
Bis ewell war de Mount schonn zimmlech naass, mee d’Modeller mengen et weiderhin ze gutt wat d’Reenzommen ugeet.
Advertisement
Weiderhi vill Reen duerch Westwiederlag
Zanter Wochen ass d’Grousswiederlag déi selwecht: Aus Westen kënnt ëmmer erëm en Déifdrockgebitt eragezunn, wat eis zimmlech variabelt Wieder bréngt. U stabilt Héichdrockwieder ass de Moment op alle Fall net ze denken.
An ebe well et riicht esou viru geet wéi de Moment, akkumuléiere sech d’Reenzomme virun – a mir sinn elo schonn an den iwwerduerchschnëttleche Beräich fir November ënnerwee. Den amerikanesche Wiedermodell rechent, ofgesinn vun de Laangzäitmodeller, am wäitsten. De Moment gesäit en bis den 23. November, a bis dohi soll nach eng Kéier uerdentlech eppes erofkommen. Kloer kann een elo soen, dass dësen Zäitraum absolut net verlässlech ass – wat jo eigentlech och wouer ass. An dësem Fall gëtt et awer den Ënnerscheed, dass all d’Modell-Leef vum GFS a genee déi selwecht Richtung rechnen. Duerch dës Konstanz ass d’Warscheinlechkeet zimmlech héich, dass et och esou antrëfft – trotz der Dauer bis un de leschten Zäitpunkt.
Op alle Fall sinn déi momentan Berechnunge mat tëscht 50 l/m² fir den Oste vum Land ënnerwee, iwwerdeems fir den äusserste Südweste vum Land knapp 90 l/m² gerechent ginn.
Vergläiche mir dat mam europäesche Modell, deen awer nach net grad esou wäit ka rechnen. Den Zäitpunkt get bis de 17. November – an obwuel e net esou wäit gesäit wéi de GFS, sinn däitlech méi héich Quantitéiten ze gesinn. Am Norden rechent en mat 60 l/m², d’selwecht fir de Süden. Virun allem duerch d’Mëtt mee awer och am Westen sollen awer tëscht 60 a knapp 100 l/m² erofkommen.
Egal ob et méi a Richtung GFS oder ECMWF geet: Et bleift a gëtt zimmlech naass. Bis ewell huet et am Nordweste vum Land beispillsweis ëm 50 l/m² gereent, iwwerdeems un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht an engem November duerchschnëttlech 72,1 l/m² erofkommen. Et schéngt also elo schonn esou, wéi wann de November vill ze naass géif ginn.