Maskéiert Kalfront: Bléck op déi berechent geréng Schnéiquantitéite muer

Gëschter hu mir iwwert eng sougenannt “maskéiert Kalfront” geschwat a gekläert, wat dat iwwerhaapt ass. Haut kucke mir op d’Wieder, wat mir duerch dës Front ze erwaarden hunn.

Advertisement

Glëtz nërdlech vu Lëtzebuerg, bei eis éischter Schnéi

Vun der Nuecht op den Donneschden u verleeft eng maskéiert Kalfront vum nordwestleche Frankräich iwwer d’Küstegéigenden an der Belsch iwwer Holland bis ganz erop an de Nordweste vun Däitschland. Bis op ongeféier eng Sträif vun Essen & Bréissel erof kann et nach zu Glëtz kommen, wouduerch punktuell mol méi geféierlech Fuerkonditiounen am Verkéier optriede kënnen. Méi wäit südlech, also do wou och Lëtzebuerg läit, ass et awer wuel och an der Atmosphär ze kill dass de Glëtz eng nennenswäert Gefor soll ginn. Dohier gëtt vun de meeschte Modeller gerechent, dass eis muer um Donneschden tëscht 15 an 21 Auer éischter gerénge Nidderschlag passéiere wäert. D’Temperature leien an dësem Zäitpunkt gréisstendeels tëscht -2 an 1 Grad, dohier kënnt et gréisstendeels zu Schnéischaueren – op de nidderegste Plazen ass awer natierlech och Schnéireen net ausgeschloss.


Déi akkumuléiert Reequantitéite bis de Freidemoie fréi | Grafik: wxcharts.com

Vill Nidderschlag ass awer net an Aussiicht: De franséische Modell ARPEGE rechent mat grad emol bis ëm 1 l/m² deen erofkënnt, genee esou wéi den däitschen ICON, europäeschen ECMWF an och den amerikanesche GFS.

Trotz dësen éischter geréngfügege Nidderschléi klëmmt wärend dem Passage vun dëser Front de Risk vu glate Stroossen.