LIVETICKER zur Onwiederlag haut um Dënschden, 18. Juni 2024

An dësem Artikel fannt Dir lafend nei Informatiounen iwwert d’Donnerwiederlag.

18.06.2024 – 23:58

Och iwwert der Mëtt vum Land kënnt et aktuell zu Neientwécklungen. Heescht also, dass deemnächst och Deeler vum Osten ënnert en Donnerwieder geroden. Punktuell ass mat Staarkreen a klenge Knëppelsteng ze rechnen, och de Wand ka stiermesch opdréinen.

Stand: 18.06.2024 – 23:58

18.06.2024 – 23:31

Mir musse nach eng Kéier kuerz op eng Zell kucken mat rotéierndem Opwand. Dës läit grad bei La Roche an der Belsch an zitt ganz knapp nërdlech un eisem Land laanscht, resp. sträift d’Grenz.

SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⛈

Stand: 18.06.2024 – 23:31

18.06.2024 – 22:40

Aktuell kënne mir beobachten, wéi Reschter aus Superzellen an aneren Donnerwieder virun eiser Dier “verclusteren”. Deemnächst ass iwwert dem Gros vum Land mat Blëtz an Donner ze rechnen. Oft ass et just Reen mat Gedimmers, plazeweis kann et awer duerch nach méi kräfteg agelagert Zellen méi markant ginn duerch zolitte Reen, stiermesche Wand a Knëppelsteng. Den Tornado- a Superzellerisk huet ofgeholl.

SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⛈

Stand: 18.06.2024 – 22:40

18.06.2024 – 22:10

Nërdlech vu Buzancy an der Belsch läit eng weider Superzell. Se zitt a Richtung Ost-Nordosten. Aktuell gesäit se net grad esou staark aus wéi déi am Norde virdrun, an awer sief drop opzepassen. SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⛈

Stand: 18.06.2024 – 22:10

18.06.2024 – 21:31

Weiderhin WARNUNG viru schwéierem Onwieder! D’Superzell zitt elo iwwert d’Nordspëtzt ewech, dat mam Risk vu gréissere Knëppelsteng, schwéiere Stuermstéiss, zolittem Reen an och engem Potenzial fir en Tornado. SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ 🌪

Stand: 18.06.2024 – 21:31

18.06.2024 – 20:51

D’Zell besteet weiderhin a läit elo bei Saint-Hubert. Se ass ënnerwee fir an d’Nordspëtzt vum Land, dorënner och Ëlwen. D’Détailer fannt Dir am SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⛈

Stand: 18.06.2024 – 20:51

18.06.2024 – 20:16

D’Superzell, déi bei Monthermé läit, ass ëmmer nach existent. D’Rotatioun schéngt awer e bëssen ofgeholl ze hunn, wat awer de Risk vun engem Tornado net op 0 dréckt. Am markéierte weidere Lafwee heescht et also oppassen, wann een dëser Zell begéint – dat och duerch gréisser Knëppelsteng a potenzielle Stuermstéiss ⛈

Détailer am SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

Stand: 18.06.2024 – 20:15

18.06.2024 – 19:39

Eng Superzell mat enger Struktur wéi aus dem Léierbuch läit de Moment bei L’Echelle, nordwestlech vu Charleville-Mézières. Se weist eng staark Rotatioun um Radar – en Tornado ass méiglech bis warscheinlech! Zitt se esou virun wéi elo, da kënnt se an de nächsten 30-45 Minutten am Raum Bouillon an der Belsch un.

Dës Zell huet virdrun bei Noyon en Tornado produzéiert! Et ass also keen ongeschriwwent Blat. Huelt dës Info eescht a warnt, wann et geet, Leit déi am Lafwee leien.

