Aus Frankräich beweegt sech en Donnerwiedersystem op eis duer. An dësem Liveticker hale mir d’Entwécklung dovu genee am Aen. Des Säit aktualiséiert sech all 2 Minutten automatesch.
24.06.2022 – 00:02
+++ Donnerwiederaktivitéit verléisst eist Land +++
24.06.2022 – 00:02
D’Donnerwiederaktivitéit ass amgaangen, eist Land a Richtung Belsch ze verloossen. Eng méi kräfteg Schauer gëtt et nach am Raum Donkels, mee déi ass och elo séier fort.
D’Land ass also elo donnerwiederfräi. Ka nach eppes nokommen? Jo, mee wann dann éischter normale Reen. De Gros ass also definitiv duerch.
Beim Passage vum Donnerwieder ass zu Beetebuerg e Stuermstouss vu 85 km/h gemooss ginn, zu Wolz waren et 80 km/h. Radardonnéeë no huet et dann am Grenzgebitt L/F zolitt gereent, punktuell solle bei Diddeleng tëscht 30 a 40 l/m² a kuerzer Zäit gefall sinn. Och am Raum Schouweiler, Esch-Uelzecht, Leideleng a Mamer ware mat tëscht 10 a punktuell 30 l/m² gutt dobäi. Et koum zu punktuellen Iwwerschwemmungen, och Beem sinn ëmgefall.
Vun de Knëppelsteng hier sinn bis ëm 2 cm déck Kären observéiert ginn, déi ebe logescherweis an de Käre vun den Zellen opgetruede sinn.
Et géif mech éierlech gesot net wonneren, wann iergendwou do, wou keng Statioun steet, punktuell den een oder aneren Downburst opgetrueden ass, wou op mannst Stuermstäerkt erreecht ginn ass.
Radar: RadarScope
23.06.2022 – 23:25
+++ Kräftegt Donnerwieder am Nordwesten +++
23.06.2022 – 23:25
Iwwer Eschweiler, Knapphouschent, Selschent, Siwwenaler, Pëntsch läit de Moment e méi kräftegt Donnerwieder mat Staarkreen a Knëppelsteng. besonnesch bei Knapphouschent an Eschweiler ass de Risk vu Knëppelsteng däitlech erhéicht. Dës Zell zitt an de nächste Minutten a Richtung Weicherdang, Wëntger, Houffelt, Weiler, Stackem, Boxer.
Radar: RadarScope
23.06.2022 – 22:51
+++ Donnerwiederaktivitéit verlagert sech an de Norden +++
23.06.2022 – 22:51
Dat kräftegt Donnerwieder, wat virdru nach iwwert dem Südwesten aktiv war, läit elo op der Héicht Räichel, Schandel, Useldeng, Nidderpallen, … an zitt elo weider a Richtung Nordwesten. Demnächst betraff: d’Stauséigemeng.
Dat Donnerwieder bei Ettelbréck ass an Tëschenzäit zu Groljen ukomm an zitt weider an de Raum Constem an Holzthum. De Raum Wëlwerwolz ass och wuel gläich betraff.
Dann ganz nei: e kräftegt Donnerwieder mat Knëppelsteng zu Breedelt, Haler, Binsfeld, Wëlwerdang, Huldang.
Radar: RadarOmega
23.06.2022 – 22:26
+++ Weidert Donnerwieder bei Ettelbréck +++
23.06.2022 – 22:26
Iwwer Cruchten, Noumer, Steeën a Miedernach ass elo an Zäit vun e puer Minutten e weidert Donnerwieder entstanen. Och hei kënne Knëppelsteng falen, Staarkreen ass ganz warscheinlech. Wandstéiss kënne bedingt och en Thema ginn.
Et zitt a Richtugn Ettelbréck an Dikrech virun.
Radar: RadarOmega
23.06.2022 – 22:16
+++ Staarkt Donnerwieder zitt weider a Richtung Nordwesten +++
23.06.2022 – 22:16
Dat zolitt Donnerwieder, wat de Moment am Raum Leideleng an Eilereng läit, zitt virun a Richtung Schouweiler, Garnech, Holzem, Mamer, Bartréng, Capellen, a Klengbetten. Weiderhi Knëppelsteng, zolitte Staarkreen a Stuermstéiss méiglech!
Hiweis: genee ënnert dem Kär vun der Zell sinn Iwwerschwemmunge méiglech.
