunner de Buedem ereecht hunn, da géif ee vun engem Meteorit schwätzen. Duerch déi souwisou scho nëmme kleng Gréisst an och d’Héicht sollt awer näischt méi dovunner iwwrëg bliwwe sinn, soudass de Fall vun engem Meteorit als onwahrscheinlech anzestufen ass.

All Dag kënnt et zu souenge Siichtungen, ganz rar si se awer iwwert engem spezifësche Gebitt, wéi am Fall vun haut Lëtzebuerg. Dëst dierft een och an eise Nopëschlänner gesinn hunn.

Op de Fotoen hei ënnendrënner ass ze gesinn, wou den Objet an d’Atmosphär agedrongen ass. Den Observateure no soll sech d’Kondenssträif séier ausgebreet hunn vir no enger Zäitche rem ze verschwannen. Den Objet soll sech an zwee Stécker gespléckt hunn. D’Fotoe goufen iwwert dem Belval opgeholl.