An dësem Artikel fannt Dir lafend nei Informatiounen iwwert d’Donnerwiederlag haut um Samsden. Aktualiséierung all 2 Minutten.
24.08.2024 – 22:02
Et besteet keng warnrelevanz méi. Merci fir Är Opmierksamkeet!
24.08.2024 – 21:43
Haaptsächlech op der franséischer Säit mat Uschloss un d’Saarland ass nach eng Donnerwiederwarnung aktiv. Dat mëttlerweil manner wéinst méiglechem Stuerm, mee méi wéinst gréissere Reenzommen a kuerzer Zäit. Et kann zu temporären klengen Iwwerschwemmunge kommen.
SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡
24.08.2024 – 20:54
E weidert Segment aus Schaueren an Donnerwieder zitt elo vu Westen hier an d’Land – an Tëschenzäit ass et d’Kalfront selwer, déi iwwert eis ewechzitt. E Wiederhiweis ass aktiv, ausser fir d’Nordspëtzt. Hei zitt elo nach e méi kräftegt Segment duerch, un dem et haaptsächlech zu punktuelle Stuermstéiss vu bis ëm 80 km/h ka kommen.
SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡
Stand: 24.08.2024 – 20:54
24.08.2024 – 20:19
Déi aktuell aktiv Warnungen an Hiweiser. Zumools d’Zell, déi grad am Raum Veianen ukënnt, huet weiderhin d’Potenzial fir 3 cm déck Knëppelsteng, deemno wéi driwwer. De Stuerm ass ëmmer nach am Fokus.
Aus Frankräich kënnt elo nach e weidert Segment eran, wat zwar ëmmer nach kräfteg ass, mee awer un Intensitéit verluer huet.
SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡
24.08.2024 – 19:58
h Zumools um westleche Rand vun dësem Polygon eloKnëppelsteng vun ëm 3 cm am Duerchmiesser, schwéier Stuermstéiss a Staarkreen!
SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡
Stand: 24.08.2024 – 19:57
24.08.2024 – 19:35
Am Raum Péiteng kënnt geschwënn en zolitt Donnerwieder un. Sollt et bis dohi näischt un Intensitéit verléieren, wiere Knëppelsteng bis ëm 3 cm am Duerchmiesser a Stuermstéiss vun 105 km/h ze erwaarden. Um weideren Zuchwee leien de RaumArel, Stengefort an Habscht.
Dës Zell muss am Aen gehale ginn.
SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡
24.08.2024 – 19:21
Déi éischt Akutwarnung vum Dag gëllt elo fir en Donnerwieder am Raum Esch Uelzecht. Et zitt a Richtung Stad, duerno Larochette.
Hannendru kënnt e gréisseren Donnerwiedersystem. Eventuell kommen ech mam Poste vun de Radarbiller net séier genuch hannendrun, dohier hei de Link zu de Live-Warnungen: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/
Opgrond vum villen Traffic kann de Site kuerzzäiteg net erreechbar sinn.
24.08.2024 – 18:56
Eng éischt kräfteg Schauerzell läit elo am Raum Konstem an zitt a Richtung Däitschland eraus. Nach goufe keng Blëtzer registréiert, kuerzzäitege Staarkreen ass awer dobäi.
Bei Châlons-en-Champagne an och Bar-le-Duc leien zwee kleng Donnerwieder-Komplexer, déi mat enger Vitesse vun 80 km/h an eis Géigenden ënnerwee sinn. Aktuell Radardonnéeën deiten op Stuermstéiss hin, bei Troyes goufen och knapp ënner 100 km/h vun enger Wiederstatioun gemooss. Et ass domat ze rechnen, dass déi éischt markant Zellen an ongeféier 60 Minutten un der Grenz zu Frankräich ukommen – weider Entwécklungen, déi dësen Zäitraum verkierze, sinn awer net ausgeschloss.
SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/
Stand: 24.08.2024 – 18:56
24.08.2024 – 18:01
Déi fir eis relevant Donnerwieder forméiere sech elo am Raum Troyes. Se zéien a Richtung Nordosten, also op Lëtzebuerg esouwéi och d’Saarland duer. Aktuell kënnt et ënnert den Zellen zu Knëppelsteng, Stuermstéiss a Staarkreen.
D’Zellen zéie séier vu Plaz. Innerhalb vun de nächsten 120 Minutten dierfte mir also definitiv eppes dovu gesinn. Haalt d’Warnungen am Aen! SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡
Radar: meteociel
24.08.2024 – 14:34
Déi neist Modellrechnunge confirméieren den Zenario, deen mir zanter virgëschter thematiséieren. Dohier gouf elo eng Virwarnung aktivéiert: Et ass mat engem Donnerwiedersystem ze rechnen, deen aus Frankräich an d’Groussregioun eropgezu kënnt. Am Fokus ass de Wand mat Vitesse vu 75 – 90 km/h, deemno wéi och 110 km/h. Knëppelsteng a Staarkreen sinn och méiglech.
Déi akut, lokaliséiert Warnungen erfollëge per SkyWatch, esoubal d’Donnerwieder a Reechwäit sinn. All d’Informatioune fannt Dir hei: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡
24.08.2024 – 10:18
🟠 Donnerwieder-Outlook: Nodeems et haut laang frëndlech ass, besteet vum fréien Owend un de Risk vun Donnerwieder oder och engem System, deen eiser Groussregioun aus Frankräich no kënnt. Besonnesch de Wand sollt een am Aen halen.
Ausféierlech Détailer am Outlook, direkt ënnert dem SkyWatch.