Iwwerdeems et heiheem méi roueg gëtt, beweegt sech elo erëm en Zyklon op Madagaskar a Mayotte duer – ee Mount nom CHIDO, duerch deen méi wéi 100 Leit ëmt d’Liewe koumen.
Advertisement
Impakt fir de Weekend virgesinn
Momentan ass den DIKELEDI nach en tropesche Stuerm, mee e wäert sech bis den Owend eiser Zäit zu engem “schwéieren Tropestuerm” virunentwéckelen – wat am Atlantik den Equivalent zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie wier. E Samschdemoie läit e knapp virun der Küst vum äussere Norde vu Madagaskar, fir dann um Owend knapp nërdlech vu Sadjoavato u Land ze goen. Et ass mat duerchschnëttleche Wandvitesse vun 110 km/h ze rechnen, d’Spëtzte ginn op tëscht 140 an 160 km/h berechent.
No sengem Impakt am äussere Norde vu Madagaskar soll de Stuerm de momentane Projektioune no e Samschdenowend mat sengem Kär knapp südlech vu Mayotte laanschtzéien. D’Wandvitesse géife sech doduerch a Grenzen halen, an awer wiere bis ëm 100 l/m² Reen ze erwaarden. Et soll also bei wäitem net esou schlëmm ginn, wéi deemools duerch den CHIDO.
Am weidere Verlaf ass eng Verstäerkung iwwert dem Mozambique Channel net ausgeschloss, zumools den europäesche Modell deit op dës Méiglechkeet hin. Sollt et déi Léisung ginn, da géif de Stuerm südlech virunzéien a kéint dann fir de Südweste vu Madagaskar interessant ginn.