Lescht Hoffnung fir de met. Wanter: Bléck op déi zweet Februar-Hallschent

Wa mir nom meteorologesche Kalenner fueren, dann dauert de Wanter just nach knapp iwwer zwou Wochen. Kritt d’Wieder nach eng Kéier d’Kéier?

Advertisement

Et ass séier gaangen

Mir hu Februar – meteorologesch gesinn si mir also schonn matten am leschte Wantermount. Wa sech de Wanter also nach eng Kéier sollt bei eis mellen, da misst dat elo ganz séier goen. Dohier geheie mir e Bléck op déi neist Berechnungen fir déi zweet Hallschent vum Mount. Mir loossen eis generell Modeller mat afléissen, esouwéi awer och d’Berechnunge vun de Laangzäitmodeller.

Kuerz- a Mëttelfristmodeller

De Moment hu mir et mat däitlech ze héijen Temperature fir d’Joreszäit ze dinn. Besonnesch fir déi zweet Hallschent vun der Woch si bei eis lokal Wäerter vu knapp iwwer 15°C net ausgeschloss. Dat huet alles guer näischt mat wanterlechem Wieder ze dinn – dofir muss ee sech net mam Wieder auskennen. E Bléck an d’Modeller verréit, dass et a Richtung Enn Februar däitlech méi kill Tendenzen ginn.


Déi momentan Iddi vum amerikanesche Modell fir de Schluss vum Februar | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den amerikanesche Modell rechent fir ronderëmt den 21. Februar, dass eis vun dann un no a no ëmmer méi oft Abréch vu kille Loftmasse sollen erwaarden. Fir de 26. Februar soll et esouguer nach eng Kéier gutt kill ginn, dat inklusiv der Warscheinlechkeet vu Schnéischaueren. Den europäesche Modell ka leider nach net esou wäit rechnen – mee fir ronderëmt den 22. Februar gesäit och dësen d’Méiglechkeet op däitlech méi niddereg Temperaturen.

Wat soen d’Laangzäitmodeller?

Den amerikanesche Laangzäitmodell CFS rechent generell domat, dass de Mount neutral bis hin zu liicht ze mëll soll ausfalen. Wa mir awer gesinn, wéi héich d’Temperaturen dës Woch erëm kënne klammen, dann ass déi ze mëll Variant awer déi méi warscheinlech. Dëst spillt sech och an de Berechnunge vum europäesche Laangzäitmodell of: Fir déi lescht an och déi momentan Woch goufen/ginn iwwerduerchschnëttlech héich Temperature berechent, iwwerdeems d’Berechnunge fir de Rescht vum Februar den duerchschnëttlech normale Wäerter erëm ëmmer méi no kommen. Dëst ass e weideren Indice dorop, dass et fir Enn Februar, op d’mannst kuerzzäiteg, nach eng Kéier e gutt Stéck méi kill kéint ginn.


D’Laangzäitmodeller gesi fr de Schluss vum Februar “just” nach eng geréng positiv Temperaturanomalie | Grafik: effis.jrc.ec.europa.eu

Kuerzzäiteg? Jo! Beim aktuelle variable Charakter vun der ganzer Wiederwelt gëtt eng nohalteg Zoufuer vu kille Loftmasse net richteg zougelooss. Mat engem méi laang unhalende Stéck Wanter sollt also net méi ze rechne sinn, mee déi eng oder aner lescht Schnéiflack ass dëse Mount definitiv net ausgeschloss.

Un d’Wanterfrënn: Erwaart Iech also näischt Grousses.