Radar: meteociel.fr

Stand: 18.06.2024 – 19:39

18.06.2024 – 19:08

🌪 Tornado-Hinweis:

Eng Superzell, déi bei Noyon en Tornado produzéiert huet, ass de Moment ënnerwee fir an eis Groussregioun. Um Radar gesäit ee kloer d’Rotatioun, wat heescht, dass d’Gefor weiderhi bestoend ass! Se zitt elo geschwënn tëscht Charleville-Mézières a Couvin duerch. Hoffe mir, dass d’Zell hir Eegeschafte verléiert.

Dëst däerf gär gedeelt ginn!

Radar: meteociel.fr

18.06.2024 – 18:33

Un der Zell bei Paräis, déi mir elo just an engem Post benannt hunn, huet sech en Tornado forméiert. 🌪

18.06.2024 – 18:28

Vu Nordwestfrankräich bis an d’Belsch an och an d’Äifel/Nordrhein-Westfalen eran läit de Moment eng Konvergenzlinn. Un dëser stréimen d’Loftmassen aus ënnerschiddleche Richtungen openeen, wouduerch d’Forméiere vun Zellen provozéiert gëtt.

D’Zell, déi mir virdrun ugeschwat haten, lieft ëmmer nach a läit elo nërdlech vu Laon. Se huet däitlech no riets ausgeschert, wat ënnersträicht, dass Rotatioun um Wierk ass. Och um Velocity-Radar ass dat ze erkennen a mëttlerweil gesäit een se och gutt um Satellittebild (net an dësem Post enthalen).

Eng weider kräfteg Zell läit knapp nërdlech vu Paräis, déi och a Richtung Ost-Nordosten virunzitt.
Sollten dës Zellen duerchhalen a sech verstäerken, ginn dës nach interessant an de nächste Stonnen. Mir halen dat Ganzt natierlech weider am Aen. ⛈

Radar: meteociel.fr

Stand: 18.06.2024 – 18:28

18.06.2024 – 17:18

Ronderëm Paräis forméiere sech elo esou lues Schaueren, déi deels Indicen dorop ginn, dass se sech zu Superzelle wëlle virunentwéckelen – kee Wonner, well se sech an e gënschtegen atmosphäreschen Environnement mat alle néidegen Zutaten beweegen. De Moment gëtt et dës Zell hei op der Grafik bei Noyon, anerer entwéckele sech grad westlech vu Paräis.

Dëst ass elo nach keen Onwieder a net vill, mee fläit ass dat den Trigger, dass sech deemnächst méi där Zelle kënne forméieren. Dëst géif dann och an d’Theorie vun deene Modeller passen, déi den Owend nach eppes fir eis berechnen.

Fir de Rescht gëtt et näischt direkt opfälleges Um Radar. Dohier “hänke” mir eis elo mol un dës Zellen, well ee bei dëse Konditiounen halt ni wees, wéi séier se onwiederaartëg kënne ginn. D’Zuchrichtung géif mol stëmmen, fir op d’mannst mol an d’Lëtzebuerger Géigend ze komme, wa se duerchhält.
Mir beobachten dat mol zesumme weider. 😁

Radar: meteociel.fr
Stand: 18.06.2024 – 17:16

18.06.2024 – 16:11

De Moment ass net vill iwwer Frankräich lass – iwwerdeems aus dem System, deen ënner Ofschwächung am spéidere Virmëtten iwwert eis ewechgezunn ass, fir sämtlech Superzellen iwwert der ëstlecher Mëtt vun Däitschland verantwortlech ass. Per DWD-App gouf och schonn den een oder aneren Tornado-Verdachtsfall gemellt.

Mir hunn de grénge Beräich, deen iwwer Frankräich agezeechent ass, ganz genee am Aen. Mir waarden drop, dass et zu nennenswäerte Quellunge kënnt – besonnesch a Richtung Zentralfrankräich. D’Konditioune si scheinbar alleguer perfekt, mee de Moment hält sech d’Entwécklung awer zréck – et passt aktuell wuel net grad alles. Et gi Modeller, déi nach eppes markantes fir den Owend bis an d’Nuecht era berechnen – mee et ginn awer och aner Iddien, déi besoen, dass de Funken soll ausbleiwen.

