Lissabon: Stuerm an Iwwerschwemmungen riichte grousse Schued un, 1 Fra stierft

Um spéidere Mëttwochowend & an der Nuecht op den Donneschde waren eng Partie schro Wiederen iwwer Portugal ewechgezunn. Eng Fra huet net iwwerlieft.

Haaptsächlech Lissabon betraff

Um spéideren Donneschdenowend & an der Nuecht op de Freide si schwéier Onwieder iwwer Portugal ewechgezunn, besonnesch betraff war Lissabon. Duerch de ville Reen ass et zu zolitten Iwwerschwemmunge komm. Eng 55 Joer al Fra koum duerch dat villt Waasser net méi aus dem Keller eraus an ass ëm d’Liewe komm. Stroossen a Gebaier stungen ënnerwaasser, sëlleg Géigestänn an och Autoe goufen ewechgeschwemmt. Och eng Klinik gouf iwwerschwemmt, esou d’Medieberichter.

Och an de nächsten Deeg wäert et viru reenen, haaptsächlech Ufanks der nächster Woch kënnen erëm méi zolitt Wiederen optrieden. D’Gefor bleift also mol nach bis an déi nei Woch era bestoen.

Mediequell: RND/AP