Liveticker: De Nowcast zur Donnerwiederlag an der Groussregioun

Iwwert dem ëstlechen, nërdlechen a westleche Frankräich brodelt et, deels esouguer uerdentlech. Guer net mol esou typesch fir déi momentan Joreszäit. An dësem Artikel fannt Dir stänneg déi neist Informatiounen, d’Säit aktualiséiert sech all Minutt automatesch.

23.10.2022 – 18:26

+++ Aktuell: Donnerwiederfront zitt aus dem Land eraus +++

An Tëschenzäit läit d’Donnerwiederfront iwwert den äussersten ëstlechen Deeler vun eisem Land a suerge weiderhi fir Staarkreen, Stuermstéiss a Knëppelsteng.
Wärend dem Passage ass un der Kachelmann-Statioun zu Beetebuerg e Stuermstouss vun 81 km/h gemooss ginn, un der Statioun um Pescatore 80 km/h. Zimmlech impressionnant fir d’Joreszäit!

Interessant News kommen dann och aus dem westleche Frankräich, wou viru kuerzem eng Superzell Amiens passéiert huet. Gréisser Knëppelsteng (5cm am Duerchmiesser) goufe gemellt. Méi wäit am Südwesten, am Raum Beuzeville, goufe laanscht eng Strooss sämtlech Beem entwuerzelt, e Camion ass mat sengem Unhänger ëmgefall. Et besteet Tornado-Verdacht.
Quell: https://twitter.com/WxNB_/status/1584206978598858752

Soubal d’Front bei eis duerch ass, sollt et mol eng Zäit roueg virugoen (bei Paräis si nach eenzel Donnerwieder, déi et ënner Ëmstänn nach am spéideren Owend op Lëtzebuerg packe kéinten).

Radar: RadarOmega

23.10.2022 – 17:40

+++ Aktuell: Zweet Segment an d’Südhallschent ënnerwee +++

Iwwerdeems de Moment eng lokal méi zolitt Donnerwiederfront matten iwwert der Nordhallschent vum Land läit, zitt elo och all Moment dat zweet Segment vu Südwesten hier an d’Land eran. Am Beräich vun dësem Segment sinn déi selwecht Phänomener méiglech: Staarkreen, stiermesch Wandstéiss an am Worst Case Knëppelsteng mat Stuermstéiss.

Radar: RadarOmega

23.10.2022 – 17:19

+++ Aktuell: Dat éischt Segment erreecht de Norden +++

D’Front huet sech an zwee Segmenter opgedeelt. Dat éischt dovun zitt de Moment an de Norden eran. Am Lafwee läit déi ganz Nordspëtzt. Haaptgefor: Staarkreen (5-15 l/m² a kuerzer Zäit), punktuell Knëppelsteng a stiermesch Wandstéiss net ausgeschloss. Am schlëmmste Fall kënnen och Stuermstéiss optrieden.

Dat zweet Segment brauch nach e bëssen, mee dat sollt dann och de Gros vum Rescht vum Land erreechen.

Radar: RadarOmega

23.10.2022 – 16:58

+++ Aktuell: Donnerwiederfront aus Westen +++

Sou séier kann et goen: aus Weste beweegt sech eng Donnerwiederfront op eis duer. Am Beräich vun dëser kann et zu Staarkreen esouwéi och engem spierbare Wand kommen. Ënnert de kräftegsten Zellkäre sinn och mol stiermesch Wandstéiss a Knëppelsteng net ausgeschloss.

Radar: meteociel.fr

23.10.2022 – 16:39

+++ Aktuell: Zellen intensivéiere sech +++

Déi Zellen, déi fir eis relevant kënne ginn, si sech amgaangen ze intensivéieren. Interessant ass et de Moment am Raum Bar-le-Duc, do forméiert sech nämlech e frontenaartegt Segment. Dëst ass aktuell a Richtung Nordosten ënnerwee, et zitt also op de Süde vum Land duer.

Nërdlech vun dësem Segment geet d’Intensitéit och an d’Luucht, wat d’Méiglechkeet opmécht, dass dëst wuel net nëmmen de Süden erwëscht.

Et kéint elo also ganz séier goen, deemno wéi esouguer fir de Norden.

Radar: meteociel.fr

23.10.2022 – 15:41

+++ Aktuell: Donnerwieder an de Risiko-Gebitter +++

Zanter der Virwarnung de Moie fréi hu sech an de virausgesote Gebitter Schaueren an Donnerwieder forméiert. Méi zolitt geet et schonn iwwert dem Weste vu Frankräich zou, iwwerdeems sech iwwert dem Osten lues a lues eppes deet. D’Blëtzaktivitéit hëlt a klenge Schrëtt zou.

Wéi de Moie betount, sinn ënnert anerem duerch déi staark buedemno Wandscherung (Ännerung vun der Wandrichtung- & Vitesse mat der héicht) superzellulär Entwécklunge méiglech. Virun allem iwwert dem westleche Grand-Est bis an d’Belsch eran besteet ënnert enger Superzell definitiv de Risk vun engem Tornado.

Wat fir Lëtzebuerg ze erwaarden ass, fanne mir no a no eraus. Wat et méi spéit gëtt, schéngt de Risk vun de méi zolitte Phänomener awer zréckzegoen. Am Fall vun engem Donnerwieder kann ee sech mol sécher kuerzzäiteg op Staarkreen a spierbare Wand astellen – ob de Worst Case awer iwwerhaapt un eis Grenze kënnt, gesi mir an de nächste Stonnen zesummen. D’Potenzial ass op alle Fall do.

Radar: meteociel.fr