LIVETICKER zur Donnerwiederlag haut, 11. Juli 2023

Eng aussergewéinlech Onwiederlag steet fir eis Nopeschlänner un, mee och op Lëtzebuerg kënne sech potenziell warnrelevant Donnerwieder veriiren. Dëst ass de Liveticker, en aktualiséiert sech all Minutt vum selwen!

11.07.2023 – 23:16

+++ Nowcast: Kalfront kënnt méi no +++

Wéi op Social Media, dorënner och am Météoflash ugedeit, forméiere sech de Moment nei Schaueren an Donnerwieder entlaang der Kalfront, déi aus Westen eragezu kënnt. Zwar misst sech nach e bësse méi wäit südlech eppes forméieren, fir dass et op Lëtzebuerg kënnt – onméiglech ass dëst eenzelne Modeller do awer net. Géigende nërdlech vun eis kréien op alle Fall Reen doduerch of.
Sollt eppes entstoen, da wier dat vun der Intensitéit hier ëm Welte net mam Donnerwiedersystem iwwer Süddäitschland ze vergläichen.

Radar: meteociel.fr

11.07.2023 – 21:08

Ze beandrockend fir net ze weisen: Den Amboss/Äisschierm vum massiven Donnerwiedersystem a Frankräich mësst de Moment méi wéi 800 Kilometer am Duerchmiesser! Déi mëllecheg Wolleken déi mir grad iwwert eise Käpp gesinn komme vum selwechte System, wéi déi Wolleken déi een de Moment esouguer an Italien gesäit.

D’Wolleken-Tops hunn deels Temperature vu -70 bis -80°C! Dëst ass en immens geféierleche System.

Satbild: DWD / EUMETSAT

11.07.2023 – 20:29

Op dëser Grafik gesäit een, wéi genee sech d’Donnerwieder haut un den Donnerwieder-Outlook halen. Wéi de Moie gesot, huet bei eis just e klenge Risk dovu bestanen, dass mol e puer warnrelevant Zellen optrieden – wat jo och geschitt ass. Knëppelsteng bis 2 cm waren dobäi, an och mol stiermesche Wand laut Radarmiessungen.

Dëst alles ass awer, wéi gesot, näischt géint dat, wat iwwert dem Osten/Nordoste vu Frankräich, dem Nordwesten/Norde vun der Schwäiz an geschwënn och am süde vun Däitschland geschitt. Et besteet en HEIJE RISK vun extreeme Wiederphänomeener. De besote System ass entstaanen an ass androcksvoll och per Blëtzaktivitéit op dëser Grafik hei ze gesinn. Bis ewell goufen 10 cm grouss Knëppelsteng an immens staark Wandstéiss gemellt. Fir déi nächst Stonne geet de Risk vu schwéieren Orkanstéiss däitlech an d’Luucht, op d’mannst punktuell kann et mol a Richtung 130/150 km/h goen.

Grafik: Météo Boulaide Donnerwieder-Outlook & blitzortung

Stand: 11.07.2023 – 20:22

11.07.2023 – 20:04

Elo just sinn déi “lescht” Schaueren/Donnerwieder aus dem Land erausgezunn. Vu Süden hier schéngt elo mol nach e klengen a schwaache Fleck Reen unzekommen, deen sech awer nach kéint opléisen ier en de Kierchbierg erreecht.

11.07.2023 – 19:02

Dëst Satellittebild weist d’Temperatur vun de “Cloud Tops”, bei dësem Beispill esouguer mat bal -70°C! Dat weist, wéi intensiv de System ass, deen sech do de Moment forméiert. Déi op der Grafik agezeechent Géigende musse sech an de nächste Stonnen op eppes gefaasst maachen. Weider Infos an de vergaangene Posts oder ënner https://meteoboulaide.com/donnerwieder/

Bis ewell goufe Knëppelsteng esou grouss wéi Tennisbäll observéiert, an de nächste Stonne klëmmt de Risk vun extreeme Wandvitessen bis deemno wéi 150 km/h.

Lëtzebuerg kënnt laanscht dëse System, net mëssverstoen.

Satbild: DWD/EUMETSAT

11.07.2023 – 18:35

11.07.2023 – 18:19

Dat warnrelevant Donnerwieder aus dem Raum Wolz zitt elo iwwert de Groussraum Klierf ewech. Et ass mat stiermesche Wandstéiss an och Knëppelsteng ze rechnen.
Gëllt bis 18:30, gëtt verlängert falls néideg.

