Liveticker: De Nowcast fir d’Donnerwiederlag vun haut

Wëllkomm am éischte Liveticker vun der Donnerwieder-Saison! Hei kommen all d’Updates hi stoen, déi iwwer Social Media verëffentlecht ginn. Praktesch fir jiddereen, dee kee Facebook a co. huet. Dës Säit aktualiséiert sech all Minutt vum selwen.

22.06.2023 – 16:43

+++ Den aktuelle Stand +++
22.06.2023 – 16:43

Mir haten eng kuerz Zäitspaan, an där sech iwwert eisem Land ganz rapid Zellen forméiert hunn, ënnert deenen et kuerzzäiteg staark gereent huet an de Wand och gutt opgefrëscht huet. Fir en Stuermstouss ass et bis ewell awer net duergaangen, héchstens zu Tréier ass een vun 80 km/h erakomm.

Kuerzzäiteg hate mir südlech vum Land och eng Superzell leien, déi sech dunn an zwee Deeler gespléckt huet, fir sech duerno opzeléisen. Och op anere Plazen an direkter Géigend mat eiser Grenz waren e puer änlech Strukuren um Radar ze gesinn.

D’Energie huet sech dunn gebündelt an et hu sech nei Zellen iwwer Däitschland forméiert, direkt hanner der Grenz. Dës sinn elo a Richtung nërdlech Mëtt vun Däitschland ënnerwee a suergen fir immens zolitt Donnerwieder. Zu Kassel läit de Moment eng extrem HP-Superzell mat Knëppelsteng bis 5 cm am Duerchmiesser. Den däitsche Wiederdéngscht DWD mellt dohannen aktiv virun Tornadoen.

Op eisem Radar ass naischt méi ze erkennen, wat an eis Géigenden gezu kënnt. Och d’Loft ass net méi esou schmeier wéi se war, wat heescht, dass et dat fir Lëtzebuerg schonn kéint gewiescht sinn. Wa sech nach eppes deet, kënnt en Update.

Radar: meteociel.fr

22.06.2023 – 15:36

WARNUNG: Donnerwieder

gëllt vun: 22.06.2023 – 15:36
gëllt bis: 22.06.2023 – 16:25

**gëtt verlängert wa néideg**

**eng Verlängerung ass méiglech**

Aus Westen kënnt eng Donnerwiederfront opgezunn, déi sech eng Kéier queesch ueschert Land wäert beweegen. Beim Passage si Knëppelsteng an ochstiermesch Wandstéiss, punktuell Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h net ausgeschloss.

Radar: RadarScope

22.06.2023 – 14:16

WARNUNG: Donnerwieder

gëllt vun: 22.06.2023 – 14:13
gëllt bis: 22.06.2023 – 14:40

**gëtt verlängert wa néideg**

Bei Metz läit e klengt, mee “gëftegt” Donnerwieder mat Staarkreen. Knëppelsteng a spierbar Wandstéiss bis hin zu stiermesch Wandstéiss sinn och méiglech mat dëser Zell. Se zitt a Richtung Nordosten an erreecht eis an ongeféier 30 Minutten. Sollt d’Form déi selwecht bleiwen, wier virun allem den Eck Dalheim betraff.

Radar: RadarScope

22.06.2023 – 13:29

+++ Nei Donnerwieder forméiere sech… +++

… mee komme se och bis an eis Géigenden? Op alle Fall ass den am gielen markéierte Beräich deen, deen ech de Moment a Saachen Nei-Ausléis am Aen halen. Generell huet sech tëscht Lëtzebuerg an dem nordëstleche Frankräich e Fleck mat däitlech manner Wolleken opgedoen, wou d’Sonn elo nach weider eraschénge kann.

D’Déif kënnt eis grad ëmmer méi no a schrammt an e puer Stonne knapp westlech un eis laanscht mat sengem Kär. Ech halen Iech um Lafenden!

