Loftmassegrenz e Mëttwoch: Stand aktuell bal 10 cm Schnéi u Nordspëtzt méiglech

Och d’Moiesmodeller gesinn duerch d’Loftmassegrenz, déi eis muer erwaart, kuerzzäiteg d’Potenzial fir kräftege Schnéifall. Nëmme kuerz drop geet en a Reen iwwer – tëschenduerch kann dëse sech als Glëtz weisen.

Advertisement

Waarm Loft dréckt sech erëm iwwer kill Loft

De Januar ass a bleift interessant: Wéi e Sonnde kuerz ugeschnidden, erwaart eis e Mëttwoch eng Loftmassegrenz. Dës kënnt doduerch zustanen, dass kill a fiicht Loftmassen aus Nordwesteuropa widder mëll an och fiicht Loftmassen aus dem Süden géinteneendrécken. Do, wou se widderteneentreffen, forrméiert sech eng sougenannt “Loftmassegrenz.


Waarm Loft leet sech iwwer kill Loft, well se méi liicht ass. De Loftmassenaustausch fënnt elo lues a lues vun uewe no ënne statt | Grafik: National Weather Service (NWS)

Vertikal gesinn dréckt do awer net eng waarm Mauer widdert eng kal: Doduerch, dass kill Loftmasse méi schwéier sinn, wéi waarmer, gëtt et fir d’éischt erëm an den ieweschte Schichte méi waarm, ier et dann och ganz um Buedem méi mëll gëtt. Heescht: Ufanks falen d’Nidderschléi als Schnéi, duerno gi se a Reen iwwer. Wärend dem Iwwergangsprozess ass och erëm Glëtz méiglech.

De viraussiichtleche Verlaf laut aktuellem Stand

D’Modeller waren an de leschte Leef zimmlech konsistent, an awer ass dëse Deel vum Artikel nach “just” als Moment-Opnam ze gesinn: Den aktuelle Stand vu ville Berechnungen ass deen, dass eis de Nidderschlag vun der Waarmfront vum fréie Nomëtte u lues a lues sollt erreechen – dat aus südleche Richtungen. Am Süde vum Land leien d’Temperaturen dann nach bei 2 bis 4 Grad, wouduerch am Ufank nach mat Reen ze rechnen ass. Sollten d’Nidderschléi dann awer no enger Zäit sou kräfteg ausfalen, wéi d’Modeller et berechnen, da kann et duerch déi sougenannt “Nidderschlagsofkillung” bis an de spéidere Nomëtten zu enger Korrektioun vun den Temperaturen vun op tëscht 0 an 1 Grad kommen. Heescht: Wärend d’Front sech schonn e gutt Stéck an de Norde virugeschafft huet, géif de leschten Deel vum Nidderschlag am Süden och nach esou just als Schnéifall erofkommen. Ob dann awer nach relevant Zomme kënne leie bleiwen, ass unzezweifelen. Méi dozou méi spéit.


De Nidderschlagsverlaf laut dem däitschen ICON-EU-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Méi interessant ass dëst awer fir d’Koppen: Schonn däitlech méi fréi leien do uewen d’Temperaturen tëscht 0 an 1 Grad, duerch déi ugeschwat “Nidderschlagsofkillung” gi se bis an de spéidere Nomëtten/fréien Owend eran esouguer op liicht ënnert de Gefréierpunkt zréck. Heescht: Schonn zimmlech vun Ufank un kënnt de Nidderschlag op iwwer 400 Meter als Schnéi erof, verstäerkt awer a Richtung Owend. Halen d’Modeller hir Konsistenz bäi, da kann dësen op alle Fall méi kräfteg ausfalen. Iergendwann tëscht 19 an 20 Auer weisen déi mëll Loftmasse ganz am Süde vum Land hiren Effekt, wouduerch de Schnéi a Schnéireen an dann a Reen iwwergeet. Am Norde sollt dat tëscht 21 an 22 Auer de Fall sinn, den Iwwergangsmoment ka sech duerchaus mol a Form vun e bësse Glëtz weisen.

Schnéihéichten a wichtegen Hiweis:

Mir gesinn op der Kaart hei uewendriwwer en Déifdrockkär. Den exakte Lafwee vun dësem Déifdrockkär ka vill ausmaache, wat déi tatsächlech Schnéiquantitéite betrëfft. Dohier sot ech, dass een dëst elo mol nach als Moment-Opnam soll betruechten, ier mir am weidere Verlaf déi definitiv Updates bréngen.


Déi momentan berechent Schnéihéichten laut AROME-Modell | Grafik: wxcharts.com

Stand elo si fir d’Koppen op iwwer 400 Meter Schnéiquantitéiten tëscht 5 a 9 cm zimmlech warscheinlech. Wat méi wäit a Richtung nërdlechst belsch Grenz, wat méi Schnéi. Am Guttland gi vun de Modeller tëscht 1 an héchstens 2 cm simuléiert, ganz laanscht den äusserste Süden/Grenz zu Frankräich an zu Däitschland, ass näischt bis héchstens en dënne Flom dran.

Markant Hin an Hier vun den Temperature begënschtegt glat Stroossen

Spéitstens géint Mëtternuecht erreechen d’Temperature laanscht d’Grenz zu Frankräich erëm bal 7 oder 8 Grad, am Norde geet et zögerlech op 2 bis 4 Grad. Bis an de fréie Moie kommen déi kill Loftmassen awer zréck, dozou awer méi spéit méi. Et kann ee sech awer virstellen, dass duerch de Schnéi, deen fir d’éischt schmëlzt an d’Waasser, wat dann erëm gefréiert, bis an de fréien Donneschdemoien eran glat Stroossen zimmlech warscheinlech sinn. Gläichzäiteg kann de Schnéi séier e Comeback feieren a sech am Donneschdevirmëtte vum Norden hier erëm zréck an de Süde schaffen. Mee wéi gesot, mir widmen dësem Deel e separaten Artikel.