Lëtzebuerg & Groussregioun: Risk vun deels zolitten Donnerwieder mat Staarkreen a Knëppelsteng

De Freide markéiert d’Enn vun enger dräideegeger Donnerwiederserie. Anescht wéi an de leschten Deeg, kënnen haut och méi groussflächeg zolitt Donnerwiederzellen optrieden. Et besteet de Risk vu Knëppelsteng, Staarkreen a staarke Wandstéiss.

Den Oflaf

De Freiden erstreckt sech vum südleche Frankräich bis erop iwwer d’BeNeLux- Géigenden bis erop an de Nordweste vun Däitschland eran eng sougenannt “Tiefdruckrinne”. Dës Tiefdruckrinne kann een och als eng eenzeg laang Konvergenzzon betruechten, un där et wärend dem Dag ëmmer erëm zu Schaueren an Donnerwieder komme wäert. Onmëttelbar am Beräich vun dëser Konvergenzzon zéien d’Zellen duerch de schwaachen Héichtewand nëmme ganz lues vu Plaz, wouduerch an éischter Linn d’Gefor vu gréissere Reenzommen a kuerzer Zäit duerch Staarkreen besteet. Niewebäi si Knëppelsteng méiglech, de Risk vu méi spierbarem Wand ass zwar och do mee net besonnesch ausgepräägt.

Am weidere Verlaf vum Dag, viraussiichtlech vum spéidere Nomëtten un, kënnt eis ee vun den eenzelnen Déifdrockkäre méi no a wäert Lëtzebuerg knapp westlech passéieren. Am Beräich vun dësem Déifdrockgebitt rechnen e puer héichopléisend Wiedermodeller wéi den däitschen ICON, de franséischen AROME & ARPEGE an och de WRF mat der Warscheinlechkeet vun engem Donnerwiedersystem. Ob dëse System entstoe wäert, ass de Moment nach ee gréissert Fragezeichen. Wann awer, da wier an der Groussregioun vill méi groussflächeg mat kräftege Wiederen ze rechnen an duerch déi zouhuelend Dynamik géif och de Risk vu stiermesche Wandstéiss bis Stuermstéiss an d’Luucht gedréckt ginn. An der Nuecht op de Samsde reene sech d’Wolleken aus, ëmmer manner oft kënnt et zu Donnerwieder. De kompletten Détail zu der Situatioun kënnt Dir hei noliesen. D’Warninformatiounen am Kuerzformat fannt Dir hei.


Déi viraussiichtlech Situatioun am spéidere Freidenomëtten | Grafik: wxcharts.com