Loftmassegrenz e Mëttwoch: Afloss op de Beruffsverkéier oder éischter net?

Wéi schonn gewosst, erwaart eis an der Nuecht op de Mëttwoch eng Loftmassegrenz. Dës huet haaptsächlech duerch hire Risk vu geféierlechem Glëtz fir Schlagzeile gesuergt. Wéi et dem momentane Stand no fir Lëtzebuerg ausgesäit, gitt Dir an dësem Artikel gewuer.

D’Situatioun

E Mëttwoch leet sech eng Loftmassegrenz queesch iwwer Mëtteleuropa a verleeft vum nërdleche Frankräich iwwert de südleche BeNeLux-Raum bis an d’Mëtt & de Süde vun Däitschland eran. Verantwortlech dofir ass en Déifdrockgebitt, wat nordwestlech vu Portugal läit. Dëst schëppt fiicht, mee awer och mëll Loftmassen aus dem Mëttelmierraum & och dem Südweste vun Europa a Richtung Norden. Zur selwechter Zäit suergt e gréisseren Déifdrockkomplex iwwer Skandinavien & der Nordséi dofir, dass immens kill Loftmassen aus nërdleche Richtungen dem ganzen entgéintdrécken. Do wou mëll a kal openeentreffen, forméiere sech Nidderschléi. Eenzeg an alleng d’Temperaturen an den eenzelne Loftschichten entscheeden driwwer, wou Schnéi erofkënnt, wou geféierleche Glëtz a wou et nëmme reent.


Wéi d’Loftmassegrenz iwwerhaapt entsteet | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

An dësem Artikel kucke mir eis un, wéi et de momentane Modellrechnunge no fir Lëtzebuerg ausgesäit. Dëst ass den éischten ausféierlechen Update vun zwee, muer kënnt dann déi definitiv Prognos fir dësen méi komplizéierten Virgang.

Wou besteet déi gréisst Warscheinlechkeet vum geféierleche Glëtz?

Loftmassegrenze si meeschtens ganz schmuel Linnen, un deenen et op e puer Kilometer ukënnt, wéi eng Zort vu Nidderschlag vum Himmel erofkënnt – am Wanter op mannst mol. Nërdlech vun dëser Loftmassegrenz sinn déi kal Loftmassen ze fannen, südlech vun der Grenz déi méi mëll Loftmassen. Fest steet: am kale Beräich schneit et, am waarme Beräich reent et. Dotëscht gëtt et awer eng dënn Sträif, ënnert där de Nidderschlag duerch Temperaturen iwwer null an der Héicht als Reen erofkënnt. Trotz dëse méi waarme Loftmassen an der Héicht ass et um Buedem awer ëmmer nach gefruer, wat also heescht, dass sech de Nidderschlag a flësseger Form um gefruerene Buedem festsetzt. Esou entsteet eng potenziell geféierlech Situatioun duerch Glëtz.


Déi viraussiichtlech Andeelung vun de Nidderschléi | Grafik: Météo Boulaide

Wou dës méi geféierlech Zon mam Glëtz optrëtt, verleeft op engem schmuele Grat. Fest steet awer: dem Gros vun alle Modeller no soll dëse méi geféierleche Beräich definitiv südlech u Lëtzebuerg laanschtgoen. Glëtz ass iwwert dem nërdleche Frankräich bis an de Süde vu Baden-Württemberg (Däitschland) a spéider och an Deeler vu Bayern eran am warscheinlechsten. Och Stroossbuerg kann ënner Ëmstänn vun dësem Glëtz erwëscht ginn.

Dëse Glëtz kann de Modeller no och mol a gréissere Quantitéite wärend e puer Stonne falen. Sollt dat iergendwou geschéien, da kann een dovun ausgoen, dass am Verkéier net méi vill leeft. Et ka sech séier eng Couche aus Äis un alle méigleche Géigestänn ofsetzen, wat zu geféierleche Konditiounen zu Fouss an och am Autosverkéier féiert.

Süde vu Lëtzebuerg besser Chancen op Schnéi wéi d’Nordhallschent?

Mir wëssen jo elo, dass Lëtzebuerg de meeschte Modell-Léisunge no op der killer Säit vun der Loftmassegrenz leie wäert. Dat heescht, dass eis Temperature wuel am Minusberäich bleiwen. Wann et zu Nidderschléi kënnt, da schneit et. Dem momentane Stand no ass d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi an der Südhallschent awer tatsächlech méi héich wéi am Norden – klengt ongewinnt, mee bei dëser spezieller Wiederlag ass dat de Fall. De meeschte Nidderschlag forméiert sech jo un der Loftmassegrenz selwer – a well dës südlech vu Lëtzebuerg leie wäert, ass de Nidderschlag logescherweis méi no un der Südhallschent drun.

Iwwer wéi eng Schnéihéichte schwätze mir?

Kënnt et wéi d’Modeller et den Owend weisen, dann ass wuel mat Schnéifall ze rechnen, deen och leie bleift. Trotzdeem sollt ee sech dovun net all ze vill erwaarden: den Owesberechnunge no soll nämlech just tëscht engem dënne Flom bis hin zu 2 cm dovun leie bleiwen.


D’Schnéihéichten bis an den Donneschden eran. Hiweis: De Schnéi a Richtung Äifel ass kee frëschen, mee e läit schonn zanter enger gudder Woch | Grafik: wxcharts.com

Sollten d’Berechnunge muer de Nidderschlag nach méi wäit südlech gesinn, da kéint Lëtzebuerg esouguer quasi nidderschlagsfräi duerch déi ganz Geschicht kommen. Weideres gesinn mir dann, wéi gesot, muer am Laf vum Dag.