Sollt sech awer eppes an deem Beräich entwéckelen, besonnesch Richtung Zentralfrankräich, da kann dat séier zolidd ginn. Do iwwerlappe sech nämlech vill gënschteg Parameter. D’Zuchrichtung wier Nordost, also dann och interessant fir eis. Wann et muss sinn, komme bis an d’Nuecht eran Updates.

Satbild: EUMETSAT/DWD

Stand: 18.06.2024 – 16:11

18.06.2024 – 12:08

Dat éischt ass duerch, mee et huet sech, wéi déi eng baussestoend Berechnung et richteg ageschat hat, genee iwwert dem Land ofgeschwächt. Trotzdeem gi vu Plaze liicht iwwerschwemmt Stroossen eragemellt, tëschenzäitlech war et och lokal liicht stiermesch. Alles an allem huet et sech also nach a Grenzen gehalen.

Dëst war Phas 1. Wéi Dir awer opmierksam matverfollegt hutt, ass den Dag domat nach laang net gelaf. Op der Grafik gesitt Dir e grousse Beräich mat sonnegen Ofschnëtter, deen sech amgaangen ass weider an eis Géigenden auszebreeden. De Reen, deen elo gefall ass, verdonscht also erëm zimmlech séier. Et gëtt richteg dompesch, wat der Donnerwiederenergie an d’Kaarte spillt.

Am Nomëtte kënne spontan iwwert dem Norde vu Frankräich ganz punktuell Superzellen entstoen, déi dann och an eis Géigenden géife gezunn kommen. Wéi gesot – ganz isoléiert, näischt flächendeckendes. Wierklech interessant soll et dann awer erëm um Owend/spéideren Owend ginn: Berechent gëtt e grousst Potenzial vu Superzellen, déi vu Westen hier an d’Groussregioun gezu kommen. Un dëse wier d’Warscheinlechkeet vun zolitte Phänomeener däitlech méi héich wéi un de rezenten Donnerwieder.
Also: Mat Chance erliewe mir elo eng méi laang Paus, ier et dann den Owend virugeet. Mir bleiwe fir Iech um Ball! ⛈

Satbild: EUMETSAT / DWD

Stand: 18.06.2024 – 12:08

18.06.2024 – 11:10

De Kär vun der Zell läit elo net wäit ewech vun Aubange. Um Radar si liicht Signaler op Rotatioun ze erkennen. Sollt sech déi verstäerken, géif och den Tornado-Risk klammen. Détailer am SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

18.06.2024 – 10:26

Déi éischt akut Donnerwiederwarnung ass aktiv! Haaptrisiko: Schwéier Stuermstéiss an de markéierte Gebitter. Deemno wéi et sech entwéckelt, kann dës Warnung och op aner Landesdeeler ausgebreet ginn. Détailer am SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

18.06.2024 – 10:02

D’Zell ënnergeet ëmmer erëm e puer Ännerunge vun hirer Form. Stand elo ass se erëm méi wäit nërdlech ënnerwee. Radardonnéeë no ass dovun auszegoen, dass kuerz virun 12 Auer am Südoste vum Land mat markante Stuermstéiss ze rechnen ass. Maacht also alles stuermsécher, falls et dat nach net ass!

Am leschten Update hat ech jo gesot, d’Zell géif de Norden definitiv net treffen. Jo, d’Zell u sech geet laanscht, mee nordwestlechf dovun huet sech eng méi schwaach Front drun “ergänzt”. Dat ganzt Land wäert also vum System betraff sinn, mam Schwéierpunkt am Südosten.

