Liveticker zu den Donnerwieder-Entwécklungen vun haut, 12.09.2023

E Reen- an Donnerwiedergebitt ass aus Frankräich hier a Richtung BeNeLux & Däitschland ënnerwee. An dësem Liveticker hale mir d’Situatioun zesummen am Aen.

12.09.2023 – 19:47

+++ Nowcast: Wéi geet et virun? +++

D’Donnerwieder vu virdrun sinn definitiv duerch! Se hate sech méi oder manner genee iwwert eiser Regioun forméiert an hu sech an Tëschenzäit zu enger ganzer Front zesummegeschweesst, déi sech elo vun der Äifel bis op Koblenz a weider a Richtung Saarland erstreckt. Dëse ganze Konstrukt zitt an de nächste Stonne weider a Richtung Nordosten – also an den de Moien definéierten “erhéichte Risk”-Beräich eran.
Et kommen elo nach e puer Schauere no, am Fall vun enger Ausnam kann et och nach eng Kéier rubbelen – gréisstendeels sollt d’Loft dofir awer eraus sinn.

12.09.2023 – 18:04

+++ Nowcast: Grouss Knëppelsteng bei Réimech +++
12.09.2023 – 18:04

Laut Radardonnéeën falen am Donnerwieder, wat de Moment knapp nërdlech vu Réimech läit, Knëppelsteng mat Gréisste vu knapp iwwer 3 cm am Duerchmiesser.

Et zitt nëmme lues a Richtung Gréiwemaacher a kéint knapp virdrun ganz op déi däitsch Säit driften.

12.09.2023 – 17:48

+++ Nowcast: Opgepasst am Kanton Klierf +++
12.09.2023 – 17:48

D’Donnerwieder zitt elo an de Kanton Klierf eran. De Radardonnéeë no kënnt et net nëmme weiderhin zu zolittem Staarkreen a Knëppelsteng, mee PUNKTUELL kënnen och Stuermstéiss bis 90 km/h optrieden.

12.09.2023 – 17:13

+++ Nowcast: Äusserste Nordwesten och elo un der Rei +++
12.09.2023 – 17:13

Vun der Belsch hier beweege sech elo déi nächst kräfteg Donnerwieder an d’Land eran, déi viraussiichtlech de Nordwesten a Norde vum Land wäerten beschäftegen. Genee wéi virdru schonn op anere Plazen, sinn och dës Kéier punktuell méi zolidd Entwécklungen duerch extreeme Staarkreen, Knëppelsteng a Stuermstéiss méiglech. Iwwerschwemmunge kënne virkommen.

12.09.2023 – 16:41

+++ Nowcast: Donnerwieder weiderhi quasi-stationär +++
12.09.2023 – 16:41

D’Donnewieder läit elo mat sengem stäerksten Deel knapp nordëstlech vu Kautebaach am Raum Konstum a Friedbusch. Nieft dem extreeme Reen ass mat Knëppelsteng ze rechnen, déi deels méi wéi 2,5 cm kënnen déck ginn. Punktuell huet et 45 l/m² gereent, et muss also mat klengen Iwwerschwemmungen gerechent ginn. Maacht lues, wa Dir an dësem Beräich ënnerwee sitt!
Weidere staarken Uschloss kritt d’Donnerwieder elo och erëm aus dem Raum Eschduerf an Esch-Sauer, wou änlech Entwécklunge méiglech sinn.

12.09.2023 – 16:15

+++ Nowcast: Iwwerschwemmunge méiglech +++
12.09.2023 – 16:14
D’Donnerwieder iwwert dem Norden, op dëser Kaart tëscht Eschduerf, Esch-Sauer, Kautebaach a Kiischpelt, huet laut Radarmiessunge no op d’mannst punktuell schonn bal 30 l/m² Reen ofgeschmass, wat natierlech kuerzzäiteg fir Beanträchtegungen am Verkéier suerge kann, dat deemno wéi och duerch Waasser an der Strooss.
Et zitt net séier virun, wouduerch et elo nach e gutt Stéck laang esou intensiv ka viru reenen.

12.09.2023 – 15:45

Dat éischt Donnerwieder vum Dag läit elo bei Eschduerf an zitt a Richtung Klierf virun. Mam Donnerwieder-Tracker kënnt Dir d’Zellen stänneg a quasi-live matverfollegen: https://meteoboulaide.com/donnerwieder/

Stand: 12.09.2023 – 15:45

12.09.2023 – 14:34

+++ Nowcast: Et deet sech eppes +++

Iwwer Frankräich forméiert sech elo esou lues d’Donnerwieder-Déif, wat vun de Modeller berechent gouf. Am giel markéierte Beräich ass an de nächste Stonne mat Intensivéierungen ze rechnen, wat eben och an e puer kräftegen Donnerwieder wäert resultéieren. Och wa Lëtzebuerg matten um Lafwee läit, ass duerno awer entscheedend, wéi intensiv d’Gebitt ass, wann et bei eis ukënnt.

Kaart: meteociel.fr

12.09.2023 – 10:05

Erausginn: Dënschden, 12. September 2023 09:01

Gëlteg vun: Dënschden, 12. September 2023 10:00
Gëlteg bis: Mëttwoch, 13. September 2023 06:00

Betrëfft: Nordfrankräich, BeNeLux & Däitschland

D’Virwarnungen sinn op Mëtteleuropa generell, mee awer och nach eng Kéier op Lëtzebuerg eenzel opgedeelt. All d’Informatiounen, inkl. kantonbaséierte Warnungen (elo nei), fannt Dir ënner https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

12.09.2023 – 08:34

DONNERWIEDER-OUTLOOK: Duerch eng Konvergenzzon, déi sech vu Frankräich iwwer BeNeLux bis an de Norde vun Däitschland erstreckt, ass am Laf vum Dag mat Donnerwieder ze rechnen. Dës kënne punktuell virun allem a Saache Staarkreen méi kräfteg ausfalen. De ganzen Outlook fannt Dir hei.