Wëllkomm am Liveticker fir d’Donnerwiederlag, déi haut grouss Deeler vu BeNeLux, Frankräich an Däitschland betreffe wäert. Dës Säit gëtt all 2 Minutten automatesch aktualiséiert.
19.05.2022 – 17:59
+++ Aktuell: Nidderschléi verloossen d’Land +++
19.05.2022 – 17:59
An Tëschenzäit hunn och déi lescht Donnerwieder d’Land verlooss. Et huet, wéi oft betount, net jiddereen getraff. Eenzel Entwécklunge sinn am weideren Owend net komplett onméiglech, mee déi meescht Loft ass op alle Fall eraus. Zäit, sech ëmmer méi op d’Geschéie vu muer ze konzentréieren, wou eng däitlech méi markant Situatioun op BeNeLux an Däitschland zoukënnt.
Radar: meteociel.fr
19.05.2022 – 16:47
Mir hu jo bis ewell haaptsächlech Lëtzebuerg gekuckt, mee wann een e bësse rauszoomt gesäit een, dass ech nawell eng zolitt Donnerwiederfront iwwer BeNeLux an dem Westen a Nordweste vun Däitschland breetgemaach huet. Nieft Knëppelsteng bis 3 cm am Duerchmiesser goufe bis ewell Wandvitesse vun 111 km/h vun Eindhoven gemellt, Emmerich am Rhein war mat 104 km/h dobäi, zu Münster goufen 106 km/h gemooss an un der Fachhéichschoul zu Hagen 94 km/h.
Den héchste Wandstouss zu Lëtzebuerg war e Stuermstouss mat 76 km/h, gemooss zu Ëlwen. Duech Är Meldunge konnte Knëppelsteng bis lokal 3 cm nogewise ginn (entsprécht Warnstuf ORANGE), genee sou och Staarkreen. Domat huet sech haut dat intensivst net wäit nërdlech vum Land ofgespillt, obwuel mir all mam selwechte Risiko ze dinn hunn/haten.
Geschwënn kommen d’Informatioune fir muer. Stay tuned.
Kaart: blitzortung.org
19.05.2022 – 16:29
+++ Downgrade op Warnstuf giel +++
19.05.2022 – 16:29
Ganz punktuell begrenzt hate mir an de leschte Minutten Zellkären, déi definitiv enger oranger Wiederwarnung zouzeuerdne waren (duerch Knëppelsteng haaptsächlech).
An Tëschenzäit huet sech d’Aktivitéit iwwert dem Land ofgeschwächt, eng Donnerwiederwurscht läit nach vun Arel iwwer Biissen bis erop op Buerschent. Staarkreen a staark Wandstéiss sinn ëmmer nach méiglech, de Risk vu Knëppelsteng ass zréckgaangen.
Radar: meteociel.fr
19.05.2022 – 15:54
+++ Warnstuf ORANGE aktivéiert +++
19.05.2022 – 15:54
En Entwécklungsgebitt leet sech de Moment iwwer Lëtzebuerg. Punktuell begrenzt sinn also weider zolitt Donnerwiederzelle mat Knëppelsteng, Staarkreen a Stuermstéiss méiglech. Et ass net auszeschléissen, dass sech esouguer eng Linn iwwert eis amgaangen ass, ze forméieren.
Et trëfft net jiddereen, mee punktuell si wuel Phänomener ze erwaarden déi enger Onwiederwarnung vun der oranger Stuf gerecht ginn.
Radar: meteociel.fr
19.05.2022 – 15:35
+++ Knëppelsteng a Stuermstéiss am Norden +++
19.05.2022 – 15:35
Hëpperdang wäert all Moment vun engem staarken Zellkär getraff ginn, mat Knëppelsteng a potenzielle Stuermstéiss.
Warnstuf ORANGE gëllt zanter 15:09 https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/
Fir de Rescht ass generell de Kanton Klierf am Aflossberäich vun dësem Donnerwieder an erstreckt sech bis un d’Nordspëtzt.
Am weidere Verlaf vum Dag kënne weider Entwécklunge net ausgeschloss ginn, déi och aner Deeler vum Land betreffe kënnen.
Radar: meteociel.fr
19.05.2022 – 15:05
+++ Opgepasst am ausserste Norden a Nordwesten +++
19.05.2022 – 15:05
Aus Weste kënnt Iech en zolitt Donnerwieder méi no, wat de Moment knapp westlech vu Bastnech läit. Et ass mat zolittem Reen, Knëppelsteng a Stuermstéiss ze rechnen. Betraff ass de Kanton Klierf bis ganz erop op d’Wämperhaardt.
