Liveticker: Bis den Owend spéit nach e gréissere Batz Schnéi méiglech

Wëllkomm am éischte Liveticker vum Joer! Soubal et Neiegkeeten zu de momentane Schnéischauere gëtt, ginn se am 1-Minutten-Takt hei opgelëscht.

Advertisement

20.01.2023 – 21:11

+++ Kräftege Schnéifall zitt vum Norden an den Osten & Süden +++

De Moment läit kräftege Schnéifall iwwert der ganzer Nordhallschent. Wann ee ganz genee kuckt, gesäit een um Radarbild, wéi et um äusserste nërdlechsten Zipfel ufänkt erëm méi dréchen ze ginn.

De méi kräftege Schnéifall ass an d’Südhallschent ënnerwee a kann op ee Neits den een oder aneren Zentimeter hannerloossen. Passt op, wann Dir mam Auto ënnerwee sidd.

Offiziell ginn am Norde bis zu 11 cm gemooss (et ass awer plazeweis méi), laanscht d’Musel knapp 3 cm. Och um Findel sollen de Miessunge no gutt 4 cm leien.

Hannert dësem ganze Nidderschlagsgebitt bleift et dréchen.

Radar: RadarScope

20.01.2023 – 19:43

+++ Gläich uerdentlech Portioun Schnéi +++

Gudden Owend! De leschten Deel vum gréissere Nidderschlagsgebitt steet virun der Dier. Innerhalb vun de nächsten 2 bis 4 Stonne beweegt dëse sech vum Norden an de Süden, mir ginn also quasi dovu “geduscht”.

Zu Reiler am Norde leien an Tëschenzäit 9 cm Schnéi. Eng 12 oder eppes driwwer ass nom Passage vun dëser Front definitiv méiglech. Och am Rescht vum Land kënne mir duerno bei tëscht 4 an 8 cm erauskommen.

Hannendru gëtt et méi dréchen a mir starte kill & wäiss an de Weekend.

Radar: RadarScope

20.01.2023 – 18:34

+++ Aktuell: 7 cm am Norde vum Land +++

Am Norde vum Land si mir elo bei knapp 7 cm Schnéi. A wa mir op de Radar kucken, dann ass et net onméiglech, dass mir 10 cm erreechen oder och iwwerschreiden.

An der Südhallschent ginn et och schonn e puer Plaze, wou 3 bis 5 cm gemooss ginn. Do gëllt dat selwecht: Kënnt all deen Nidderschlag nach, deen mir um Radar gesinn, da kënne méi verbreet 4 bis 7 cm erreecht ginn.

Radar: RadarScope

20.01.2023 – 17:34

+++ Aktuell: Weidere Schnéi op Lëtzebuerg ënnerwee +++

Gudden Owend. Iwwerdeems de Moment schonn erëm frësch méi kräfteg Schnéischaueren an der Nordspëtzt ukomm sinn, läit de Moment e gréissert Niderschlagsgebitt iwwert der Belsch. Dëst Nidderschlagsgebitt zitt an de nächste Stonnen och nach op Lëtzebuerg.

Et bleift natierlech nach ofzewaarden, wéi genee sech d’Nidderschlagsgebitt entwéckelt. D’Warscheinlechkeete sinn awer grouss, dass et a Form vu méissegem bis zäitweis kräftegem Schnéifall bei eis ukënnt. Bis muer de Moie fréi ass et menger Warnung no net onméiglech, dass 3 bis 7 cm Schnéi leien. Deemno wéi sech dat ganzt awer entwéckelt, ass wuel eppes méi méiglech.

Ech halen d’Situatioun fir Iech am Aen.

Radar: RadarScope

20.01.2023 – 10:11

+++ Hiweis: Schnéifall aus Nordwesten +++

D’Modeller hunn dann haut méi Gléck: Aus Nordweste komme Schaueren a gréisser Segmenter op eis duergezunn, déi duerch déi niddereg Temperature natierlech als Schnéi erofkommen. Hannendru komme nach e puer Schauere no – bis an de spéideren Owend era kann also zesummegezielt den een oder aneren Zentimeter net ausgeschloss ginn.
Glat Stroosse sinn ze erwaarden.