Radar: meteociel.fr

Stand: 18.06.2024 – 10:03

18.06.2024 – 09:29

An Tëschenzäit kann een dovun ausgoen, dass et sech bei der Zell, déi bei Saint-Dizier läit, ëmt eng Superzell handelt. Se schert staark no riets aus, wat en däitlecht Unzeechen dofir ass. Duerch dat Ausscheren ginn déi nërdlech Deeler vum Land definitiv net vun dëser Zell getraff. Elo stellt sech d’Fro, ob den äusserste Südoste vum Land dovun erwëscht gëtt, oder ob et ganz knapp laanschtgeet an dann an d’Saarland zitt.

Egal wéi et kënnt, d’Zell wäert op alle Fall vun eisem Land ze gesi sinn. D’Aen ophalen ganz am Südosten, dëst ass eng warnrelevant Zell! Warnungen per SkyWatch esoubal se a Reechwäit ass: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

Stand: 18.06.2024 – 09:29

18.06.2024 – 08:48

Déi éischt Phas vun der Donnerwiederlag weist sech de Moment ganz gutt um Wiederradar. Bei Troyes läit elo, genee wéi vun de Modeller simuléiert (just e bësse méi fréi wéi geduecht), eng kräfteg Zell, déi deemnächst superzelluläre Charakter kann unhuelen. Opfälleg ass, dass se och liicht no riets ze “drifte” schéngt, wat en Indice dorop ass.

Se ass a Richtung Nordosten ënnerwee a géif eis, aktuellem Stand no, entweder am spéidere Virmëtten oder fréie Mëtten erreechen. Se ass nach am Entwécklungsstadium, mee wa se bis ausgewuess ass sinn déi schonn erwäänt Phänomeener méiglech.

Mir beobachten dës Zell elo weider a kucke virun allem drop, ob se net eventuell Zeechen vun enger Ofschwächung weist. Et gi nämlech och ganz vereenzelt Berechnungen, déi dës kleng Chance undeiten.

Radar: meteociel.fr

Stand: 18.06.2024 – 08:48

18.06.2024 – 07:35

Erausginn: Dënschden, 18. Juni 2024 07:35
Gëlteg vun: Dënschden, 18. Juni 2024 08:00
Gëlteg bis: Dënschden, 18. Juni 2024 14:00

Nei Kuerzfristmodeller passe mat den aktuellen Entwécklungen iwwer Frankräich iwwerteneen, wann och e bësse méi fréi wéi geduecht. Am Raum Sens ass sech amgaangen eng kräfteg Zell ze forméieren, déi geschwënn superzelluläre Charakter kann unhuelen. Se ass a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee. D’selwecht fir en anere potenzielle Kandidat, deen bei Tours läit. Elo muss beobacht ginn, ob se et bis heihi packen oder ob se éischter a sech zesummefalen. Am ausgewuessene Stadium si gréisser Knëppelsteng, schwéier Stuermstéiss an zolitte Reen méiglech. Um weidere Lafwee bis an Däitschland eran besteet un dëser Zell/dësen Zellen och en erhéichten Tornadorisk.

Hiweis: Ënnert enger Virwarnung versteet een, dass d’Konditiounen innerhalb an/oder ronderëmt déi agezeechent Géigenden favorabel sinn fir warnrelevant Wiedergeforen. Et kënne sech awer nach Eenzelheeten wéi Intensitéit an Zuchrichtung änneren.

18.06.2024 – 06:33

Den Donnerwieder-Outlook fir haut! Mir mussen tëscht zwou Phasen ënnerscheeden: Déi eng haut am fréie Nomëtten, déi aner den Owend/spéiden Owend. An der éischter kommen d’Zellen PUNKTUELL BEGRENZT vir, nach laang net all Mënsch am agezeechente Gebitt gëtt getraff. An der zweeter Phas kéint awer e gréissere System entstoen.

All déi Détailer fannt Dir am Outlook hei um Site, dir musst bis ënnert de SkyWatch erofscrollen: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ ⛈