LIVETICKER zur Donnerwiederlag an der Groussregioun vum 15.07.2024

An dësem Artikel fannt Dir lafend nei Informatiounen iwwert d’Donnerwiederlag haut um Méinden.

15.07.2024 – 22:10

D’Front, déi mir virdrun ugeschwat haten, erreecht all Moment de Westen an zitt dann iwwert de Rescht vun der Nordspëtzt ewech. Meeschtens gi keng Warnschwellen erreecht – wat awer net heescht, dass de Wand roueg bleift. Stiermesch Wandstéiss bis 75 km/h si méiglech souwéi awer och Staarkreen.

Stand: 15.07.2024 – 22:10

15.07.2024 – 21:39

Aus Westen kënnt elo deemnächst nach eng Front eran. Un hir kënnt et zu Staarkreen, och stiermesch Wandstéiss si méiglech. Et handelt sech heibäi ëmt e Wiederhiweis, keng Warnung. Sollt sech dat awer änneren, an en Upgrade ass néideg, da gitt Dir dat natierlech gewuer.

SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡

15.07.2024 – 21:39

15.07.2024 – 20:52

D’Donnerwieder zéie méi oder manner “no Plang” duerch déi am Donnerwieder-Outlook definéiert Gebitter. Un der Grenz zu Baden-Württemberg goufe viru kuerzem orkanaarteg Wandstéiss vu bis zu 112 km/h gemooss. Wat d’Wieder heiheem betrëfft, ass eent vun de méi kräftege Segmenter esou ganz knapp un eis laanschtgeschrammt an zitt elo ëmmer nach iwwert d’Saarland esouwéi Rheinland-Pfalz.

A Richtung Südweste gesi mir awer weider Zellen op eis duerkommen. Se befanne sech tëscht Reims a Verdun, kommen eis also ëmmer méi no. Un hinne kënne nieft Staarkreen och stiermesch Wandstéiss bis Stuermstéiss optrieden. Dohier sollt een dat ganzt mol nach weiderhin am Aen halen!

SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

Stand: 15.07.2024 – 20:52

15.07.2024 – 20:20

Wéi mir et bis elo gutt konnten matverfollegen, ass dat éischt Segment vum Donnerwiedersystem haaptsächlech iwwert d’Saarland ewechgezunn. Am Raum Mäerzeg, mee och zu Tréier, koum et zu Stuermstéiss a staarkem Reen mat punktuelle “Flash Floods”.

Elo réckt eise Fokus erëm méi wäit an de Westen: An engem Beräich vu Reims bis op Troyes erof läit eng weider Front mat agelagerten Donnerwieder. Se ass op Lëtzebuerg ënnerwee a géif gréisser Deeler vum Land erwëschen. Wat een elo leider nach net ka beäntferten ass, wéi staark dës nach wäerte sinn, wa se bis virun eiser Grenz ukomm sinn. Dohier hale mir dat ganzt einfach mol weider gemittlech am Aen.

Stand: 15.07.2024 – 20:20

Radar: meteociel.fr

15.07.2024 – 19:17

An de nächste Minutten zitt e staarkt Donnerwieder mat Stuermstéiss, Knëppelsteng a Staarkreen an d’Saarland eran, tendenziell an de Raum Merzeg, Orscholz a Mettlach. Oppassen, wa Dir do ënnerwee sitt!

SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

Stand: 15.07.2024 – 19:21

15.07.2024 – 19:09

Aktuelle Screenshot aus dem SkyWatch (hei ze fannen: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/)

Dat wierklech relevant läit aktuell knapp ëstlech vu Rombach (Frankräich) an zitt weiderhin a Richtung Saarland/direkt Grenzgebitt zu Lëtzebuerg. Et kënnt zu Staarkreen, Stuermstéiss an och Knëppelsteng.

Iwwert dem Land selwer gouf bis ewell just déi eng Zell bei Stroossen mat enger niddereg ugesater Warnung versinn, well d’Warnschwell vu 15 l/m² a kuerzer Zäit punktuell erreecht gëtt. En Onwieder ass dëst awer net.

Geschwënn leeë mir de Fokus op eng aner “Well” un Donnerwieder, déi am Raum Troyes a Reims läit. Dës kënne no 20 Auer fir eis relevant ginn.

Stand: 15.07.2024 – 19:09

30.06.2024 – 01:04

Lues a lues komme Lächer an d’Reegebitt – et gëtt also lues a lues manner. De Modellrechnunge no soll eis an e puer Stonnen awer “neie” Reen aus Westen erwaarden. D’Gefor vu Stuerm a Knëppelsteng existéiert net méi. Bis ewell si punktuell bis zu 70 l/m² gefall, virun allem am Südweste vum Land.

Merci fir Äert Vertrauen an de leschte Stonnen! ⚡

Stand: 30.06.2024 – 01:04

15.07.2024 – 18:02

Am Grand Est hu sech elo nach weider Zellen forméiert. Déi, déi eis am noste leien, sinn aktuell bei Metz aktiv. Et handelt sech ëm zwou Superzellen – also kräfteg bis zolitt Donnerwiederzellen mat engem rotéierendem Opwand. Aktuelle Radardonnéeë no falen un der ëstlecher Zell Knëppelsteng bis 3 cm am Duerchmiesser, fir déi lenks niewendrun ginn et aktuell keng – an awer ass dës duerch potenziell Stuermstéiss a Staarkreen warnrelevant. Se zéien a Richtung äusserste Südoste vum Land/Saarland duer. Dës Warnunge sollten och geschwënn am SkyWatch ënner https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ opdauchen.

