LIVETICKER zur Situatioun mam Stuermfeld & potenziellen Donnerwieder

An dësem Artikel fannt Dir lafend nei Informatiounen iwwert d’Stuermfeld & déi potenziell ustoend Donnerwieder.

22.02.2024 – 20:00

+++ D’Front ass all Moment duerch +++
22.02.2024 – 19:59

D’Kalfront ass all Moment duerch, dobäi si Stuermstéiss vu knapp 90 km/h opgetrueden. Et läit vill Dreck an de Stroossen an och Beem sinn ëmgefall – also weiderhin oppassen!

Dëst war déi éischt warnrelevant Situatioun mat eisem neie Warnsystem, SkyWatch! Merci fir de gudde Feedback. Ech si gespaant, wéi de System am Summer performed. 😁

22.02.2024 – 19:00

Wéi geet et nom Stuerm virun? Tjo… fläit gesi mir lokal erëm e puer Flacken.

22.02.2024 – 18:56

Et ass elo drop an drun, dass eis d’Kalfront erreecht a passéiert. Bis ewell goufe 89 km/h gemooss, zumools am Norden ginn et Stroumausfäll. Ob dat mam Wieder ze dinn huet ass ongewëss, mee et ass op alle Fall warscheinlech.

Hannert der Front bleift et zimmlech lëfteg, mee de Reen leet sech op alle Fall.

Stand: 22.02.2024 – 18:56

22.02.2024 – 18:27

Donnerwiederwarnung aktiv. Méi op der Warnsäit.

22.02.2024 – 18:10

+++ Den aktuelle Stand: Kalfront steet virun der Dier +++

Déi éischt Schauerlinn ass bei eis ukomm, déi éischt Spëtzte vu knapp 80 km/h gi gemooss (78 km/h un der Kachelmann- Statioun Stad-Pescatore). De Wand gëtt elo och weiderhi méi staark, an dat nach bis e Moment hannert der Kalfront.

UPDATE 18:13 Auer: Elo just erakomm sinn Vitessen vun 89 km/h vu Wolz!

Dës läit de Moment kuerz viru Charleville-Mézières a beweegt sech séier an eis Richtungen. Et sollt, wéi gesot, ronderëm 19h ginn bis se hei ass. Virun enger gudder hallwer Stonn ware nach eng Partie Donnerwieder drun aktiv, an Tëschenzäit huet d’Aktivitéit awer ofgeloss.

Mee: Dëst ass keng Donnerwiederlag, de Fokus läit um Wandfeld. An dat erreecht eis mat der Kalfront nach vill méi spierbar. 75 – 90 km/h sinn dran, d’100 sollten eng Ausnam sinn.

Radar: meteociel.fr

22.02.2024 – 16:54

+++ Den Iwwerbléck +++

Mir deelen an zwou Fronten op:

1: Et kënnt zu méissegem bis kräftegem Reen, deen déi éischt Stuermstéiss mat sech ka bréngen. D’Warscheinlechkeet, dass ech hei e méi zolidd Segment forméiert (inkl. Donnerwieder), ass net all ze grouss – mee ebe net ganz onméiglech. Dës erreecht eis an de nächsten 30 Minutten lues a lues vu Westen hier.
2: Zumools de nërdleche Beräich vun dëser Linn huet e gréissert Potenzial fir kräfteg agelagert Donnerwieder, de Risk vu Stuermstéiss ëm an iwwer 100 km/h ass am Beräich vun dësen am héchsten.
Et bleift elo ofzewaarden, wat genee sech un der zweeter Linn wäert forméieren. Dëst entscheed, ob mir déi “regulär” 75 – 90 km/h ofkréien, oder ob et PUNKTUELL BEGRENZT awer mol méi zolidd bei eis ka ginn, dat duerch 100 km/h a liicht driwwer. Op alle Fall sollt déi zweet Linn ronderëm 19h bei eis ukommen.

SkyWatch ëmmer aktuell hei: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ 💨

Radar: meteociel.fr, Edit: Météo Boulaide

22.02.2024 – 15:48

+++ Den aktuelle Stand +++

An Tëschenzäit huet sech eng Schauerlinn forméiert, déi op enger LInn vun Saint-Quentin, Paräis, Orléans an Châtauroux läit. Se zitt a Richtung Nord-Nordost bis Nordost virun a sollt eis Groussregioun an enger décker Stonn bis hin zu 1,5 Stonnen erreechen, falls näischt méi ännert. Un dëser Front si méi kräfteg Schauersegmenter dobäi, wat Donnerwieder ugeet konnt sech awer nach näischt op där Plaz duerchsetzen.
Et bleift dobäi, dass kuerz tëscht 75 a 90 km/h ze erwaarde sinn. De Worst Case wieren ëm 100 km/h, déi am Ëmfeld vun de kräfegste Schaueren oder och agelagerten Donnerwieder kënnen optrieden.

Warnungen: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/ 🌧💨

Radar: meteociel.fr