Mäerz bis ewell vill ze dréchen: D’Aussiichte fir déi nächst Zäit

Den immens naasse Januar schwieft engem zwar ëmmer nach am Kapp ronderëm, mee de Mäerz weist bis ewell en ze dréchent Muster op. Deemno wou a wéi kéint et den dréchensten zanter op d’mannst 13 Joer ginn.

Advertisement

Trotz de Schaueren ëmmer nach ze dréchen

D’Schaueren aus de leschte Stonnen an Deeg hunn eis net all ze vill bruecht, alleng un eise Wiederstatioune sinn duerch dës zu Baschelt grad emol 2,6 l/m² zesummekomm an 1,8 l/m² um Hareler Poteau. Op de ganze Mount gekuckt si mir an Tëschenzäit an der Gemeng Bauschelt bei just tëscht 6,2 an 8,4 l/m² ukomm, wat vill ze mann ass. Wärend eiser lokaler Referenzperiod tëscht 2012 an 2022 huet et duerchschnëttlech 45,3 l/m² an engem Mäerz gereent. Well de Mount geschwënn eriwwer ass, gëtt et scho mol sécher een vun den dréchensten an der ganzer Miessrei. De bis ewell dréchensten Mäerz gouf et an der Gemeng Bauschelt am Joer 2014, dat mat 10,4 l/m². Gëtt dëse Wäert also net iwwertraff, da kéint de momentane Mount e Statiounsrekord ervirbréngen.

Wa mir eis op d’Radardonnéeë vum däitsche Wiederdéngscht DWD bezéien, da gëtt däitlech, dass et zumools an de westlechen Deeler vum Land bis elo am mannste gereent huet. Dozou gehéieren d’Géigenden ronderëmt Biekerech mat grad emol tëscht 3 a 4 l/m². De meeschte Reen hate mir bis elo laanscht déi südlech a südëstlech Grenz zu Frankräich, tëscht 8 a 16 l/m² sinn an de meeschte Fäll gefall. Och un der Musel huet et punktuell ëm 10 l/m² gereent, iwwerdeems änlech Wäerter och knapp südëstlech vun Ettelbréck opgetruede sinn. E weidere Reen-“Hotspot” hu mir am äussere Nordweste ronderëmt Hamiville, dat mat 12 l/m².

Erkritt sech de Reen geschwënn?

Wa mir déi momentan Berechnunge vun de verschiddene Modeller vergläichen, da sinn déi meescht der Meenung, dass bis an den Abrëll eran keng grouss nennenswäert Zomme wäerten optrieden. Zwar baséieren déi nächst Zeilen op enger Moment-Opnam, an awer deit den amerikanesche GFS un, dass mir bis de 7. Abrëll, akkumuléiert gesinn, tëscht 19 a 40 l/m² ze erwaarden hätten – wat jo eigentlech nach akzeptabel wier.


Déi momentan Berechnung vum amerikanesche Modell bis den 8. Abrëll | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Modell gesäit bis de 6. Abrëll inclus tëscht 1 a 4 l/m² op eis duerkommen, héchstens bis ëm 8. A wa mir den Zäitraum bis den 28. Mäerz an d’Berechnunge vum däitschen ICON-EU kucken, da soll no dësem näischt bis héchstens ëm 1 l/m² erofkommen. Heescht also, dass egal op wat fir en Zäitraum bezunn, dës zwee Modeller och weiderhin vill ze dréchen ënnerwee sinn.


Déi momentan Berechnung vum europäesche Modell bis de 7. Abrëll | Grafik: wxcharts.com