Liveticker zur Situatioun mam Dauerreen/den Donnerwieder um Mëttwoch

Duerch eng Loftmassegrenz kënnt et de Moment queesch iwwer BeNeLux an Däitschland verdeelt zu Dauerreen. Dëst ass de Liveticker zur Situatioun, an deem mir dat Ganzt zesummen am Aen halen.

14.09.2022 – 21:09

+++ Aktuell: De Gros ass duerch +++

Et komme nach e puer klenger a manner staark Reegebitter aus westleche Richtunge no, de Gros sollt awer iwwerstaane sinn.

Eppes wat haut, obschonns et ganz oft betount ginn ass, mëssverstane gouf ass, dass déi wierklech warnrelevant Phänomener nëmme punktuell optrieden. Mir hunn bis ewell 4 Géigenden am Land, an deenen et tatsächlech méi zolitt gereent huet/an deenen et zu gréisseren Zommen inkl. Iwwerschwemmungen a Waasser an de Kellere komm ass. Dës sinn: de Beräich Heesdref ganz am äusserste Norden, de Raum Iechternach, de Raum Esch-Uelzecht an och e ganz schmuele Beräich beim Mariendall. Op dëse Plaze sinn an de leschte 24 Stonnen tëscht 40 an esouguer e Stéck méi wéi 50 l/m² Reen erofkomm – gemooss per Radar.

Iwwerdeems mir bei de Wiederstatioune nach op d’Donnéeën aus de leschte 24 Stonne waarde mussen, hei dann nach de Bléck op déi lescht 12 Stonnen: Un der Spëtzt ass d’ASTA Statioun vun Iechternach mat 46,8 l/m², duerno Wëntger mat 42,6 l/m². Hannendrun uschléissen deet sech d’ASTA-Statioun zu Reiler mat 40,2 l/m².

Zu Réiser sinn an de leschten 12 Stonnen 31,6 l/m² erofkomm, alleng tëscht 19 an 20 Auer waren et 29,4 l/m² (!).

De Rescht vum Land haat et an de leschte 24 Stonne mat 10 bis 20 l/m² ze dinn, punktuell e bësse méi. Am mannsten huet et ganz am äusserste Süden un der Grenz zu Frankräich gereent, am Raum Remeleng – a rare Fäll huet et 7 l/m² gereent, wann iwwerhaapt.

Warntechnesch huet also souwäit alles geklappt. All deenen, déi zu Materialschued koumen, wënschen ech Courage an dass geschwënn erëm alles ass wéi et war.

Radarbild: meteociel.fr

14.09.2022 – 18:47

+++ Strooss aus kräftege Nidderschléi erreecht de Süden +++

An dëse Minutte kënnt aus Westen eng ganz Nidderschlags-Strooss an de Süde vum Land eragezunn. Et wäert also elo och op Plaze naass ginn, déi haut nach quasi guer kee Reen gesinn hunn.
Genee wéi virun e puer Stonnen schonn am Norden oder och am Raum Iechternach, besteet elo och fir de Süde vum Land PUNKTUELL de RIsk vu klengen Iwwerschwemmungen, Aquaplaning an fläit och mol e vollgelafene Keller. Maacht op alle Fall lues, wa Dir mam Auto ënnerwee sitt.

De kräftegste Nidderschlag befënnt sech de Moment iwwert dem Südwesten a breet sech weider a Richtung Osten aus.

Radar: RadarScope

14.09.2022 – 18:05

+++ Aktuell: Weidere Reen aus Frankräich +++

Gudden Owend! Aus Frankräich réckt ëmmer nach e Batz Reen no. Bis ewell ginn et zwee Beräicher am Land, wou et zolitt gereent huet. Den een zitt sech vun Heesdref eriwwer bis op Hëpperdang, wou laut Radardonnéeën punktuell 40 – 50 l/m² Reen erofkomm sinn. Den zweete Beräich zitt sech vun ëstlech vu Konsdrëf riwwer op Iechternach, wou änlech Quantitéite gefall sinn. D’Wiederwarnunge sinn also op alle Fall berechtegt.
Am Rescht vum Land huet et nach net esou vill gereent, besonnesch am Südwesten ginn et Plazen, wou et quasi dréche bliwwen ass. Kuckt een awer op dat aktuellt Radarbild, da gesäit een, dass och do geschwënn mat Reen ze rechnen ass.

Meeschtens handelt et sech ëm normale Reen, nëmme punktuell begrenzt ka sech dann eppes entwécklen, wat vun de Quantitéiten hier an de warnrelevante Beräich goe kann.

