Stäreschnäizen: De Weekend reent et Leoniden

Wéi all Joer am November ass de Moment rem de Meteorstroum vun de Leoniden aktiv. Dëse Weekend gëtt de Maximum erwaart.

Bis zu 10 Stäreschnäizen an der Stonn

D’Leonide sinn all November aktiv, méi genau gesoot tëschent dem 6ten an dem 30ten. Dëst Joer rechnen d’Experten awer mat enger manner héiger Aktivitéit wéi an de leschte Joeren.

D’Leonide schéngen aus dem Stärebild Léiw (Leo) ze kommen, dohier och hiere Numm. Wéi bei all Meteorstroum, duerchflitt d’Ärd de Schweif oder d’Stëbswolléck vun engem Koméit – an dësem Fall dem 55P/Tempel-Tuttle. Daat waat als Stäreschnäiz siichtbar gëtt ass also soss näischt, wéi Partiklen aus dëser Stëbswolléck. Daat besonnëgt bei de Leoniden: Se zielen zu de séierste Stäreschnäizen, déi een op der Ärd kucke kann. Mat bis zu 70 Kilometer an der Sekonn huschen se iwwert de Nuechthimmel.

De Maximum ass, wéi scho kuerz ugemierkt, dëse Weekend vum Samsden op de Sonndën ze erwaarden. Am beschte si se no Mëtternuecht ze gesinn, well d’Stärebild vum Léiw réicht dann iwwert dem Horizont opgeet. No Mëtternuecht geet de Mound ënner, soudass d’Liicht vun dësem net un der Observatioun vun de Leonide stéiere wärt. De gënschtëgsten Zäitpunkt vir se ze kucken ass kuerz viru Sonnenopgang um Sonndëmoien.

Wéi gëtt d’Wieder?

Waat d’Observatiouns-Konditioune vir dëst Joer ugeet, gesäit et souguer zimmlech gutt aus. An der Nuecht op de Sonndë sollt et de Modeller no op den allermeechte Plaatzen zu Lëtzebuerg kloer sinn. Mir hunn et de Moment awer och ëmmer nach mat enger Phase ze dinn, wou sech de Niwwel net sou einfach viraussoe léisst. Dëse wärt, wéi sou oft schon an dëser Woch, driwwer entscheeden ob den Himmel an der Nuecht opklärt oder ob mir et awer mat engem groe Schleier ze di kréien, deen d’Siicht blockéiert. D’Temperature ginn am Allgemengen op kill 1 bis -4 Grad zréck, just an eenzelnen Däller kéint et lokal begrenzt souguer op bis zu -7 Grad zréckgoen! Et gëtt also gerode, sech gutt anzepaaken.