Liveticker zu den Donnerwieder mat lokalem Onwiederpotenzial

Déi meescht Modeller si sech driwwer eenz, dass eis am Laf vun der Nuecht Schauere mee och Donnerwieder erreechen. Punktuell ka net ausgeschloss ginn, dass dës och mol méi kräfteg ausfalen. Dëse Liveticker gëtt all 2 Minutte nei gelueden.

20.06.2022 – 03:13

+++ Den éischte Pak ass duerch +++
20.06.2022 – 03:13

De Stroum ass no enger méi laanger Zäit och erëm do, hei also e frëschen Update.

Déi rezent Donnerwieder sinn duerch an hu punktuell besonnesch heftege Staarkreen matbruecht -> Waasser an de Stroossen. Och Knëppelsteng bis ëm 2 cm am Duerchmiesser waren dobäi. De Wand war och spierbar ënnerwee, huet sech awer mat 67 km/h zu Ëlwen a Grenze gehalen – op mannst mol do, wou Statioune stinn. Radarmiessunge no ass de meeschte Reen vun enger Sträif vun Arel bis erop iwwer Réiden, Béiwen u. d. A., Buerschent bis an Däitschland eriwwer erofkomm, dat mat 10 bis punktuell bal 30 l/m² an Zäit vun (lokal manner wéi) enger Stonn.

Aus Frankräich komme weider Nidderschléi no. Heibäi handelt et sech awer haaptsächlech ëmt e grousst Reegebitt, an dat just nach punktuell mol en Donnerwieder mat Staarkreen agebonnen ass. Am Ëmfeld vun dëse kann de Wand och nach eng Kéier lierfhaft ginn, sollt sech awer normalerweis nach méi a Grenzen hale wéi virdrun.

Eis Natur kritt endlech mol erëm bësse Waasser, wat awer leider och net all ze vill hëllefe wäert.

Radar: meteociel.fr

20.06.2022 – 02:06

Duerch déi vill Blëtzer kënnt et de Moment zu enger gréisserer Stroumpanne am Norde vum Land – dohier kënnt et zu Aschränkungen mam Liveticker. D’Donnerwieder konzentréiere sech de Moment op e Beräich tëscht der Houschter Déckt bis iwwer Ettelbréck ganz erof op Gonnereng. Et zitt a Richtung Nordoste virun a wäert also an de nächsten 30 bis 60 Minutten an Däitschland ukommen. Bis dohi besteet weiderhin de Risk vu Staarkreen, Knëppelsteng a punktuell stiermesche Wandstéiss.

20.06.2022 – 01:11

+++ Aktuell: Zolitt Wieder am Raum Klierf, weider Wiederen aus Südwesten +++
20.06.2022 – 01:11

Zanter dem leschten Update huet sech den zolitten Zellkär elo op Klierf hin verlagert, dat mat zolittem Staarkreen a méigleche Knëppelsteng vun 1 bis 2 cm am Duerchmiesser (punktuell net ausgeschloss). De Risk vu stiermeschem Wand besteet och. D’Zell zitt all Moment knapp südlech un Hëpperdang laanscht. Imminent betraff: Fëschbech.

An déi aner Richtung hu mir e weidert Donnerwieder, wat an de nächsten 15 bis 30 Minutten aus dem Südwesten eropgezu kënnt an esou Deeler vum Südwesten a Weste vum Land treffen. Et kënnt haaptsächlech zu Staarkreen a punktuell mol stiermesche Wandstéiss. Lokal si Knëppelsteng net ausgeschloss, de Risk ass awer manner grouss wéi ënnert dem Donnerwieder am Norden.

Radar: RadarScope

20.06.2022 – 00:49

+++ Opgepasst: Donnerwieder mat Staarkreen & Knëppelsteng am Nordwesten +++
20.06.2022 – 00:49

Déi éischt Donnerwieder hunn de Nordweste vum Land erreecht, dat gréisstendeels mat Staarkreen a punktuell méi kräftege Wandstéiss.
Een vun de kräftegsten Zellkäre läit de Moment bei Chamont a wäert all Moment iwwer d’Grenz a Lëtzebuerg eriwwerzéien. An der direkter Zuchbunn leien do Gégiende wéi d’Gemeng Bauschelt, d’Uertschafte Wanseler, Tarchamps, Soller, Donkels, Noutem, … Et kann zu Knëppelsteng vun 1 bis 2 cm am Duerchmiesser kommen, esouwéi zu Stuermstéiss bis 90 km/h.

Radar: RadarScope

20.06.2022 – 00:15

+++ Donnerwieder mat Knëppelsteng westlech vun eis +++
20.06.2022 – 00:15

Am Raum Chiny, Bertrix, Neufchâteau an der Belsch ass ëmmer nach dat Donnerwieder aktiv, wat e méi kräftege Kär huet. An dësem kënnt et zu zolittem Staarkreen, Wand an och mol zu Knëppelsteng. D’Zell ass ëmmer nach a Richtung Nordosten ënnerwee a géif d’Ëmgéigenden Martel (B) a gutt 30 Minutten erreechen. Se muss definitiv am Aen gehale ginn.

De gréisseren Deel vun der Donnerwiederaktivitéit läit de Moment ëmmer nach iwwert dem nërdleche Frankräich. D’Unzuel vun de méi kräftegen Zellkäre geet zréck, wat bedeit, dass alles a ganz luesem Tempo ufänkt, e normalt Reegebitt ze ginn, an dat nach e puer eenzel Donnerwiederzelle mat agelagert sinn. Ech si gespaant, a wéi enger Form et an eise Géigenden ukomme wäert.