Radar: meteociel.fr

14.09.2022 – 17:08

+++ Aktuell: Schauerstrooss ënnerwee +++

Iwwert dem Norde vu Frankräich huet sech an de leschte Minutten de Nidderschlag e Stéck verstäerkt an zitt wéi eng richteg “Schauerstrooss” a Richtung Ost-Nordosten virun. Dat heescht, dass d’Schaueren quasi direkt noeneen optrieden an esou op mannst PUNKTUELL fir gréisser Reenzomme suerge kënnen. Am Worst Case ass dann eben och erëm eng kleng Iwwerschwemmung/Flash Flood mat dobäi. Aquaplaning ass weiderhi méiglech.
Betraff wieren dës Kéier tendenziell Géigenden, déi südlech vun der Nordspëtzt leie bis hin zu an den déiwe Süden.

Radar: meteociel.fr

14.09.2022 – 16:30

+++ Dauerreen & Schliet: Den aktuelle Stand +++

An Tëschenzäit reent et zwar nach iwwert der äusserster Nordspëtzt vum Land, allerdéngs huet et sech an de leschte Minutten awer e bëssen ofgeschwächt. Wéi awer unhand vu Fotoen a Videoen ze gesinn, ass et punktuell zu klengen Iwwerschwemmungen an Aquaplaning esouwéi och Dreck an de Stroosse komm.

An de nächste Minutten gehei mir eist Aemierk op e Beräich iwwert dem Norde vu Frankräich, an deem sech weider Schaueren an och méi kräfteg Schliet am forméiere sinn. Dës zéien op Lëtzebuerg duer a kënnen dann och am weidere Verlaf op anere Plazen am Land fir änlech Phänomener suergen.

Radar: meteociel.fr

14.09.2022 – 15:25

+++ Hiweis viru lokalen Iwwerschwemmunge/Flash Floods fir de Norden +++

Eng ganz Linn aus méi kräftege Schliet an och mol Donnerwieder ass amgaangen iwwert de nërdlechsten Deel vum Land ewechzezéien. Hannendru kënnt nach genuch Reen no, soudass am markéierte Beräich an de nächste Minutten a Stonnen de Risk vu klengen a klengräimegen Iwwerschwemmungen/Flash Floods besteet. Aquaplaning & Dreck an de Stroosse kënnen d’Konsequenz sinn.

Radar: RadarScope

14.09.2022 – 14:43

+++ Ëmmer méi Schaueren an Donnerwieder an eiser Regioun +++

Wéi ugedeit forméiere sech elo erëm méi Schaueren an eise Géigenden, och Donnerwieder sinn dobäi. Kraachen deet et de Moment besonnesch an enger Sträif vu Buerglënster eriwwer iwwer Iechternach bis op Rouspert. Et kënnt zu Staarkreen, punktuell si Knëppelsteng méiglech.

Aus Weste komme weider Zellen eragezunn, déi zu änleche Phänomener kënnen uwuessen.

Radar: RadarScope

14.09.2022 – 13:37

+++ Den aktuelle Stand & Ännerungen +++

Gudde Mëtten! Nodeems virun allem un der Nordspëtzt vum Land, Beispill: Asta-Statioun zu Aasselbuer, bis de Moie fréi ëm 20,3 l/m² Reen zanter gëschter Owend 20 Auer erofkomm sinn, ass zanterdeems néiers wierklech vill Reen dobäikomm. Weider Plaze wou et méi gereent huet sinn zu Ettelbréck ze fannen, Bieréng a generell ronderëmt eis Haptstad.
Wa mir zréck op Aasselbuer ginn, dann ass de Gros vun dësem Nidderschlag tëscht 3 a 4 Auer de Moien erofkomm. Un der Wiederstatioun zu Schëmpech (och ASTA) ass et tëscht 2 an 3 Auer am naasste gewiescht, dat mat 13,7 l/m² a just enger Stonn – novollzéibar mat giel bewarnt.

Et huet eng Paus agesat, déi zwar ze erwaarde war, mee méi laang unhale kéint wéi eigentlech geduecht. Dës kleng Ännerung féiert dann dozou, dass et haut däitlech manner reene kéint, wéi déi meescht Modeller dat ugedeit haten. Bis ewell ware just verschidde Momenter am héije Norden bedingt warnrelevant, beim Rescht huet et sech ëmt normale Reen gehandelt.

Well awer weider Nidderschléi ënnerwee sinn a sech och mol nach Donnerwieder elo am Nomëtte forméiere kënnen, loossen ech déi giel Warnungen online. Wéi awer och schonn gëschter Owend betount ginn ass, sollt d’Warnung souwisou am beschte Fall nëmmen op déi allermannst Géigenden zoutreffen – wat jo, Stand aktuell, och esou war.

Radar: meteociel.fr