Liveticker zu den Donnerwieder-Entwécklungen vun haut, 24.08.2023

Aus Westen kommen d’Iwwerreschter vun engem Donnerwiedersystem opgezunn. Och duerno si weider Donnerwieder net ganz ausgeschloss.

24.08.2023 – 21:08

+++ Nowcast: Zolitten Donnerwiedersystem iwwer SW Däitschland & N Schwäiz +++

Virun e puer Stonnen hate mir eis de weidere Verlaf vun dësem Donnerwiederdag ugekuckt. Wéi mir op dësem Satellittebild schéi gesinn, ass den zolitten Donnerwiedersystem genee dem markéierte Beräich nogaangen, deen mir eis den Owend an engem anere Post ugekuckt haten. Zur selwechter Zäit hält e sech och un d’ERHEICHTE RISK-Markéierung aus dem Donnerwieder-Outlook vun haut de Moien.

Op dëser Kaart gesitt Dir net d’Nidderschlagsintensitéit, mee d’Wollekentemperatur. Genee iwwert dem System ginn deelweis -70°C erreecht, wat fir en immens héijen Äisschierm & en zolitten Donnerwiedersystem schwätzt. Ënnert dem System goufe bis ewell Spëtzte vun tëscht 107 an 130 km/h gemooss, d’Statioun Beringer Randen (675m iwwer Mieresspigel) huet esouguer eng Vitesse vun 174 km/h registréiert. Et ass also e ganz markante System, deen do ënnerwee ass.

Satbild: EUMETSAT / DWD

24.08.2023 – 17:57

+++ Nowcast: Zolidd Donnerwieder sträift de Südosten +++

24.08.2023 – 17:57

En zolidd Donnerwieder zitt mat sengem kräftegsten Deel knapp südëstlech vun eisem Land laanscht a sträift mat engem Deel vu sengem Nidderschlag nach de Raum Schengen an den äusserste Südosten. Op der lëtzebuergescher Säit si stiermesch Wandstéiss a Staarkreen méiglech, op der däitscher Säit esouguer zimmlech warscheinlech. Vitessen bis 85 km/h kënnen optrieden.

24.08.2023 – 17:18

+++ Nowcast: Méigleche Sträifschoss fir de Südosten +++

Op enger Sträif vu Jarny, Marly & Pont-à-Mousson läit e staarkt Donnerwieder mat Staarkreen a Stuermstéiss, wat a Richtung Nordosten virunzitt. Aktuellem Donnerwieder-Tracker no kéint et sinn, dass den äusserste Südoste vum Land (Raum Schengen) an enger gudder hallwer Stonn kéint dovu gesträift ginn, falls et net u Form an Intensitéit verléiert.

Link: Donnerwieder-Tracker

24.08.2023 – 16:49

+++ Nowcast: Wéi geet et elo virun? +++

Den ugekënnegten Donnerwiedersystem huet eis erreecht, inklusiv e puer weideren Entwécklungen, déi direkt hannendrun mat dobäi waren. D’Blëtzaktivitéit hëllt of, et reent sech aus – wat een och nach als “gewittriger (Dauer)Regen” ka beschreiwen. Dat eenzegt warnrelevant sinn héchstens e puer vereenzelt méi kräfteg Zellen, iwwerdeems et meeschtens einfach normale Reen ass.

Den Donnerwiederdag geet awer op anere Plazen eréischt un. Vum nordëstleche Frankräich iwwer Deeler vun der Schwäiz bis an de Süde vun Däitschland eran ass an de nächste Stonne mat zolitten Entwécklungen ze rechnen, dat mat schwéiere Stuermstéiss vun iwwer 100 km/h, Knëppelsteng a Staarkreen – dëse Beräich war de Moien am Donnerwieder-Outlook och als ERHEICHTE RISK gekennzeechent.

Wéi ass et dann elo mat Lëtzebuerg? Bis de Reen ganz duerch ass, dauert et wuel nach e bëssen. Aus aktueller Siicht kann ee nach gutt mat 1:45h rechnen, falls dann näischt méi hannendrun ubaut. Verschidde Modellrechnunge no kéint et dann an der Nuecht op e Neits usetze mat eenzelnen Donnerwieder, mee dat ass zimmlech onsécher a muss ofgewaart ginn.

Satbild: EUMETSAT / DWD, Edit: Météo Boulaide

24.08.2023 – 15:24

WARNUNG: Donnerwieder
Erausginn: Donneschden, 24. August 2023 15:15
Gëlteg vun: Donneschden, 24. August 2023 15:12
Gëlteg bis: Donneschden, 24. August 2023 17:30

Warn-Niveau: 1 / 3

Betrëfft: Lëtzebuerg

An de nächste Stonnen zéien aus Südwest weider Schaueren an Donnerwieder op, “gewittriger Regen”, wann een esou wëll. Dëse ka méi laang um Stéck unhalen, wouduerch lokal och nennenswäert Zommen vun tëscht 10 a 25 l/m² kéinten zesummekommen. Ënnert méi kräftegen Zellkäre kënne stiermesch Wandstéiss a kleng Knëppelsteng virkommen.

24.08.2023 – 14:44

Aus Westen/Südwesten kommen eis esou lues déi nächst Staarkreen- & Donnerwiederzellen méi no, déi punktuell erëm Warnschwellen kënnen erreechen.

24.08.2023 – 14:02

+++ Nowcast: Mir sinn nach net duerch +++

D’Donnerwieder aus der leschter Stonn war vum Bléck hier beandrockend, warnrelevante Staarkreen ass awer nëmme punktuell virkomm.

Iwwert dem nërdleche Frankräich, am Raum Laon a Soissons, läit e méi kräftegt Segment vun engem Donnerwiedersystem, wat a Richtung Osten ënnerwee ass. Sollt et seng Intensitéit bäihalen, da wier et an eppes méi wéi enger Stonn an eise Géigenden.

D’Warnunge bleiwen aktiv.

Radar: meteociel.fr

24.08.2023 – 13:13

E méi kräftegt Donnerwieder zitt de Moment an de Westen vum Land eran, dat mat enger beandrockender Böenfront! Et ass mat stiermesche Wandstéiss, mee virun allem mat Staarkreen ze rechnen.

Stand: 24.08.2023 -13:10

24.08.2023 – 12:45

WARNUNG: Donnerwieder

Gëlteg vun: Donneschden, 24. August 2023 13:00
Gëlteg bis: Donneschden, 24. August 2023 14:30

Aus Westen kënnt elo, wéi beschwat, den Donnerwiedersystem eragezunn, duerch deen et virun allem zu Staarkreen kënnt. Dobäi kënne punktuell begrenzt tëscht 10 an 30 l/m² a kuerzer Zäit erofkommen, esouwéi och stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 70 a 85 km/h optrieden. De Risk vu Knëppelsteng ass kleng mee net inexistent.

Stand: 24.08.2023 12:43

24.08.2023 – 12:11

Mam neien Donnerwieder-Tracker um Site an an der App kënnt Dir elo live matverfollegen, wou d’Donnerwieder drun ass a wouhin et zitt. De System, deen op eis duerkënnt, ass elo schonn gutt ze erkennen: https://meteoboulaide.com/donnerwieder/