LIVETICKER: Wéi sech d’Situatioun amgaangen ass ze entwéckelen

Hei de Liveticker zur Situatioun, wéi se sech grad entwéckelt.

17.01.2024 – 17:10

Et si Warnungen an Hiweiser viru Schnéifall aktiv.

17.01.2024 – 14:05

Hei nach e puer beandrockend Andréck! Wéi ee gutt erkennt, huet sech plazeweis eng markant Äiscouche forméiert. ❄ Merci fir all d’Material, wat mir per PN a Mail ënner hello@clearsky.lu erageschéckt kréien! 😊

17.01.2024 – 13:08

Am ganze Land ass et naass, an d’Temperature sin am klammen – am séiersten am Süden! Esouguer hei zu Bauschelt fänkt d’Äis un ze schmëlzen. D’Lofttemperatur ass zwar nach ganz liicht am Minus, mee déi direkt Buedemtemperatur réckt an de Plus. Dass Tauwieder asetzt, erkennt een iwweregëns och um Niwwel, deen elo opkënnt.

Vu Süden hier geet d’Gefor duerch glat Stroossen also lues a lues zréck, am längste bleift se wuel un der Nordspëtzt. Verloosst Iech awer nach net ze vill drop a passt weiderhin op, wa Dir mam Auto fuert oder zu Fouss ënnerwee sidd.

De Schnéi gëtt am Laf vum Dag eréischt en Thema. Dozou kënnt deemnächst och e geneeën Artikel. ❄️

17.01.2024 – 13:07

E puer vun Äre Videoen déi Dir eis an de leschte Stonnen erageschéckt hutt! Dir kënnt dat och weiderhi maachen ënner hello@clearsky.lu oder PN.⛸️❄️

17.01.2024 – 11:45

Méissegen bis deels kräftege Reen zitt de Moment iwwert d’Land ewech. D’Temperature leien dobäi ëmmer nach meeschtens tëscht -3 a -1 Grad, just un der Musel gëtt schonn um Plus gekrazt. Dëse Reen kann also ëmmer nach um gefruerene Buedem festfréieren – also Glëtz.

Stand: 17.01.2017 – 11:45

17.01.2024 – 11:21

Vill Leit froe, wou de Schnéi da bleift – an dobäi ass vun Ufank u betount ginn, dass d’Gefor haut net vum Schnéi ausgeet, mee vum Glëtz/Äisreen. Mee jo, dat wat gëschter Owend u Schnéi ugesot gouf, huet sech no de Berechnungen aus der Nuecht esou korrigéiert, dass an der “éischter Phas” eng Sträif méi wäit nërdlech vu Lëtzebuerg betraff ass. ❄

Wat heescht dat elo: Ma d’Loftmassegrenz ass generell méi wäit nërdlech gezunn, wat heescht, dass sech och d’Nidderschlagszorten méi wäit an de Norden verlageren. Doduerch hu mir et haut amplaz just iwwert der Südhallschent am ganze Land mat Glëtz ze dinn – deemno wéi kéinten déi gréisst Zommen dovun tatsächlech am Nordweste vum Land falen.

Mee vum Glëtz elo bei de Schnéi… wéi gesäit et aus? Ma am Laf vum spéideren Owend mécht d’Waarmfront, déi grad vum Süden aus an de Norde wandert, d’Kéier- mee dann als Kalfront. Iwwerall ginn d’Temperaturen dann erëm erof an et kënnt zu weidere Nidderschléi, déi bis muer an de Moien eran als Schnéi erofkommen. Dëse kann och méi kräfteg ausfalen.

Op dëser Grafik gesitt Dir fir all definéierte Punkt de jeeweilegen Duerchschnëtt, berechent aus 11 verschiddene Modeller. Et sinn also MOYENNEN, déi punktuell am Endeffekt ënner- esouwéi och e bëssen iwwerschratt kéite ginn. Wéi och ëmmer: Mir gesinn, dass sech am äusserste Norden am meeschten deet a Saache Schnéi, iwwerdeems et a Richtung Südosten elo net esou immens vill ass.

Muer vum Virmëtten u sollt et awer gréisstendeels dréche bleiwen.

