Liveticker: Deels kräfteg Schliet & Donnerwieder an de nächste Stonnen

Aus Frankräich kënnt e Schauer- an Donnerwiedergebitt eropgezunn. An dësem Liveticker fannt Dir stänneg déi neist Auskënft iwwer d’Entwécklungen. Dës Säit gëtt all Minutt automatesch aktualiséiert.

20.10.2022 – 23:31

+++ Aktuell: Land gréisstendeels donnerwiederfräi +++

An Tëschenzäit huet sech d’Donnerwiederaktivitéit aus dem Land erausbeweegt. Rubbelen deet et awer nach am äusserste Nordoste vum Land esouwéi och an der Muselgéigend.

Wéi gesot, sinn déi wierklech markant Nidderschléi nëmme punktuell opgetrueden. Haaptsächlech aus dem Norde koume Meldunge vu klenge Knëppelsteng eran, beispillsweis vun Aasselbuer. De Wand huet zwar opgefrëscht, war awer u kenger Statioun méi séier ënnerwee wéi 57 km/h (gemooss zu Käerjeng) – et kann awer sinn, dass en tëscht de Statiounen e bësse méi kräfteg war.

Wat de Reen betrëfft, sinn de Radardonnéeë no am Nordweste vum Land punktuell begrenzt tëscht 10 a 15 l/m² Reen erofkomm.

Iwwert dem Frankräich forméiere sech nei Reegebitter, déi awer eréischt fir muer méi relevant ginn. Gutt Nuecht.

Radar: RadarScope

20.10.2022 – 22:55

+++ Aktuell: Zumools an der Nordhallschent punktuell zolitt +++

Den intensivsten Deel befënnt sech de Moment iwwert der Nordhallschent vum Land, de System zitt elo an d’Nordspëtzt eran.

Zemools am Beräich Wëlwerwolz läit de Moment en zimmlech markanten Zellkär, ënnert deem et zu klenge Knëppelsteng komme kann. Stiermesch Wandstéiss si net ausgeschloss. Dës an déi ëmleiend Entwécklunge beweege sech elo weider a Richtung Veianen, Pëtschent, Housen a Klierf.

Radar: RadarOmega

20.10.2022 – 22:23

+++ Aktuell: Donnerwieder kënnt un, punktuell stiermesche Wand méiglech +++

De System huet an Tëschenzäit eist Land erreecht. Am Norden ass et nach net grad esouwäit, allerdéngs huet sech do e méi kräftegt Segment forméiert. Dëst Segment wäert an de nächste Minutten an de Nordweste vum Land eranzéien a ka Radardonnéeë no och mol fir stiermesch Wandstéiss, fläit esouguer Stuermstéiss suergen. Och wat de Risk vu Knëppelsteng ugeet ass dësen am Norden en Tick méi héich.

Fir de Rescht handelt et sech iwwerall ëm méissege bis punktuell méi zolitte Reen.

Radar: RadarScope

20.10.2022 – 21:45

+++ Aktuell: System läit kuerz viru Virton +++

Den Donnerwiedersystem steet elo virun eisen Dieren. Kuerz viru Virton ass esouguer e Segment, deen sech nawell zimmlech verstäerkt huet.
Spéitstens um 22 Auer kënnt de System am äusserste Südweste vum Land un a schafft sech dann Stéck fir Stéck an de Rescht vum Land eran. Haaptsächlech reent et, punktuell ass awer och Staarkreen mat gréisseren Zommen net ausgeschloss. An Ausnamefäll kënnt et zu Knëppelsteng a stiermesche Wandstéiss.

Radar: RadarScope

20.10.2022 – 21:05

+++ Aktuell: Kräftege Reen & Donnerwieder komme méi no +++

Gudden Owend!

An Tëschenzäit ass d’Gebitt mat de méi kräftege Schliet an och Donnerwieder e gutt Stéck virukomm. Et läit op enger Linn vu knapp nërdlech vu Reims bis erof op Saint-Dizier.

Den intensivsten Deel vum System zitt a Ricthung Neufchâteau, Nancy esouwéi och am weidere Verlaf a Richtung Sarrebourg a fläit och Stroossbuerg.

De fir eis relevanten Deel zitt sech vu Laon op Châlons-en-Champagne a wäert egal wéi op Lëtzebuerg kommen. Dem aktuelle Stand no ass punktuell méi zolitte Reen ze erwaarden, duerchsat mat Blëtz an Donner. Nëmmen am absoluten Ausnamefall si stiermesch Wandstéiss a Knëppelsteng méiglech.

Radar: meteociel.fr

20.10.2022 – 18:34

+++ Aktuell: Donnerwiederfront iwwer Zentralfrankräich +++

Gudden Owend. Eng fir d’Joreszäit markant Zon mat Donnerwieder huet sech iwwert dem zentrale Frankräich forméiert. D’Front zitt de Moment a Richtung Nordosten a géif eis iergendwann am Laf vum spéideren Owend/an der Nuecht erreechen, wann et seng Richtung bäibehält.

D’Blëtzintensitéit vun dëser Donnerwiederfront sollt zwar bis dohin ofgeholl hunn, allerdéngs sinn ëmmer nach méi zolitt Nidderschléi net ausgeschloss. Ob dës elo knapp un eis laanschtzéien oder eis awer erwësche léisst sech leider nëmme kuerzfristeg soen. Ech bleiwe fir Iech um Ball.

Grafik: blitzortung.org