LIVETICKER zur Onwiederlag (Donnerwiedersystem) vum 29. Juni 2024

An dësem Artikel fannt Dir lafend nei Informatiounen iwwert d’Donnerwiederlag haut um Donneschden.

30.06.2024 – 01:04

Lues a lues komme Lächer an d’Reegebitt – et gëtt also lues a lues manner. De Modellrechnunge no soll eis an e puer Stonnen awer “neie” Reen aus Westen erwaarden. D’Gefor vu Stuerm a Knëppelsteng existéiert net méi. Bis ewell si punktuell bis zu 70 l/m² gefall, virun allem am Südweste vum Land.

Merci fir Äert Vertrauen an de leschte Stonnen! ⚡

Stand: 30.06.2024 – 01:04

29.06.2024 – 22:48

Immens staark Rotatioun virdrun net all ze wäit ewech vun Eschduerf (grob ageschat)! Well dat do en zimmlech däitlechen Dipol ass, wëll ech net ausschléissen, dass do tatsächlech en Tornado um Wierk war. All Informatioun ass wäertvoll! Där Verdachtsfäll hu sech elo schonn e puer Stéck ereegent.

Stand: 29.06.2024 – 22:47

29.06.2024 – 22:38

D’Stuermfront zitt elo e bësse méi wäit nërdlech a wäert folgend Géigenden, déi op der Kaart markéiert sinn, deemnächst erreechen. Punktuell si staark Rotatiounen an d’Front mat agelagert, entspriechend Phänomeener si LOKAL BEGRENZT net onméiglech.

Détailer: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

Stand: 29.06.2024 – 22:38

29.06.2024 – 22:10

Un der Stuermfront, déi grad am Süde vum Land läit, ginn et agelagert klengräimeg staark Rotatiounen. Eng entspriechend Warnung ass aktiv. En Tornado ass un dëser Front net ausgeschloss!

Stand: 29.06.2024 – 22:21

SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

29.06.2024 – 22:10

Eng méi breet Front mat Stuerm zitt elo iwwer gréisser Deeler vum Land ewech! Opgepasst: Beem an Äscht kënnen an d’Stroosse fléien. Vitesse bis ëm 100 km/h si plazeweis méiglech.

Stand: 29.06.2024 – 22:10

SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡

29.06.2024 – 21:56

E Beräich mat méi kräftegem Reen a Wand beweegt sech grad a Form vun engem Bou op d’Land zou. Mir gesinn hei de Geschwindegkeetsradar, op dem eben ofzeliesen ass, dass op där Linn stiermesch Wandstéiss a fläit och Stuermstéiss kënnen optrieden. D’Blëtzaktivitéit huet staark ofgeholl a méi eriwwer an d’Saarland gewiesselt.

SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡

Stand: 29.06.2024 – 21:56

29.06.2024 – 21:08

Dat éischt relevant Donnerwieder zitt deemnächst an d’Saarland eran, resp. eist Grenzgebitt zu Däitschland. Flächeg Staarkreen a punktuell Knëppelsteng a Stuermstéiss ze erwaarden.

Weider Warnunge sinn am SkyWatch aktiv: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡

Stand: 29.06.2024 – 21:08

29.06.2024 – 20:55

Et deet sech elo zimmlech séier zimmlehc vill. Den Oste vum Land geréit geschwënn an den Afloss vun engem Segment, an dem aktuell Knëppelsteng an eng massiv Shelfcloud beobacht ginn. Stuermgefor!

Hannendru kënnt dann den Haaptdeel op eis duer, deen wuel e groussen Deel vum Land géif betreffen. Och hei Stuermgefor, mee Risk vu Knëppelsteng e bësse manner héich.

SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

Stand: 29.06.2024 – 20:55

29.06.2024 – 20:39

Iwwerdeems de Bow-Echo, deen mir virdrun ugeschwat hunn, vun aneren Entwécklungen erëm “ënnerdréckt” gëtt, hu sech am Raum Metz nei Zelle forméiert, déi un hirer westlecher Säit och eng liicht nordwestlech Zuchrichtung drop hunn. Dës Zelle sinn nach e bësse méi “isoléiert” an droen e Risk vu grousse Knëppelsteng mat sech.

Déi lenks Warnung, déi mir hei um Screenshot vum SkyWatch gesinn, huet laut Radar Knëppelsteng vun 3 bis 4 cm am Duerchmiesser. Dohier sollt een déi méi genee am Aen halen.

SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⚡

29.06.2024 – 20:04

Un der Donnerwiederlinn a Frankräich goufen elo un e puer Statioune Stuermstéiss bis 90 km/h, deels och bis 130 km/h gemooss. Mam Bléck op de Radar gesi mir, dass sech de Moment e “Bow Echo” forméiert. Dëst ass eng Radarstruktur, déi op e Beräich mat Stuermstéiss bis hin zu schwéiere Stuermstéiss hiweist. Et ass a Richtung Nordosten ënnerwee a géif eis, Stand aktuell, och innerhalb vun de nächsten 2 Stonnen erreechen.

Well dat alles awer esou dynamesch ass, si nach gréisser strukturell Ännerunge méiglech. Dowéinst mol ofwaarden, mee Stand elo ass d’Potenzial fir Stuerm zimmlech héich.

