Loftmassegrenz an de nächste Stonnen: Déi weider Entwécklungen

De Moment forméiert sech iwwert eiser Groussregioun eng Loftmassegrenz. Wat dëst fir eis bedeit, a wéi eng Onsécherheeten dëst mat sech bréngt, fannt Dir an dësem Artikel.

Grousswiederlag

An dëse Minutte forméiert sech eng Loftmassegrenz iwwert eiser Groussregioun. Zustaane kënnt dës duerch héije Loftdrock iwwert dem Südweste vun Europa an déiwe Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent. D’Héichdrockgebitt am Südwesten dréckt a Richtung Nordosten, d’Déif iwwert dem Osten dréckt a Richtung Westen. D’Resultat: eng schaarf Grenz un deenen gréisser Géigesätz optrieden. Duerch dës Géigesätz an duerch d’Loftmassen déi openeestréime kënne sech entlaang der Loftmassegrenz ëmmer erëm nei Nidderschléi forméieren, déi als Schnéireen a Schnéi erofkomme kënnen. Op e puer wéinege Plazen, déi ze niddrëg leie, wier et och erëm nëmme Reen. Op alle Fall sinn an enger Sträif vun der Belsch iwwert de Nordoste vu Frankräich bis eriwwer an den Alperaum déi meescht Nidderschléi ze erwaarden, op mannst an Zäit vun de nächste 24 Stonnen.


D’Grousswiederlag an der Nuecht op den Donneschden | Grafik: wxcharts.com, editéiert vu Météo Boulaide

De Verlaf & d’Onsécherheeten

D’Loftmassegrenz wäert och Lëtzebuerg beaflossen, dat ass sécher. Just gesinn déi eenzel Modeller ënnerschiddlech Zenarien – esouguer elo nach, wou d’Wiederlag manner wéi 12 Stonnen vun eis fort ass. Trotz den Differenze si se sech awer och méi oder manner driwwer eenz, dass am Westen an och am Südweste vum Land de meeschte Nidderschlag fale wäert.

Am Laf vum Mëttwochowend gëtt et no a no méi naass; dat léisst sech och gutt um aktuelle Radarbild vun 16:02 Auer erkennen. Mir geroden ebe lues a lues ënnert den Afloss vun der Loftmassegrenz. Am weidere Verlaf vum Owend solle sech d’Nidderschléi weider verstäerken, resp. se solle méi frequent optrieden. Eis Temperature leien agangs der Nuecht nach meeschtens am Plusberäich, dat bal iwwerall. Wat et méi spéit gëtt, wat déi méi kill Loftmasse sech no a no géint déi méi mëll Loftmassen duerchsetze kënnen. Bei all deem Nidderschlag deen erofkënnt, geet d’Warscheinlechkeet vu Schnéifäll, wat et méi spéit gëtt, an d’Luucht. Bis an de fréien Donneschdemoien era soll d’Schnéifallgrenz op 300 Meter zréckgoen, mam Abroch vun de méi kille Loftmassen um Donneschde selwer esouguer bis bal ganz erof. Iwwerdeems den amerikanesche GFS gesäit, dass sech de Nidderschlag schonn am Laf vum Donneschdemëtte verloosse soll, ass den ECMWF awer där Meenung, dass e sech deemno wéi bis an den Donneschdenowend bei eis hale kann. Dës sinn schonn zwou Differenzen, déi staark iwwert déi potenziell Nidderschlagsakkumulatiounen & d’Neischnéiquantitéiten entscheeden. Fir dass et bis ganz erof schneit (an och eppes leie bleiwe kann), misst sech beispillsweis d’Variant vum ECMWF duerchsetzen.


Aflossberäich vun der Loftmassegrenz | Grafik: wxcharts.com

Eng weider Onsécherheet ass déi, dass d’Modeller de Moment nach net richteg aschätze kënnen, wou genee d’Loftmassegrenz verlafe wäert. Iwwerdeems déi eng d’Grenz südwestlech vu Lëtzebuerg gesinn, sinn anerer der Meenung, dass se méi oder manner direkt iwwert eis Käpp verlafe wäert. Bei der éischter Variant géif sech de Nidderschlag wierklech haaptsächlech op den äusserste Südweste vum Land konzentréieren, bei där anerer Méiglechkeet hätte mir et op méi Plaze mam nennenswäertem Nidderschlag ze dinn. All dëst wäert warscheinlech leider just a Real-Time matzeverfollege sinn (Nowcast).

Berechent Schnéihéichten bis den Donneschdenowend

Nordhallschent & Koppen:

  • GFS: 2 bis 4 cm
  • ECMWF: 3 bis 7 cm
  • ICON: 4 bis 15 cm
  • ARPEGE: 2 bis 5 cm

Moyenne: 2,75 bis 7,75 cm

Südhallschent:

  • GFS: 0 bis 2 cm
  • ECMWF: 1 bis 3 cm
  • ICON: 3 bis 13 cm
  • ARPEGE: 0 bis 3 cm

Moyenne: 1 bis 5,25 cm