
Op ville Plazen ass de Moment zimmlech vill lass a Saache Wieder, mee zu Lëtzebuerg ass et elo schonn e puer Deeg roueg – mir leie souzesoen tëscht de Still. Dëst resultéiert leider och erëm a neien Onwieder a Süddäitschland/dem Alperaum.
Advertisement
Déi momentan Konstellatioun
De Moment ass et esou, dass e gréisseren Déifdrockkomplex iwwert dem äusserste Nordoste vum Atlantik läit – fir méi genee ze sinn, beweege sech d’Käre vun dësem Déif stänneg iergendwou tëscht Island, Skandinavien an och de britteschen Inselen hin an hier. Déi groussräimeg Rotatioun géint d’Auer dréit dozou bäi, dass kill Loftmassen opgewéckelt an a Richtung Mëtteleuropa transportéiert ginn. Als Ënnerstëtzung dofir déngt en Héichdrockgebitt, wat matten iwwert dem Atlantik läit, südwestlech vun Irland.

Iwwerdeems iwwert dem Gros vum Mëttelmierraum héije Loftdrock läit, gëtt et eng kleng Zon, an där sech ëmmer erëm kleng Déifdrockgebitter forméieren. Dës läit an enger Sträif déi sech vu Portugal iwwer Spuenien, Südfrankräich, den Alperaum an och Deeler vun Éisträich zitt. An dëser kënnt et bis an déi nächst Woch era verstäerkt zu kräftege Nidderschléi, besonnesch konzentréiert wäert dat an den Alpen esouwéi och um äussersten Alperand a Süddäitschland geschéien. D’Saach mam Héichwaasser huet sech op dëse Plazen also nach net wierklech erledegt.
D’Auswierkungen op Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg kréie mir méi vun de killen resp. manner waarme Loftmasse mat, wéi vum Waarmloftvirstouss aus Süden – ebe well dësen duerch Déifdrockafloss aus Norden vun hei fortgehale gëtt. Un dëse markante Loftmassegrenzen kënnt et ëmmer zu staarken a ville Nidderschléi, mee dës Kéier hu mir Chance: De “reaktiven” Deel läit e gutt Stéck südlech vun eis, wat bedeit, dass mir weder Summertemperature nach vill Reen a noer Zukunft ofkréien.

Eréischt am Laf vun der nächster Woch ginn heiansdo mol Zenarie berechent, duerch déi dës Konstellatioun zesummebrieche kéint. Doduerch géif sech dann och bei eis mol anert Wieder astellen, wat awer dann awer, esou der momentaner Tendenz no, ëmmer nach keng nohalteg summerlech Loftmasse wieren. De Juni schéngt sech wuel als immens schwierege Mount ze erweisen, bei dem op d’mannst mol déi éischt Hallschent mat ënnerduerchschnëttlechen Temperaturen zu Lëtzebuerg kann iwwert d’Bün goen.