Lyriden: Et reent erëm Stäreschnäizen

De Moment gesäit een erëm méi Stäreschnäize wéi soss um Himmel. Kee Wonner: d’Lyriden sinn aktiv an erreechen an der Nuecht op de Samsden hire Maximum.

Iwwerdeems d’Wieder net esou spannend ass…

… ass wéinstens an de Nuechten eppes um Himmel lass. Wéi all Joer ëm dës Zäit erreecht de Meteorstroum vun de Lyriden säi Maximum. De Stroum u sech ass schonn zanter dem 14. Abrëll aktiv an dauert nach bis den 30. Abrëll. Dëse Mount gëtt et also direkt e puer Nuechten, an där méi Stäreschnäize wéi soss iwwert eis Käpp huschen.

De Maximum vum Meteorstroum ass an der Nuecht op de Samsden ze erwaarden, also vum 22. op den 23. Abrëll 2022. De genee berechenten Zäitpunkt wier den 22. Abrëll géint 21 Auer, wat awer nach net den optimalen Zäitpunkt fir eis ass. Dëst aus zwee Grënn: éischtens ass de Radiant vum Meteorstroum nach net iwwert dem fir eis siichtbaren Horizont an zweetens ass et wuel nach e bëssen ze hell. Soubal d’Nuecht selwer dann do ass, ginn d’Chancen däitlech an d’Luucht. An der spéiderer zweeter Nuetshallschent steet de Radiant wäit iwwert dem südëstlechen Horizont, am Stärebild Lyra oder och nach Leier.

Obwuel de Maximum also éischter fir den Freidenowend géint 21 Auer erwaart gëtt, huet een trotzdeem déi ganz Nuecht laang d’Chance, d’Lyriden ze gesinn.

Koméit als Ausléiser

Wéi bei all Meteorstroum si Koméiten fir dat reegelméissegt Phänomen verantwortlech. Vereinfacht gesot duerchflitt d’Aerd d’Stëbswollek vum Schwäif vun engem Koméit, wouduerch kleng Partikelen a Form vu Stäreschnäizen an eiser Atmosphär vergléien. E puer vun deene Partikle kënnen och méi grouss ausfalen, déi een dann als sougenannt “Boliden” um Himmel gesäit. Am Fall vun de Lyriden ass et de Koméit C/1861 G1 (Thatcher), deen all Abrëll fir déi interessant Stäreschnäize-Nuechte suergt.


D’Äerd duerchflitt d’Stëbswollek vun engem Koméit | Grafik: perthobservatory.com.au

Frequenz

D’Lyriden zeechne sech net duerch déi héchst Frequenz u Stäreschnäizen/Stonn aus. Bei gudde Konditioune kann een tëscht 10 an 20 Stäreschnäizen an der Stonn beobachten – fir ze vergläichen: de Meteorstroum vun de Perseiden, deen am August aktiv ass, bréngt heiansdo bis no un 100 Stäreschnäizen d’Stonn mat sech.

Mee spillt d’Wieder iwwerhaapt mat?

Déi astronomesch Fakten hu mir gekläert – mee dat bréngt eis näischt, falls d’Wieder guer net matspille sollt. A genee dëst ka wuel e Problem ginn: fir de Freidenowend si vill Wolleke virausgesot, dëst duerch zouhuelenden Déifdrockafloss. Mat vill Chance kann et mol kuerz ier d’Sonn erëm opgeet zu klenge Wollekelächer kommen, mee do sollt ee sech net drop verloossen.

Fir awer eppes vun de Lyriden matzekréien, kann een sech awer och schonn an dëser Nuecht op d’Sich maachen – bei engem gréisstendeels klore bis liicht wollekegem Himmel stinn d’Chancen däitlech besser.