Stand: 29.06.2024 – 20:05

Grafik: meteociel.fr

29.06.2024 – 18:56

De stäerksten Deel vum System befënnt sech aktuell am Raum Joigny, Auxerre, Troyes, Langres, Chaumont, Saint-Dizier, Bar le Duc. Dat südlech ass d’Front, nërdlech dovu si Superzelle mat der Gefor vu grousse Knëppelsteng aktiv, déi dann vun der Front “opgesaugt” ginn.

Virun e puer Minutten ass direkt ënnert der Front, zu Joudre a Frankräich, en Orkanstouss vun 130 km/h gemooss ginn. Dat heescht elo net, dass sech dat genee esou muss op Lëtzebuerg iwwersetzen – et weist awer d’Potenzial!

Radar: meteociel.fr

Stand: 29.06.2024 – 18:56

29.06.2024 – 17:51

Erausginn: Samsden, 29. Juni 2024 17:51
Gëlteg vun: Samsden, 29. Juni 2024 17:51
Gëlteg bis: Sonnden, 30. Juni 2024 00:00

Den Donnerwiedersystem forméiert sech aktuell iwwert dem zentralen/ëstleche Frankräich – e läit op enger Linn vu Nemours iwwer Auxerre bis erof an de Raum Belleville. Besonnesch bei Tennay, net wäit ewech vu Cosne-Cours-sur-Loire, forméiert sech de Moment en immens zolitten Deel. D’Wiedermodeller bleiwen dobäi a gesinn dëse System am Laf vum Owend a Richtung BeNeLux, Rheinland-Pfalz, Saarland a Baden-Württemberg zéien, spéiderhin, iwwert d’Lafzäit vun dëser Virwarnung eraus, kann de System op weider Deeler vum westlechen a mëttleren Däitschland ausgräifen.

Ënnert dem System ass generell mat Stuermstéiss vun tëscht 80 an 100 km/h ze rechnen, dozou kënnt markante Staarkreen vun tëscht 20 a 40 l/m² a kuerzer Zäit erof. Wa Knëppelsteng erofkomme, sinn dës 1 bis 3 cm déck. Ënnert de KRÄFTEGSTE SEGMENTER sinn Orkanstéiss bis ëm 120 km/h méiglech (fläit driwwer), Reequantitéite vu 60 l/m² oder méi a kuerzer Zäit (Iwwerschwemmungsgefor) a Knëppelsteng vu PUNKTUELL 5 cm am Duerchmiesser. Do wou dës Segmenter optrieden, ass nach net sécher – dat gesi mir kuerzfristeg.

Dës Virwarnung w.e.g net just spezifesch fir Lëtzebuerg opfaassen. Dëst ass eng iwwerregional Onwiederlag, mir MUSSEN d’Ausland mat abezéien.

29.06.2024 – 17:12

Déi aktuell Situatioun vun uewen.

BLOT GEBITT: De Reen, deen elo aus Süden erakënnt, huet nach näischt mam System ze dinn. A Richtung Saarland entluede sech, wärend ech dat hei schreiwen, och e puer Blëtzer. Dëse Reen zitt iwwert eis ewech, ouni groussen Effekt.

GIELT GEBITT: Aktuell aktiv Donnerwieder, déi net zwéngend mussen an eis Géigende kommen.

ORANGE: Den Donnerwiedersystem, also d’Haaptgeschéie vun haut, wat sech amgaangen ass ze forméieren. Eng Linn existéiert schonn mol, mee och virlafend forméiere sech aktuell e puer Superzellen. Stand aktuell kann et awer sinn, dass d’Donnerwieder e bësse Verspéidung kënnen hunn.

Satbild: EUMETSAT/DWD

Stand: 29.06.2024 – 17:45

29.06.2024 – 15:15

Op dëser Kaart fannt Dir déi aktuell Wäerter zum Taupunkt – dëse seet aus, wéi fiicht déi buedemno Loftschicht ass. Wat den Taupunkt méi no un der tatsächlecher Temperatur läit, wat d’Loft méi gesiedegt ass. A wéi mir gesinn, ginn d’Loftmassen am de Moien definéierte MODERATE RISK séier méi schmeier. Am Oste vu Frankräich ginn et esouguer Flecken mat engem Taupunkt vu 27°C, dat fillt sech tropesch un!

An anere Wierder: De Wee, deen de System duerno wielt, gëtt de Moment “preparéiert”. Aktuell sinn och schonn e puer schwaach Nidderschléi an der Regioun ënnerwee, déi awer nach näischt mam System ze dinn hunn.

Grafik: meteociel.fr

Stand: 29.06.2024 – 15:15

29.06.2024 – 09:50

🔴 Donnerwieder-Outlook: Vu NO-FR aus zitt den Owend e groussen Donnerwiedersystem eriwwer an Däitschland – et beaflosst also och eis. Ënnert de stäerkste Segmenter (wou exakt dat iwwert dat gesamt Risikogebitt verdeelt wäert sinn ass nach onsécher) kënnen zolidd Stuermstéiss, grouss Knëppelsteng an extreeme Reen optrieden.

Détailer dozou am Donnerwieder-Outlook.