Méi wäit südlech ass dann den eigentleche System, also déi zesummegeschloss Linn, déi mir an de leschte Posts gesinn hunn. Dës géif, Stand aktuell, ëmmer nach laanschtzéien.

Mee dovu soll ee sech net blende loossen: Méi wäit am Westen, am Raum Auxerre bis Paräis, forméiere sech weider Zellen. Sollten déi sech duerchsetzen, dann hätte se däitlech besser Chancen, op Lëtzebuerg ze kommen.
Eng zimmlech kniffleg Situatioun de Moment.

Stand: 15.07.2024 – 18:02

15.07.2024 – 16:58

E Zoom op de fir eis relevante Beräich. Am orangen läit aktuell en ëmmer besser organiséierten Donnerwiedersystem. Wéi am Post virdru gesot, ass et fir eis wichteg, wat am giele Beräich geschitt. Am Verglach mam leschten Update huet sech an Tëschenzäit eng kleng Linn mat agelagertem Donnerwieder forméiert, mee vill ass et ëmmer nach net.

Wat et ze beobachte gëllt ass, ob sech d’Lück tëscht dësem éischter klenge Segment an dem gréissere System geschwënn ergänzt. Wa jo, da wandert et op eist Land duer. Sollt sech dat awer net esou ergänzen, da besteet d’Méiglechkeet, dass de wierklech nennenswäerten Deel vum System esou just südëstlech un eis laanschtzitt.

D’Situatioun ass de Moment also zimmlech kniffleg. Egal wéi et kënnt, mir halen dat zesummen am Aen 😉

Stand: 15.07.2024 – 16:58
Radar: meteociel.fr

15.07.2024 – 15:54

Zumools iwwert dem Westen vun der Auvergne esouwéi dem Südwesten vun der Bourgogne läit de Moment schonn e kräftegt Segment vum ugekënnegte quasi-linearen Donnerwiedersystem. Dëse beweegt sech an ëstlech bis nordëstlech Richtunge virun an ass och ëmmer nach am Entwécklungsstadium. De Beräich ass orange gekennzeechent.

Nërdlech dovun, am gielen, fanne mir de Beräich, deen fir eis zu Lëtzebuerg interessant ass. Nach huet sech hei net vill forméiert, mee dat soll sech de Modeller no an de nächste Stonnen änneren. Sollt et awer net geschéien, dann hänkt et ganz dovun of, wéi wäit sech de nërdlechen Deel vum System, deen orange markéiert ass, nach a Richtung Norden verbéit.

Heescht: Jo, d’Potenzial besteet. Mee wann ee sech freet, wéi genee et wäert verlafen, da begéint een nach e puer Fragezeichen. Dohier hale mir dat, wéi gewinnt, ganz a Rou am Aen a kucken, wat déi nächst Stonnen esou bréngen.

Radar: meteociel.fr
Stand: 15.07.2024 – 15:54

15.07.2024 – 13:55

Erausginn: Méinden, 15. Juli 2024 13:55
Gëlteg vun: Méinden, 15. Juli 2024 15:00
Gëlteg bis: Dënschden, 16. Juli 2024 00:00

Iwwer Frankräich forméiere sech déi éischt Donnerwieder. Wéi och déi neist Modellrechnunge confirméieren, besteet de Risk vun engem quasi-linearen Donnerwiedersystem (QLCS), deen sech vum nërdleche Frankräich/Süde vu BeNeLux bis deels esouguer an d’Schwäiz soll erstrecken. Mat senger ëstlecher bis nordëstlecher Zuchrichtung gerode mir also och ënnert den Afloss dovun. D’Fro ass, wéi intensiv d’Segment wäert sinn, wat eis erreecht. De Modeller no besteet op alle Fall de Risk vu Stuermstéiss bis 90 km/h, am Worst Case sinn awer och bis ëm 110 km/h net ausgeschloss. Op zweeter Plaz ass de Reen, deen op verschiddene Plazen ënnert der Front och zolidd kann ausfalen – temporär Iwwerschwemmunge net ausgeschloss. De Risk vu Knëppelsteng ass iwwer Frankräich méi grouss wéi bei eis, an awer ass en net null.
De System soll géint +/- 20 Auer bei eis zu Lëtzebuerg ukommen, an dann iwwer Nuecht an Däitschland aktiv sinn.

Hiweis: Ënnert enger Virwarnung versteet een, dass d’Konditiounen innerhalb an/oder ronderëmt déi agezeechent Géigenden favorabel sinn fir warnrelevant Wiedergeforen. Et kënne sech awer nach Eenzelheeten wéi Intensitéit an Zuchrichtung änneren.

15.07.2024 – 09:20

🟠 Donnerwieder-Outlook: Am Nomëtte forméiert sech en Donnerwiedersystem (sougenannte QLCS) iwwer Frankräich, deen am Laf vum Owend an eis Groussregioun gezu kënnt. Fokus: Stuermstéiss a Staarkreen. Wou déi stäerkst Segmenter wierklech optrieden, muss ofgewaart ginn.

Détailer dozou fannt Dir hei