Radar: meteociel.fr
19.05.2022 14:39
+++ Donnerwiederlinn direkt westlech vu Lëtzebuerg +++
19.05.2022 – 14:38
Tëscht Bouillon an Marche-en-Famenne läit eng kleng, mee kräfteg Donnerwiederlinn mat Staarkreen, Knëppelsteng a potenziell stiermesche Wandstéiss. Zumools de nërdlechen Deel vun der Linn weist de gréisste Risk vun Onwiedercharakter op.
Wann et esou virunzitt, dann zitt de kräftegsten Deel knapp nërdlech u Lëtzebuerg laanscht, iwwerdeems de Rescht dovun awer de Nordwesten a Norde vum Land erreeche sollt.
Weider südlech gi weider Zellen héich, déi sech der Linn duerchaus uschléisse kënnen. Ech halen dat ganzt weiderhin fir Iech am Aen!
Radar: meteociel.fr
19.05.2022 14:10
+++ Donnerwieder virun eisen Dieren +++
19.05.2022 – 14:09
Bei Charleville-Mézières läit e kräftegt Donnerwieder mat Knëppelsteng, Staarkreen a potenzielle stiermesche Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss. Et zitt a Richtung Nordosten a kann am weidere Verlaf vum Nomëtten, Stand aktuell, duerchaus de Nordwesten a Norde vu Lëtzebuerg erreechen.
Weider Entwécklungen iwwer Frankräich sinn amgaangen. Météo Boulaide hält Iech stänneg um Ball. Lued déi GRATIS Météo Boulaide App erof fir näischt méi ze verpassen.
Radar: meteociel.fr
19.05.2022 12:25
+++ Iwwer Frankräich & der Belsch brodelt et +++
19.05.2022 – 12:25
Am Beräich Lille, Soignies, Zwalm bis erop a Richtung Anvers befënnt sech den Ufank vun engem gréisseren Donnerwiedersystem. Och Bréissel wäert geschwënn am Aflossberäich leien. Et schéngt wéi wann d’Zuchrichtung ëmmer méi vun Nord-Nordost op Nordost dréine géif, soudass am Laf vum Nomëtten Deeler vu NRW kënne betraff sinn. Et kënnt elo schonn zu zolittem Reen, Knëppelsteng a Stuermstéiss.
Dëst Gebitt ass e bësse méi wäit nërdlech entstanen wéi uersprénglech duerch d’Modellrechnungen ugeholl, wat elo natierlech och eng Auswierkung op de weidere Verlaf bei eis kann hunn. D’Chance, dass déi kräftegst Zelle kënne nërdlech un eis laanschtzéien, hu sech verbessert. Et bleift awer nach ofzewaarden, wat sech am Laf vun de nächste Stonne nach südlech dovun, also iwwert dem Norde vu Frankräich, forméiert. Dëst entscheed dann schonn méi driwwer, a wéifern Lëtzebuerg vun der Situatioun vun haut wäert betraff sinn.
Radar: meteociel.fr
19.05.2022 11:15
+++ Donnerwieder mat Knëppelsteng a Staarkreen aktiv +++
19.05.2022 – 11:15
Am Raum Contern a Bous läit e klengt, mee zolitt Donnerwieder mat Staarkreen a Knëppelsteng an zitt a Richtung Nordosten. Demnächst betraff ass de Raum Wecker, Rehlingen & Mertert. Och opfrëschende bis hin zu stiermesche Wand ass net ausgeschloss.
Radar: meteociel.fr
19.05.2022 10:45
+++ Aktuell: Den Dag ass lancéiert +++
19.05.2022 – 10:45
Frësch aus dem Bett geet et dann elo lass mam Nowcasting fir haut! Déi éischt Virlafend Donnerwieder hunn et dann och schonn an eis Géigende gepackt, wéi z.B am Raum Arel a Bastnech, mee vill méi awer Esch-Uelzecht. Et kënnt fir den Ufank haaptsächlech zu kräftegem Reen.
Eng weider Zell forméiert sech de Moment bei Esch-Sauer, quasi iwwerall kann et elo zu den éischte klengen Dimmere kommen.
Dëst ass awer ëmmer nach am Virfeld zu deem, wat eis am Nomëtten ustoe soll. Ech halen Iech um Lafenden! ⛈
Radar: meteociel.fr