Satbild: DWD/EUMETSAT
Stand: 22.06.2023 – 13:28

22.06.2023 – 12:00

VIRWARNUNG: Donnerwieder

Erausginn: Donneschden, 22. Juni 2023 12:00
Gëlteg bis Donneschden, 22. Juni 2023 21:00

Erwaarte Warn-Niveau: 2 / 3

Betrëfft: Lëtzebuerg, Däitschland, Belsch, Frankräich

Dat éischt schwaacht Donnerwiedergebitt ass duerch an huet dem Land wuelverdingte Reen bruecht. Elo hänkt alles un de Berechnunge vun de Lokalmodeller, déi am Laf vum Nomëtten a schmeiere Loftmassen d’Entwécklung vu neien Donnerwieder gesinn. Sollten dës iwwer Lëtzebuerg optrieden, da wieren dës duerch méiglech Knëppelsteng, Stuermstéiss a Staarkreen direkt warnrelevant. Dëse Risk besteet bis an den Owend eran. Deemno wéi sech d’Wieder entwéckelt, géif dës Virwarnung nach ugepasst ginn.

SCHRAFFEIERTE BERAICH (Däitschland): Bis an de spéideren Owend era Risk vun den op der Grafik opgefouerte Phänomener.

22.06.2023 – 11:39

+++ Wéi geet et elo virun? +++
22.06.2023 – 11:39

Dat éischt Reegebitt ass duerch, duerchsat mat e puer eenzelnen Donnerwieder. De Reen war zäitweis méi kräfteg, mee deen Deel mat de méi kräftege Wandstéiss hat sech kuerz virun eisem Land ofgeschwächt.
D’Fro ass, wéi et elo viru geet. Ech wees, dës Grafik ass e bëssen duercherneen. Mee fänke mir mol domat un, dass de Kär vum Déifdrockgebitt de Moment südwestlech vun eis läit an an de nächste Stonnen entweder eist Land sträife wäert oder ganz knapp westlech un eis laanschtgeet. De moofe Feil weist déi ongeféier Zuchrichtung vum Kär, iwwerdeems de bloe Beräich dës Linn direkt mat verfollegt. Dëse Beräich gëtt un, wou de Risk fir grouss Reenzommen & Iwwerschwemmungen am héchsten ass. Dësen ass an dem Beräich nëmmen dofir esou héich, well do den direkte Kréngel vum Kär läit an domat sech de Reen do logescherweis am längsten ophält.

Kucke mir a Richtung Frankräich, wou ech een orangen an een giele Beräich agezeechent hunn. De giele Beräich ass deen, an dem de Mëtten eppes entstoe “muss”, fir dass zu Lëtzebuerg onwiederaarteg Phänomener optriede kënnen. Mat der Verlagerung vum Déifdrockgebitt a Richtung Nordoste beweegt sech dëse Beräich mat a wäert de Mëtten och iwwer Lëtzebuerg selwer leien, wat et net ausschléisst, dass et verschidde Modellrechnunge no och direkt iwwert eise Käpp nei Entwécklunge ka ginn, déi duerch Staarkreen, Knëppelsteng a Stuerm warnrelevant kënnen ausfalen. “Leider” ass dës Theorie net esou ganz sécher, well et awer och Modeller ginn, déi éischter pessimistesch sinn a Saache neien Entwécklungen an deem Beräich. Et bleift engem also soss näischt iwwereg, wéi d’Situatioun ganz genee am Aen ze halen.

Den orangen Beräich weist d’Entwécklung un, déi méi spéit nach fir Däitschland interessant gëtt. Esou direkt sollt dës awer, wéi vu ganz am Ufank u gesot, näischt mat eis ze dinn hunn.
Mir kënnen also just ofwaarden de Moment, mee sollt sech am genannte Gebitt, wéi d’Modeller et soen, wierklech eppes entwécklen, da géif direkt Onwiedergefor bestoen.

Kaart: EUMETSAT/DWD, Edit: Météo Boulaide

22.06.2023 – 10:23

Warnung fir d’Zell opgehuewen:

Et handelt sech zwar nach ëmt en Donnerwieder, mee d’Blëtzaktivtéit ass wäit zréckgaangen an déi eenzel Parameter erreeche net méi de Status vun enger Warnung.

Et wäert trotzdeem sech elo Reen iwwert dem Land breetmaachen, deen vu méi spierbarem Wand & mol e puer Blëtzentluedunge ka begleet ginn. A Richtung Musel ass dëst Reegebitt bis dato nach am blëtzaktivsten.
Enger Rei Modeller no gëtt et, nodeems dëse Reen duerch ass, am Laf vum Nomëtte méi interessant, well sech a schmeiere Loftmasse nei Donnerwiederzellen direkt iwwer BeNeLux solle forméieren. Ob dëst wierklech geschitt oder net hänkt awer elo vun der TATSÄCHLECHER Verlagerung vum Déifdrock-Kär of. Ech setze nach en Update fir Iech zesummen.

