Markant Stuermdéif um Méindenowend? – E Modellverglach (NET méi aktuell)

Haut kucke mir, ouni d’Intentioun d’Leit mat verschiddenen Horrornorichten opzedréinen, op déi aktuell Modellrechnungen zum potenzielle Stuerm, deen eis ufanks nächster Woch erwaarde kéint.

Däitsche Modell rechent mat Schnellleefer / Randdéif

Wéi Dir a verschidde Posts vu mir eventuell scho matkritt hutt, stellt sech d’Wiederlag ëm. Mir geroden ënnert eng zyklonal Westwiederlag, déi et erméiglecht, dass mir rem méi “ugräifbar” a Punkto Déifdrockgebitter a Stuermdéifer ginn.

Schon direkt um fréie Méindemoie soll sech iwwert dem Atlantik virun der Küst vu Portugal e Randdéif/Schnellleefer forméieren, wat/dee sech séier verdéift. E gëtt also méi staark a wäert viraussiichtlech e markant Stuermfeld forméiere kënnen. Dëst trëfft den aktuelle Modellrechnunge vum däitschen ICON no mam Stuermfeld virdéischt op déi franséisch Westküst, iwwerdeems de Kär méi oder manner iwwert den Ärmelkanal a spéiderhin an de Norde vun Däitschland eranzéie sollt. Um Wee dohin gëtt d’Stuermfeld och iwwert eis Géigende geschleeft, wouduerch och zu Lëtzebuerg d’Szenario vun engem Stuerm oder souguer schwéiere Stuerm net onméiglech ass. Och um Dënschde kann et, op mannst mol dem däitsche Modell ICON no, weiderhi stiermesch bleiwen.

ICON-EU (wxcharts.com)

ECMWF & GFS

Kuckt ee méi op d’Rechnunge vum europäesche Modell ECMWF, spillt dat virdrun ugeschwat Randdéif eng manner grouss Roll. Dëst soll e gutt Stéck méi südlech zéien an e manner groussen Effekt op Lëtzebuerg hunn. En Déif iwwert der Nordséi soll éischter d’Haptroll iwwerhuelen, wat eis an der Nuecht op den Dënschden e markant Stuermdéif brénge kéint.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass och méi oder manner der Meenung vum ICON. Um Méindenowend an an der Nuecht op den Dënschde soll Lëtzebuerg viraussiichtlech vun engem Schnellleefer erfaasst ginn.

Wéi géif dat Ganzt an Zuelen ausgesinn? Sëcher Wäerter kann ee nach net soen, et kann ee just Aschätzunge ginn. Wéi et momentan ausgesäit, si Vitesse vun tëscht 70 a 90 km/h zimmlech wahrscheinlech. Sollte sech déi markantst Berechnungen duerchsetzen, da kéint et och mol an d’Géigend vun den 110 km/h goen.

ECMWF (wxcharts.com)

GFS (wxcharts.com)

Wichtegen Hiweis

Dës Wiederlag ass extrem komplex a ka sech nach puer mol am gréissere Stil änneren. Dësen Text ass dohier net definitiv, mee soll eng Iddi iwwer dat aktuellt Potenzial ginn, baséierend op de neiste Modellrechnungen (Stand 24.01.2020 – 02:27h) – wat Grond genuch ass, Iech iwwer d’Entwécklungen um Lafenden ze halen.