Radar: RadarOmega
23.06.2022 – 21:59
+++ Staarkt Donnerwieder elo am Südwesten +++
23.06.2022 – 21:59
Iwwer Téiteng, Kayl, Rëmeleng, Diddeleng ass de Moment en zolitt Donnerwieder mat Knëppelsteng a Staarkreen ënnerwee. D’Knëppelsteng kënnen 2 cm am Duerchmiesser hunn an et kann zu gréissere Reequantitéiten a kuerzer Zäit kommen. Och stiermesche Wand bis hin zu Stuermstéiss kënnen en Thema ginn.
Et zitt op Esch Uelzecht virun, dat ënnert de selwechte Konditiounen. Bascharage ka spéiderhin och dovu getraff ginn.
Radar: RadarOmega
23.06.2022 – 21:02
+++ Donnerwieder mat zolittem Staarkreen & Knëppelsteng südlech vu Lëtzebuerg +++
23.06.2022 – 21:30
Lues a lues gëtt et interessant. Iwwer Amnéville läit de Moment eng zolitt Donnerwiederzell mat Staarkreen a Knëppelsteng, stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss si net ausgeschloss. Se zitt a Richtung Nord-Nordwest virun a ka besonnesch de Raum Esch-Uelzecht & Diddeleng an Zäit vun de nächsten 20 bis 30 Minutten erreechen.
Eng Ofschwächung ass ëmmer nach méiglech.
Radar: RadarScope
23.06.2022 – 21:02
+++ Aktuell: Front deelt sech op +++
23.06.2022 – 21:03
D’Struktur vum Donnerwiedersystem ass amgaangen ze änneren. Et zeechent sech grad d’Bild of, wéi wann sech dat Ganzt an zwee Stécker opdeele géif. Esou wéi d’Kuerzfrist-Modeller och elo gesinn, ass de Risk fir kräfteg Donnerwieder iwwert der Westhallschent vum Land am héchsten, iwwerdeems sech ee Beräich iwwert dem Land kéint opdinn, an deem quasi näischt lafe wäert. Den zweeten Deel vun der Front, riets, kéint eventuell nach den Oste vum Land sträifen.
Dat ass den aktuelle Stand – weider Ännerunge vun der Form vun der Front sinn do net mat abezunn. Et ass also nach net definitiv, mee et kéint e méiglechen Zenario sinn.
Radar: meteociel.fr
23.06.2022 – 20:18
+++ Donnerwiederlinn baut we
ider un +++
23.06.2022 – 20:17
D’Intensitéiten an der Bou-aarteger Signatur um Radar huet zwar liicht ofgeholl, dofir hu sech awer elo och direkt virleefeg vun der Front nei Zelle forméiert. Weiderhi besteet de Risk vu Staarkreen, Stuermstéiss a punktuell och Knëppelsteng.
D’Front läit elo op enger Sträif vun Troyes iwwer Saint Dizier, Nancy iwwer Epinal bis erof op déi franséisch-schwäizer Grenz.
Et gëllt ëmmer nach ofzewaarden, mat wat fir enger Intensitéit dëse System virun den Diere vu Lëtzebuerg stoe wäert.
Radar: meteociel.fr
23.06.2022 – 19:28
+++ Donnerwiedersystem zitt riicht op eis duer +++
23.06.2022 – 19:28
En Donnerwiedersystem läit de Moment iwwert dem ëstleche Frankräich a wäert elo geschwënn d’Géigenden Troyes, Saint-Dizier an Epinal erreechen. En Deel dovun ass, wéi geplangt, an d’Schwäiz ofgedrift a suergt do fir zolitte Staarkreen an och mol méi déck Knëppelsteng.
De System weist um Radar eng bou-aarteg Form (Bow Echo) op, wat en Unzeechen fir eng Böenfront & domat Stuermstéiss ass. Dëst ënnersträicht d’Phänomener, déi an der Virwarnung definéiert goufen. Hei ze liesen: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/
D’Front zitt riicht op Lëtzebuerg duer. Et wäert eis also treffen – just muss ee sech nach d’Fro stellen, mat wat fir enger Intensitéit. Gëtt et méi schwaach, oder hu mir et awer nach mat enger liichter Intensivéierung ze dinn wann et am Laf vum Owend (estim. tëscht 21 an 23h) bei eis ukënnt?
Radar: meteociel.fr