Lëtzebuerg: Summer 2022 war den dréchensten a sonnegsten zanter op mannst 1947

De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux confirméiert, dass de Summer och zu Lëtzebuerg nei Rekorder opgestallt huet.

Nei Rekorder

D’Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux ass um Findel situéiert. Dës Donnéeë sinn also alleguer op dës eenzel Statioun bezunn, well dës och als Referenzstatioun fir d’Lëtzebuerger Land déngt.

Nidderschlagsdefizit

Iwwert de ganze Summer sinn um Findel nëmme 74,6 l/m² Reen gemooss ginn. Wärend der Referenzperiod vu 1991 bis 2020 sinn an engem Summer duerchschnëttlech 217 l/m² gefall. Dëse Summer ass also mat engem Defizit vu 66% den dréchenste Summer zanter op mannst 1947 gewiescht. De Summer 1976 – deemools goufe 99,8 l/m² Reen gemooss – ass also op déi zweet Plaz versat ginn.


De massive Reendefizit vum Summer 2022 ass op de Statistike net ze iwwersinn | Grafik: MeteoLux

Sonnestonnen

Och a Saache Sonnestonnen hu mir dëse Summer esou vill Stonne gehat wéi nach ni virdrun. Iwwert déi ganz summerlech Saison sinn 956,2 Sonnestonne gezielt ginn. Dat iwwertrëfft de Normalwäert vu 735,9 Stonnen ëm ganz 30%. De Summer 2022 ass also de sonnegste Summer zanter Opzeechnungsufank gewiescht an iwwertrëfft esouguer de Rekordsummer vun 2003 – deemools huet d’Sonn 893,3 Stonne geschéngt.


Och a Saache Sonnestonnen ass e neien Allzäitrekord opgestallt ginn | Grafik: MeteoLux

Zweetwäermste Summer zanter op mannst 1947

De Summer war immens waarm an ass ëmmer erëm vu méi laangen Hëtztwelle gezeechent ginn. Um Findel ass eng Duerchschnëttstemperatur vun 20,1 Grad festgestallt ginn – domat war de Summer 2022 den zweetwäermste Summer zanter op mannst 1947. D’Plaz gëtt sech awer mam Joer 2018 gedeelt. De Summer 2003 ass a Saachen Temperaturen also net iwwertraff ginn, deemools war eng Duerchschnëttstemperatur vun 20,5 Grad gemooss ginn.


2018 an 2022 deele sech déi zweet Plaz vun de wäermste Summeren zanter Opzeechnungsufank | Grafik: MeteoLux

Data Source: MeteoLux