
Zumools gëschter war et jo schonn de Fall, mee dat widderhëlt sech an dëser Woch nach e puer mol – deemno wéi nach e bësse méi kräfteg.
Advertisement
Loftdrock-Géigesätz tëscht Nordeuropa an dem Mëttelmierraum
Iwwerdeems et haut liicht méi roueg ass, rechnen d’Modeller fir muer erëm mat méi spierbarem Wand. Zumools wärend dem spéidere Nomëtten ass mat Vitesse vun ëm 50 km/h ze rechnen, punktuell kéinten och knapp ënner 60 km/h optrieden – also ganz änlech wéi gëschter um Sonnden.

De Mëttwoch weist sech nach méi lëfteg, haaptsächlech wat d’Zäitfënster ugeet. Schonn vum fréie Virmëtten u gi Vitesse bis 40 km/h erreecht, am Nomëtte kënnen erëm Spëtzte vu bis zu 60 km/h optrieden. Et wäert zwar net iwwerall de Fall sinn, mee zumools op den héchste Koppen ass d’Warscheinlechkeet dovun erhéicht. Opfälleg ass den däitsche Modell, deen deels och mol nach méi kräfteg Wandstéiss berechent, mee dat bleift ofzewaarden.
Doduerch wäerte sech och eis Temperature méi niddereg ufille, wéi se sinn. Fir en Dënschde si bis ëm 14°C dran an e Mëttwoch 17°C. Desweideren dréit de Wand dozou bäi, dass déi souwisou schonn dréche Landschaft nach weider a méi séier ausdréchent.