Radar: RadarScope

19.06.2022 – 23:38

+++ Aktuell: Donnerwieder an der Groussregioun +++
19.06.2022 – 23:37
Lues a lues kënnt eis d’Gebitt mam Reen an och mat den Donnerwieder méi no.

De Moment gëtt et westlech bis südwestlech vu Lëtzebuerg eng méi kräfteg Donnerwiederzell bei Le Chesne a Frankräich, net wäit vun der belscher Grenz ewech. Et zitt de Moment op de Raum Virton a Neufchâteaux zou. Radarbiller no kënnt et am Kär zu zolittem Staarkreen an och mol Knëppelsteng. Wat explizit dësen Zellkär ugeet gëtt elo gekuckt, wéi “gesond” e bleift wat en der lëtzebuergescher Grenz méi no kënnt. Nach besteet d’Méiglechkeet, dass et signifikant méi schwaach gëtt, ier et bei eis ukënnt.

Dann hu mir nach e gréissert Gebitt mat Schaueren an agelagerten Donnerwieder, bei deenen et zu Staarkreen komme kann. Ënnert de kräftegsten Zellkäre si Knëppelsteng a markant Wandstéiss méiglech. Dëst Gebitt befënnt sech am Raum Troyes, Châlons-en-Champagne, Epergnay, Reims, … an zitt a Richtung Nord-Nordost bis Nordost.

Méi wäit südlech, op enger Sträif vun Orléans erof op Châteauroux, läit eng wurscht aus méi kräftege Nidderschléi. Et kënnt zu enger méisseger bis staarker Blëtzaktivitéit. Haaptrisk: Staarkreen.
Nach méi wäit südlech, an engem Beräich vu Le Blanc erof op Bergerac, geet alles lues a lues a Landreen iwwer. Just bei Lalinde, knapp ëstlech vu Bergerac, ass nach en Ausnamefall a Form vun enger méi kräfteger Zell ënnerwee.

Radar: meteociel.fr

19.06.2022 – 22:17

+++ Aktuell: Donnerwieder komme méi no +++
19.06.2022 – 22:17

Vum nërdleche Frankräich bis erof an de Süden zitt sech elo eng Zon mat Schaueren an Donnerwieder.

Déi noost Zellen hu sech virun e puer Minutte bei Reims forméiert, déi aner Area Of Interest läit am Beräich Troyes, Sens, Montargis, Nemours, Avon.
Hannert dësem Gebitt hu mir dann nach e frontenaartëgt Segment ëstlech vun Tours leien, wat och a Richtung Nordosten zitt.

D’Richtung stëmmt also quasi perfekt. Elo bleift just nach ofzewaarden, ënnert wéi enger Intensitéit d’Nidderschléi am Laf vun de nächste Stonnen weider op BeNeLux duerzéien. De Moment kënnt et an direkter Ëmgéigend vun de Wiederen zu Staarkreen, Knëppelsteng an och mol zu staarke Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss.

Radar: meteociel.fr

19.06.2022 – 20:45

+++ Aktuell: Donnerwiederlinn forméiert sech iwwer Frankräich +++
19.06.2022 – 20:45

Esou séier kann et goen. Vu Südfrankräich bis erop an den Zentrum huet sech an Tëschenzäit e ganzt Gebitt mat Donnerwieder forméiert, déi deelweis och linnefërmeg organiséiert sinn.
Wa mir schonn vu Strukture schwätzen: besonnesch am Beräich Châteauroux, Argenton-sur-Creuse, Loches a südlech vun Orléans ass déi eng oder aner potenziell Superzell ënnerwee. Eng eendeiteg Signatur fir Rotatioun gëtt et de Moment südëstlech vu Le Blanc, déi aner bei Saint-Gemme.

Dëse Konstrukt aus Superzelle soll sech, esou de Modeller no, an de kommende Stonnen an en Donnerwiedersystem ëmwandlen. Mat dobäi komme nach weider Donnerwiederzellen aus dem déiwe Süde vu Frankräich no.
Esou kéint et gutt sinn, dass dat iwwert dem südleche Frankräich als Landreen mat deels mol Blëtz an Donner um fréie Méindemoie bei eis ukomme kéint. Dat anert, wat méi wäit nërdlech läit, huet déi héchst Probabilitéit fir an der zweeter Nuetshallschent am BeNeLux-Raum och nach als méiglechen Donnerwiedercluster unzekommen.

Radar: meteociel.fr

19.06.2022 – 19:36

+++ Nowcast: Zündung iwwer Frankräich +++
19.06.2022 – 19:36

Am erwaarte Gebitt fänke sech iwwert dem südlechen a mëttlere Frankräich un, Donnerwieder ze forméieren. Elo gëllt et dat ganzt am Laf vun de nächste Stonnen am Aen ze halen.
Eis steet keng immens Onwiederlag un, nëmme punktuell kann et innerhalb vun dësem Donnerwiedergebitt an den onwiederaartege Beräich eragoen. Déi héchst Donnerwiederwarscheinlechkeet an eise Géigende besteet vu kuerz viru Mëtternuecht bis muer de Moie fréi.

Radar: meteociel.fr