Madagaskar: Staarken Zyklon am Norden, Mosambik am Viséier

Wärend d’Saison vun den tropesche Wirbelstierm op der Nordhallefkugel viru gutt zwou Wochen op en Enn gaangen ass, ass elo en zolitten Zyklon am indeschen Ozean ënnerwee. Deeler vu Madagaskar, de Komoren a Mayotte leien am Aflossberäich.

Advertisement

Equivalent vun engem zolitten Hurrikan

Den Zyklon CHIDO ass am Moment den eenzegen Tropestuerm um Planéit a läit aktuell nëmme 430 Kilometer nërdlech vun der Küst zu Madagaskar. Aktuell produzéiert en duerchschnëttlech Wandvitessen vun 195 km/h, wat am Nordatlantik engem Hurrikan vun der drëtter Kategorie géif entspriechen.


Déi aktuell Positioun vum CHIDO a säi weidere Lafwee | Screenshot: zoom.earth

Viru gutt 24 Stonne war en awer nach en Tick méi kräfteg, säi Peak huet en en Donneschdemoie mat engem Mëttelwand vun 250 km/h erreecht bei engem Loftdrock vu just 929 hPa. Entspach huet dëst engem Hurrikan vun der véierter Kategorie, ganz no un der Schwell zur fënnefter Kategorie – dës läit nämlech bei 252 km/h.

Mosambik a Komoren am Viséier

De Stuerm sträift an dëse Minutte ganz knapp den äussere Norde vu Madagaskar a wäert muer de Moie géint 7 Auer eiser Zäit virun der franséischer Insel Mayotte leien. Vun do aus zitt en genee tëscht Mayotte an de Komoren duerch, fir e Sonndemoie viraussiichtlech am Raum Pemba am Mosambik unzekommen. E soll dann, esou d’Simulatiounen, nach e Mëttelwand vun 155 km/h hunn – dem Equivalent zu engem Hurrikan vun der zweeter Kategorie. Op dësem Lafwee kann den CHIDO zolitt Reenzommen vun tëscht 100 a knapp 400 l/m² produzéieren. Ze bedenken ass och d’Stuermflut, déi en un d’Küsten wäert drécken.