Lyriden: An der Nuecht op de Freide reent et Stäreschnäizen

Wéi all Joer am Abrëll geréit ee bestëmmte Meteorstroum erëm an de Fokus: deen vun de Lyriden. Déi meescht Stäreschnäize sinn an der Nuecht op de Freiden ze gesinn.

Iwwerdeems d’Wieder net esou spannend ass…

… ass wéinstens an de Nuechten eppes um Himmel lass. Wéi all Joer ëm dës Zäit areecht de Meteorstroum vun de Lyriden säi Maximum. De Stroum u sech ass ëmmer tëscht dem 16. an dem 25. Abrëll aktiv. Dëse Mount gëtt et also direkt e puer Nuechten, an där méi Stäreschnäize wéi soss iwwert eis Käpp huschen.

Schonn an der kommender Nuecht, also där op de Freiden, 23. Abrëll 2021, ass de Maximum ze erwaarden. Fir genee ze sinn ass de Maximum schonn haut de Mëtte géint 15 Auer – mee well dat matten am Dag ass, kënnt dëst éischter ongënschteg. Dohier: soubal et den Owend/an der Nuecht op de Freide ganz däischter ass, kann ee nach e bëssen eppes vun der héchster Aktivitéit matkucken.

Koméit als Ausléiser

Wéi bei all Meteorstroum si Koméiten fir dat reegelméissegt Phänomen verantwortlech. Vereinfacht gesot duerchflitt d’Aerd d’Stëbswollek vum Schwäif vun engem Koméit, wouduerch kleng Partikelen a Form vu Stäreschnäizen an eiser Atmosphär vergléien. E puer vun deene Partikle kënnen och méi grouss ausfalen, déi een dann als sougenannt “Boliden” um Himmel gesäit. Am Fall vun de Lyriden ass et de Koméit C/1861 G1 (Thatcher), deen all Abrëll fir déi interessant Stäreschnäize-Nuechte suergt.


D’Äerd duerchflitt d’Stëbswollek vun engem Koméit | Grafik: perthobservatory.com.au

Wéi kann ech d’Lyriden kucken?

Stäreschnäize gesäit ee mam bloussen Aen; se huschen an Zäit vun e puer Millisekonne bis hin zu e puer Sekonnen iwwert de Nuetshimmel. Wann een d’Wiederkonditioune fir den Ufank mol wechdenkt gëlt et, eng fräi Siicht a Richtung Radiant ze hunn – also op dee Punkt, wou d’Stäreschnäizen hierzekomme schéngen. Fir d’Lyriden ze kucke, muss ee sech um Stärebild “Lyra” orientéieren, op Däitsch “Leier” – wouhier d’Lyriden och hire Numm hunn.

D’Lyra ass net esou liicht ze fannen. Et soll ee sech a südlecher Richtung um hellste Stär orientéieren, der Vega – deen och Deel vum Stärebild ass. Wann et géint 22 Auer ufänkt, esoulues däischter genuch ze sinn fir d’Stäreschnäizen ze kucken, da steet d’Stärebild nach net wäit iwwert dem ëstlechen Horizont. Eréischt a Richtung Mëtternuecht steet d’Stärebild méi héich iwwert dem südlechen Himmel, wouduerch een dann am beschte Fall ongehënnert de Meteorstroum kucke kann.

Ee klenge Stéierungsfaktor gëtt et awer nach: de Mound hëlt zou, d’Phas läit wärend dem Maximum vun de Lyriden bei ronn 75%. E geet och eréischt ënner, wann d’Sonn erëm opgeet. Duerch d’Liicht vum Mound sinn d’Konditiounen zwar net schlecht, mee ebe net optimal.

Frequenz

D’Lyriden zeechne sech net duerch déi héchst Frequenz u Stäreschnäizen/Stonn aus. Bei gudde Konditioune kann een tëscht 10 an 20 Stäreschnäizen an der Stonn beobachten – fir ze vergläichen: de Meteorstroum vun de Perseiden, deen am August aktiv ass, bréngt heiansdo bis no un 100 Stäreschnäizen d’Stonn mat sech.

Wéi gëtt d’Wieder?

An der Nuecht op de Freide mécht sech de virausgesoten Héichdrockafloss ëmmer méi iwwert eis breet. D’Nuecht verleeft also dem no zimmlech roueg, dat mat just e puer eenzelnen a klengen harmlose Wolleken. Plazeweis sinn och lokal Niwwelfelder net ausgeschloss. Fest steet: gréisser Wollekefelder zéie net duerch, soudass d’Wieder kee schlechten Afloss op de Maximum vun de Lyride sollt hunn. Bei Temperature vun tëscht -2 an 2 Grad gëtt et awer erëm eng Nummer méi kill.