Radar: meteociel.fr
Stand: 22.06.2023 – 10:23

22.06.2023 – 09:42

Fortsetzung vun der Warnung fir dës Zell:
bis 22.06.2023 – 10:20

En Donnerwieder zitt aus Frankräich op, wat eis südlech Grenz a +/-20 Minutte sollt erreechen. De Reen kann zwar méi kräfteg ausfale, mee nëmme kuerzzäiteg – dohier net warnrelevant.
De Wand ka punktuell Spëtzte vun 60 – 80 km/h erreechen = ënnescht Warnschwell erreecht.

Radar: RadarScope

22.06.2023 – 09:20

WARNUNG: Donnerwieder

gëlteg bis: 22.06.2023 – 09:40
Stand: 22.06.2023 – 09:20

**gëtt verlängert wa néideg**

D’Donnerwieder, déi direkt mam Déifdrockgebitt zesummenhänken, kommen aus Südwesten ugerauscht. D’Nidderschléi sinn zwar wärend dem Passage méi kräfteg, erreechen awer keng Warnschwell. Anescht de Wand, deen innerhalb vun dëser Linn awer op d’mannst segmentweis tëscht 60 an 80 km/h kann erreechen.

Sounbal dëst Element duerch ass, gëtt et interessant, wat hannendru geschitt.

22.06.2023 – 08:48

+++ Donnerwiederfront um Radar +++
22.06.2023 – 08:48

Dat éischt Donnerwieder vum Dag kënnt esou lues op eis duergezunn. Eng kleng Front läit op der Héicht Châlons-en-Champagne & Saint-Dizier. Se zitt a Richtung Nord-Nordosten virun a géif mat aktueller Zuchrichtung besonnesch nach de westlechen Deel vum Land erwëschen.

Wat een aus Radardonnéeën erausliese kann ass, dass et net nëmme kuerzzäiteg uerdentlech schëtt, mee och, dass stiermesche Wand ka mat dobäi sinn. Déi ganz grouss Vitesse schéngen et net ze sinn, mee trotzdem soll ee sech op potenziell Stuermstéiss wärend dësem Passage astellen.

Et bréicht nach e bësse méi wéi eng Stonn fir hei unzekommen. Bis dohi ka sech also nach e bëssen eppes un Zuchrichtung & Intensitéit änneren.

Radar: meteociel.fr

22.06.2023 – 06:24

Mat enger klenger Stonn Verspéidung läit de groussen Donnerwiedersystem elo do, wéi an der Virwarnung vun aus der Nuecht beschriwwen. De System verstäerkt sech grad immens séier an erreecht elo schonn de Status vun engem groussen Onwieder. U senger ëstlecher Säit féiert et esouguer schonn e Bow-Echo mat sech, déi typesch sinn fir extrem Wandstéiss.

Ob dëst Segment nach aktiv ass, wann de System bis kuerz viru BeNeLux steet, muss ofgewaart ginn. Och wa net, dëse System wäert haut nach déi eng oder aner Iwwerraschung bréngen.

Radar: meteociel.fr
Stand: 22.06.2023 – 06:24

22.06.2023 – 01:43

E Reegebitt zitt innerhalb vun der nächster Stonn bis zwou Stonnen iwwert eis ewech. Et handelt sech dobäi ëmt dat Gebitt, wat mir eis virun e puer Stonne schonn kuerz um Radar ugekuckt haten. Eng lokal Blëtzentluedung ass net ausgeschloss, mee soss ass näischt weideres dobäi.
Dëst Nidderschlagsgebitt huet ëmmer nach näischt mat der Onwiederlag haut ze dinn. D’Déif, wat dofir wäert zoustänneg sinn, forméiert sech de Moment iwwert dem Südweste vu Frankräich, wou et an de leschte Stonne schonn zu méi markanten Entwécklunge komm war.

Radar: RadarScope
Stand: 22.06.2023 – 01:43