Kommt weiderhi gutt duerch den Dag! 😁

Ënnerstëtzt duerch: Renovation.lu

17.01.2024 – 10:00

De Moment leie mir an engem Beräich mat e bësse manner Nidderschléi, Gefisems ass awer nach ënnerwee. Wéi mir awer gesinn, bleift dat net laang esou. An Zäit vun de nächste Stonne récke weider markant Nidderschléi aus Frankräich an eise Prognoseberäich, duerch déi et weiderhi kann zu Glëtz kommen.

An Tëschenzäit leien d’Temperaturen an der Südhallschent vum Land bei -3 bis -1 Grad – et ka net ausgeschloss ginn, dass d’Wäerter am fréie Mëtten/Nomëtten liichte Plus erreechen. Sollt dat de Fall sinn, da géif de Reen op d’mannst punktuell keng gréisser Gefor méi duerstellen.

Am Norden gesäit et awer e bëssen anescht aus: Nach leien d’Wäerter tëscht -5 a -3 Grad, wat zimmlech déif ass. Et ass éischter onwarscheinlech, dass déi et an de Plus packen, nach ier de weidere méi markante Nidderschlag aus Frankräich nokënnt. De Risk vu méi geféierlechem Glëtz ass also, Stand aktuell, fir déi nächst Stonnen am Norden am héchsten.

Wat ass mam Schnéi? Wéi gesot, verleeft d’Loftmassegrenz méi wäit nërdlech. Dat heescht, dass logescherweis och de Schnéi méi wäit nërdlech zitt, also un eis laanscht. Dat heescht awer NET, dass mir kee Schnéi kréien: Am Laf vum Dag, tendenziell awer méi vum Owend un, gëtt d’Waarmfront, déi de Moment fir d’Loftmassegrenz suergt, réckleefeg. Se zitt wärend der Nuecht als Kalfront iwwert eis ewech a wäert vu Nordwesten hier fir groussflächege Schnéifall iwwer Lëtzebuerg suergen. Doheir kann et muer de Moien duerchaus mol sinn, dass de Schnéi nach fir Auswierkungen op de Verkéier suergt.

Radar: meteociel.fr
Stand: 17.01.2024 – 10:00

17.01.2024 – 09:02

Hei e puer vun de Fotoen, déi mir bis ewell erageschéckt kruten. Weiderer si gär Wëllkomm iwwer hello@clearsky.lu

17.01.2024 – 08:37

Aus Westen/Südwesten si nach vill Nidderschléi ënnerwee, déi och méi kräfteg ausfalen. Bei Temperature vun elo tëscht -6 a -3 Grad am Norden an -3 bis -1 Grad am Süden fréiert de Reen direkt um Buedem, plazeweis fällt och Gegrimmels a Form vun Äis.

De Schnéifall gëtt eréischt méi spéit am Dag en Thema – d’Loftmassegrenz verleeft nämlech méi wäit nërdlech wéi gëschter Owend nach ugeholl. Den Détail dozou.

Stand: 17.01.2024 – 08:36

17.01.2024 – 06:39

An Tëschenzäit ass de Nidderschlag an der Hallschent vum Land ukomm. Wéi ech liesen, handelt et sech elo schonn op de meeschte Plazen ëm Glëtz – wat net gutt ass.
Eis Temperature leien de Moment tëscht -5 a -2 Grad an der Südhallschent, am Norde gi -7 bis -5 Grad gemooss. De Reen fréiert also direkt un alle Géigestänn an um Buedem fest.

Stand: 17.01.2024 – 06:39

17.01.2024 – 06:12

Den Aisrëen ass zu Lëtzebuerg ukomm, passt op Iech op!⚠️

06:12h – Remich

17.01.2024 – 05:54

Déi éischt Nidderschléi kommen elo aus Frankräich erageschwappt, resp. hunn den äusserste Süde vum Land schonn erreecht. Dat sollt fir den Ufank mol nach Schnéi sinn, en direkten Ufank als Glëtz/Äisreen ass awer och méiglech. Haut sinn ech vill vun Ären Observatiounen ofhängeg, dohier géif ech mech iwwer vill Meldunge freeën.

Se leien de Moment op enger Sträif Sterpenich (B), Schouweiler, Leideléng, Contern, Bous, Beuren (D).
Um Warn-Update aus der Nuecht huet sech net vill geännert: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ❄💧

Nach eng Kéier: De Fokus sollt haut net um Schnéi leien. De Grond fir déi grouss Opmierksamkeet sinn déi grouss Quantitéiten u rengem Glëtz, déi berechent ginn.

Stand: 17.01.2024 – 05:54