Louisiana/Texas: Extrem geféierleche Kategorie 4 Hurrikan LAURA trëfft den Owend u Land

Den Hurrikan LAURA huet sech an Zäit vu nëmme 24 Stonne vun engem Hurrikan vun der éischter Kategorie zu engem Major Hurrikan vun der véierter Kategorie op der Saffir Simpson Skala entwéckelt.

Wandvitesse vun iwwer 250 km/h

Den Hurrikan LAURA ass de Moment Top Thema an der Wiederwelt, an dat net ouni Grond: en huet sech an Zäit vu nëmme 24 Stonnen enorm intensivéiert. Gëschter ëm dës Zäit war en als Hurrikan vun der éischter Kategorie klassifizéiert, dat mat engem Mëttelwand vun 121 km/h a Wandspëtzte bis 250 km/h. Wéi de National Hurricane Center den Owend eiser Zäit matgedeelt huet, ass d’Laura elo e “Major Hurricane” (Major = Kategorie 3 an driwwer) vun der véierter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala an areecht an der Moyenne Wandvitesse vun 225 km/h. An de Spëtzte bléist e mat bis zu 249 km/h. Kuckt een d’Wiedermodeller, da soll e sech op sengem Wee a Richtung Küst vu Louisiana/Texas weider verstäerke kënnen. En high-end Kategorie 4 Hurrikan oder eventuell niddrëg Kategorie 5 ka net komplett ausgeschloss ginn, genee wéi och Wandstéiss bis an d’Géigend vun den 300 km/h. Den Owend kuerz viru Mëtternuecht (hirer Zäit) soll de Stuerm u Land treffen.

Mat dobäi kënnt de Risk vun Tornadoen, déi zesumme mat Donnerwieder optriede kënnen, déi an d’Bänner vum Stuerm mat agelagert sinn.

National Hurricane Center bezeechent Stuermflut als “unsurvivable”

De National Hurricane Center vum nationale Wiederdéngscht National Weather Service warnt virun enger extremer, net iwwerliefbarer Stuermflut, wann ee sech net a Sécherheet bréngt. D’Waasser soll bis zu 30 Meilen, also 48 Kilometer wäit an d’Land erandrénge kënnen. Duerch d’Zusummespill vu Wand a Stuermflut soll d’Waasser op verschiddene Plazen 3 bis 6 Meter héich stoen. Mat dobäi kommen extrem Reequantitéite vun tëscht 100 an 250 l/m², deemno wéi och däitlech driwwer.