Radar: RadarScope

11.07.2023 – 18:04

+++ Déi nächst Stonnen +++

Déi Donnerwieder, déi de Moment ronderëmt an och a Lëtzebuerg ënnerwee sinn, sinn op gutt Lëtzebuergesch “Pipifax” géint dat, wat de Moment am Oste vu Frankräich entsteet.
De besoten massiven a geféierlechen Donnerwiederkomplex forméiert sech a wäert an de nächste Stonnen de Wee innerhalb vun der moofer Markéierung hannert sech bréngen. Erënnerung: Météo France esouwéi och aner Wiederportaler a Spezialisten schwätzen haut déi selwecht Sprooch, et ass mat aussergewéinlechen Intensitéiten ze rechnen. Dëse System soll südlech un eis laanschtgoen – mee trotzdeem halen ech dat Ganzt weiderhin am Aen, et wees een jo ni wat fläit awer nach méi wäit ausgräift.

Satbild: DWD / EUMETSAT, Edit: Météo Boulaide

11.07.2023 – 17:36

WARNUNG: Donnerwieder

gëlteg bis 11.07.2023 – 18:30

** gëtt verlängert falls néideg **

Immens vill Zellen kommen aus Frankräich eropgezunn. Vill dovu si just Reen, vereenzelter kënnen zu warnrelevanten Donnerwieder uwessen. Et muss een an de nächste Minutte quasi iwwerall am Land domat rechnen, vun engem warnrelevanten Donnerwieder erwëscht ze ginn.

An der Ausnam kënnen d’Ugaben zur Warnung, déi op der Grafik stinn, och iwwertraff ginn.

Radar: RadarScope
Stand: 11.07.2023 – 17:36

11.07.2023 – 17-24

WARNUNG: Donnerwieder

gëlteg bis 11.07.2023 – 17:50

** gëtt verlängert falls néideg **

Bei Audun-le-Roman läit en Donnerwieder, wat de Moment enger Intensitéit vum ënnschten Niveau 1/3 entsprécht. Dëst kéint sech, änlech wéi dat vu virdrun bei Schengen, geschwënn séier verstäerken. Am Lafwee ass de Südweste vum Land, an duerno d’Haaptstad wann et sech net opléist.

Radar: RadarScope

11.07.2023 – 16:59

+++ Nowcast: All Moment weider warnrelevant Wiedere méiglech +++

Tëscht den zwee Feiler forméiere sech Donnerwieder, déi potenziell warnrelevant kënne ginn. Besonnesch op der westlecher Säit dovu schéngt es, wéi wann och mol superzelluläre Charakter am Spill wier. Opgepasst also a Saache Stuermstéiss a Knëppelsteng, wann en Donnerwieder opzitt.

Weider Warnungen zu jidderzäit méiglech

Radar: meteociel.fr

11.07.2023 – 16:44

WARNUNG: Donnerwieder
gëlteg bis 11.07.2023 – 17:10

** gëtt verlängert falls néideg **

Kuerz viru Schengen läit en Donnerwieder mat Knëppelsteng. Dobäi si Stuermstéiss vun tëscht 80 an 100 km/h méiglech, esouwéi Knëppelsteng bis 2 cm am Duerchmiesser.

Radar: RadarScope

11.07.2023 – 16:35

+++ Nowcast: Donnerwieder am äusserste Süden +++

Bei Yutz läit en Donnerwieder, wat a Richtung Nordosten zitt. Domat zitt et op de Südoste vum Land duer, sollt zu engem Deel awer och südlech laanschtzéien.

Westlech dovun, bei Audun-le-Roman, entsteet eng weider Zell, déi och als Donnerwieder kéint op Lëtzebuerg zéien.

Radar: RadarOmega

11.07.2023 – 16:17

+++ Nowcast: Donnerwieder komme séier méi no +++

D’Donnerwieder leie lo op enger Sträif vu Reims, Virginy, Bar-le-Duc – op d’mannst déi, déi aktuell kënne fir eis interessant ginn. Déi Zell bei Reims kéint tatsächlech grad eng Superzell ginn, well se um Radar verdächteg ausgesäit an e Knëppelsteen-Kär ausbild.

Mam aktuellen Tempo dierft et net méi grad eng Stonn daueren, bis et ukënnt. Besonnesch a Richtung Süde/Südoste vum Land fläit nach 20-30 Minutten, bis en Donnerwieder knapp laanscht-sträift. Sollt et westlech ausgräifen, da géif et och fir eis Grenz duergoen.

Radar: meteociel.fr

11.07.2023 – 15:40

+++ Nowcast: Donnerwieder a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee +++
11.07.2023 – 15:36

Iwwer Frankräich hu sech déi éischt Donnerwieder forméiert. Déi bis ewell kräftegst dovun zéie südlech un eis laanscht, bei Chaumont gëtt et de Moment esouguer schonn eng Superzell.
Am markéierte Beräich, also Troyes an alles westlech dovun esouwéi Châlons-en-Champagne, sinn Donnerwieder déi Stand aktuell op Lëtzebuerg duerzéien. Dës kënne warnrelevant sinn, mat Staarkreen, Stuermstéiss a Knëppelsteng!

Mol kucken, ob se bis heihin duerchhalen.

Radar: meteociel.fr