Lëtzebuerg: Nei Junirekorder & tropesch Nuecht

Um Samsde sinn och zu Lëtzebuerg nei Juni-Rekorder gefall. Mat dobäi hate mir et an der vergaangener Nuecht mat enger Trope-Nuecht ze dinn.

Och zu Lëtzebuerg nei Juni-Rekorder

Nodeems et un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht net fir e neie Juni-Rekord duergaangen ass, ginn et awer zwou Statiounen aus dem deemoolege MeteoMedia-Statiounsnetz, un deenen tatsächlech Juni-Rekorder konnte gemooss ginn.

Sou wéi gëschter och schon erwäänt, hat een d’Gefill, wéi wann zu Beetebuerg eventuell e Rekord kéint gefall sinn. Dem ass dann och esou: d’Statioun, déi zanter dem 21. September 1996 operéiert, huet mat 36,9 Grad e neie Juni-Rekord opgestallt. Den ale Rekord geet op den 22. Juni 2017 zréck, deemools waren et 35,2 Grad. En ass also ëm 1,7 Grad iwwertraff ginn. En zweete Rekord gëtt et un der Statioun zu Ettelbréck mat 35,7 Grad, den ale louch bei 35,3 Grad – opgestallt den 28. Juni 2011. D’Statioune moosse nach net all ze laang, an trotzdeem ass et déi héchst Juni-Temperatur zanter op mannst 26 Joer.

Aus dem Statiounsnetz vun der ASTA, dat schonn méi laang existéiert, ginn et weiderhi keng offiziell Matdeelungen iwwer potenziell Rekorder. Do tappe mir also am Däischteren.

Tropesch Nuecht

Wéi et ze erwaarde war, hate mir et an der vergaangener Nuecht esouguer mat enger Trope-Nuecht ze dinn. U folgende Wiederstatiounen ass den Thermometer net ënner 20 Grad gefall (an domat tropesch Nuecht):

  • Rëmerschen (ASTA): 24,4°C
  • Réimech (ASTA): 23,8°C
  • Käerjeng-Kentzëg: 23,3°C
  • Stadbriedemes (ASTA): 23,1°C
  • Uewerkuer (ASTA): 22,5°C
  • Reiler (ASTA): 22,4°C
  • Aasselbuer (ASTA): 22,3°C
  • Ëlwen: 22,2°C
  • Stad-Pescatore: 21,8°C
  • Dol (ASTA): 21,6°C
  • Findel (MeteoLux): 21,4°C
  • Beetebuerg: 21,3°C
  • Märel (ASTA): 21,3°C
  • Furen (ASTA): 21,1°C
  • Housen (ASTA): 20,6°C
  • Schengen: 20,5°C
  • Wolz: 20,4°C
  • Eschduerf (ASTA): 20,4°C
  • Kënzeg (ASTA): 20,1°C

*D’Donnéeë vun de Statiounen ouni (ASTA) staamen aus dem Netz vu Kachelmannwetter.